[Spoiler vir déi éischt an zweet Episod vun der drëtter Torchwood Staffel.]
Wéi ech mer virun e puer Méint dem Russell T. Davies säi Buch ennerschreiwen loossen war, hunn ech déi puer Stonnen Wardezäit an der Schlaang mat de Leit ronderem mech geschwat. Dat eent woren eng Studentin vun der Cardiffer Uni an seng Mamm, an dat anert war en Mann em déi 30. De Mann huet eis dräi dovunner gezielt, dass hien an der neier Staffel vun Torchwood eng Statisteroll hätt – als Captain Jack Harkness. D’Produzenten hätten ee Mann vun der selwechter Statur ewéi den John Barrowman gebraucht, awer mat Glatz, well en op eng zimlech onschéin Art a Weis géing duerch d’Explosioun vum Hub eremgebuer ginn. Deemols duercht ech mer: du hëlls dat elo einfach als Wourecht un, an wann déi nei Staffel leeft gesäiss de jo dann op en dech ugeschass huet. Dass den Hub explodéieren géif an der neier Staffel, war zu Cardiff een oppent Geheimnis – wann een eng öffentlech Plaz (nämlech d’Roald Dahl Plass – also déi Plaz, ënnert där den Hub ass) komplett a Ruinen leet, ass dat halt net esou liicht ze verstoppen. Abee, gëschter ass dunn déi Folg gelaf, ewou den Jack eremgebuer gëtt. Op eng onschéin Art a Weis. An eng Zäit laang ouni Hoer. Ech weess net, wéi de Mann heescht. Mee emmerhin kann ech elo behaapten: ech hunn schon eng Kéier een ganzen Nomëtteg mam Jack Harkness verbruecht. Dass dat net den John Barrowman war, muss een jo kengem soen.
Huet de Captain déch wéinstens ugebaggert? ;)
Ah Merci, fir den Tipp, datt Torchwood rem leeft. Kee Merci fir de Spoiler.
Haha, nee. :))
Torchwood leeft dës Woch all Dag. Bal an Echtzäit, vu dass all Episod och effektiv de Wochendag ass. Sorry fir de Spoiler, ech hunn elo mol eng Warnung dragesat… Vu dass déi Explosioun schon e Méindeg war, duercht ech mer dat hätt elo souwisou jiddfereen gesinn… :/
Ech hun lo grad d’Explosioun gesin a fänken direkt mam Dag 2 un. Bis ëlo, zimlech gudd gemaat.
Sou, wéi ech dat verstinn, kënnt dann fir de Rescht vum Joer keen Torchwood méi? Schued.
Jo, dëst Joër ginn et just 5 Folgen. Mee wann se all sou gudd sinn, ass dat guer net esou schlëmm. Et kommen jo nach e puer DW Specials. An et goufen jo d’lescht Woch schon 3 genial Torchwood Hörspiller op Radio 4.
Pingback: sad autumn