Joseph Rubinstein

by

Esou extreem verstéierend ewéi gudd gemaach sinn d’Biller vum Fotograf Joseph Rubinstein, déi een op senger Säit They Call Me Joe kann bewonneren. Hien selwer beschreiwt seng Konscht mat folgenden Wierder, déi et menger Meenung no genau op de Punkt treffen.

In photos of real death we feel too perverse, too indignant to explore them. It becomes very difficult to integrate those photos into the collection of stories in our minds. My goal is to create images that help us understand these stories, and maybe their relationship to ourselves.

I hope that this series disgusts, excites, engages, and disturbs us all just a little bit.

Tags

2 responses to “Joseph Rubinstein”

  1. Ech wees net. Nenn mech Konschtbanaus, mä ech fannen d’Fraen gesinn nach all ze “lieweg” an ze sexy aus. Et ass emmer een Arangement, den kenschtlech wierkt, e bessi wéi vun engem Massemörder, vun dem am “Hannibal” riets ass, den seng Opfer mat obwännege Blummebouqeten arrangéiert. Ech sinn net geschockt, fir mech wierkt alles ze kenschtlech, ze ästhetesch. An den Doud ass naischt ästhetesches.

  2. Ech muss dem anere Joël Recht gin. Ech hu mer sei Site ugekuckt, an ech fannen, dass seng Modellen all net ausgesinn wei wann se doud wären.
    Et leit um Maquillage, den fir mech mei op daat Esthetescht geht, wéi dass en eng Realiteit duerstellt. Eng Laich (an ech hu scho eng Partie Richtiger gesinn!!) huet glasech Aen(kann een mat Kontaktënsen an/oder mat deckflëssegen Aendrëpsen machen) an d’Haut verleiert no 1-2 Minuten all Lieven, d.h. sie huet kee rosa Ennertoun méi, mä si get gro. Wat eng Läich méi aal get, wat den Grondfarw vun der Haut méih gro/blo/greng gët.

    Nujee…mech duerf ee vir sou Fotoen net no mengem Avis froen, well ech eng déformation professionelle hun ;-)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *