Ech muss emol eppes lass ginn: d’Rockhal ass deen allergréissten Schäissdreck. Ech hunn schon vill negativ Saachen héieren, vu Leit, déi emol eng Kéier do geschafft hunn, mee dat wëll ech hei elo mol net breed trëppelen – och wann ech deenen Leit dat gleewen, ech hunn jo keng Beweiser dofir – also erwähnen ech et just fir kloër ze maachen: meng Meenung vun der Rockhal ass keng gudd. Dass déi Meenung berechtegt ass, krut ech och gëschter Owend bewisen. Ech hat mäin Ticket fir de Nine Inch Nails Concert schéi brav op nin.com am Virverkaf bestallt, an wollt déi an der Oweskeess ofhuelen. Firdéischt sinn ech dunn bei d’Entrée “Press / NIN Fanclub” geschéckt ginn. Wéi ech do endlech bäi war, huet eng Kou mech firdéischt ugegranzt, ech misst mat hier an der Sprooch vum Louis XIV schwätzen, soss géing si mech net verstoen. Offensichtlech war hieren IQ awer esou niddreg, dass se mech och op Franséisch net verstanen huet. Also sinn ech dunn an déi Keess gaangen, wou d’Madame Fräschefriesser mech higeschéckt huet. Déck ugepisst, dass ech schon no zwou Minuten Rockhal een “parlez français!” un de Kapp geworf krit hat. An der Keess nierwendrun dunn, nodeems ech endlech bäi war, krut ech vun enger lëtzebuergescher Fra erklärt, dat wier déi Keess nierwendrun – also déi, wou ech grad war. Féck dech. “Ticket!” war dunn alles wat ech bei der Fräschefriesserin nach erauskrut, während ech meng Carte d’identité op den Dësch geklaakt hunn an dat huet se dunn och verstanen (nodeems déi lëtzebuergesch Fra hier nach anstänneg de Kapp gewäsch hat). Dunn sinn ech emol an d’Hal gaangen, wou ech nach relativ fir bäi eng Plaz krut (4. Rei). Ech war amfong nach déck gudd gelaunt – hey, ech war um NIN Concert! Ech hunn op de Joël gewaard, d’Virgrupp Mew aus Dänemark ass opgetrueden an huet gerockt. Dunn ass emol eng véirel Stonn laang Soundcheck gemaach ginn, an zwanzeg Minuten sinn d’Dampmaschinnen gelaaf. Wien brauch da scho Sauerstoff? Et war jo och esou gudd kal dobannen. Kaum koum den Trent Reznor op d’Bühn…
Jo, do fänkt et schon un düster ze ginn. Ech kann mech nach drun erënneren, wéi ech vun e puer Hierverbrannten ronderemgeschleidert gouf, iergendwou sinn ech nach e bëssen matgesprongen (mir ass och näischt anescht iwwreg bliwwen bei all de Fäischt déi ech an de Bauch krut) während den Reznor “Discipline” gesongen huet, an kaum hat ech gemengt ech wier endlech aus deem Pogokreess eraus, war ech och schon ab. Déi wahnsinneg Hëtzt, dat Hinanhiergeschleiders, d’Stroboskoper, den Damp – iergendeen (herno sinn ech em erem begéint, et war een briteschen Türsteher – dee privat do war, et war keen vun der Rockhal) huet mech opgefaangen an erausgedroen bei d’Protex. Mäi Schong hunn ech nach iergendwéi ubehaal, mee mäi Brëll war scho längst fort. Dunn louch ech dunn déi nächst Stonn mol op enger Brëtsch. An do sinn ech eréischt esou richteg sauer ginn. Well wat ech do alles héieren hunn, gleewt ee bal net. D’Rockhal huet eng Ventilatioun. Déi gëtt awer eréischt ugemaach, wann et wierklech net méi auszehalen ass dobannen. Soss kascht dat zevill Stroum. D’Rockhal huet och Dachfënsteren. Déi ginn awer aus Prinzip (watfir ee Prinzip och emmer) net opgemaach. Dat Ganzt goung esou wäit, dass d’Leit vun der Protex diskutéiert hunn, wien neess sollt zeréck an d’Hal, well keen et dobannen ausgehalen huet. Et war jo och nach haard. Esou haaard, dass ech am aneren Eck vun der Rockhal, duerch eng ganz Rei Betonsmaueren nach de ganzen Concert héieren hunn. An ech weess net, wéivill Leit eragedroen goufen während ech do louch. Mee anscheinend war et nach een extreem rouegen Owend.
De Concert war wierklech gäil. Also, déi lescht hallew Stonn während där ech ganz hannen am Sall bei der Dier stoung. Den Trent Reznor ass een absolut Genie, an ech sinn iwwerglécklech, dass ech dee Mann elo eng Kéier hunn dierfte erliewen. An säin “Hurt” ass live nach eng Kéier sou gäil wéi op CD. Do kann den Johnny Cash mat sengem Dreckscover doheem bleiwen. Mee trotzdem: an d’Rockhal ginn ech ni méi. Et gëtt keng Band, déi ech esou onbedéngt wëll gesinn, dass ech mer esouvill Schäiss nach eng Kéier géing undinn an den hieramputéierten Källef vun der Rockhal Geld an den Arsch stierchen. Voilà.
Leave a Reply