Dat nennen ech Vakanz

Bern, Lausanne, Luzern, Montreux, Dagmersellen, Zürich, Locarno, Basel, … Et ginn net vill Plazen, déi ech elo nach an der Schwäiz muss gesinn. Et war net nemmen eng genial Vakanz, ech hunn och extreem vill iwwert dat Land geléiert – firwat Bern perpendikular Stroossen huet, firwat et a Stied ewéi Locarno Arkaden ginn, wéi déi Schwäizer Politik funktionéiert, asw. – ech hunn och Ecker gesinn, wou een als Tourist net higeet (et ass natirlech vu Virdeel, wann een mat Berner an Luzerner ennerwee ass). Déi nei Foto am Header ass zum Beispill d’Bar vum kornhauskeller, eng schick an extreem gudd Bar / Restaurant (d’Gedrénkskaart huet schon eleng sechs Säiten just Whisky – dat dierft jo e puer vu menge Lieser interesséieren). Relativ flott ass zu Bern och d’Turnhalle – eng al Schoul, an där d’Klassesäll an Kënschtleratelieren emgebaut goufen, an d’Turnhal an ee Café emgebaut gouf (mat der aler Arichtung – souguer d’Basketskierf hänken nach un de Maueren). A well ech jo Nationalreierdag “leider” verpasst hat, war ech dann e Samschdeg op d’Luzerner Fest, wou et och wäit iwwer 100’000 Leit an eng Tonn gratis Concerten gouf an um Enn een wonnerschéint Freedefeier vun enger halwer Stonn.

Wien also nach net weess, wou en dëse Summer soll an d’Vakanz goen: d’Schwäiz ass definitiv z’emfeelen. Tipp: wien gären Piscinen an Rutschbahnen huet, zu Pfäffikon bei Zürich gëtt et déi gréissten iwwerdeckten Schwämm an Europa mat 25 km², den Alpamare, vu wou aus een en plus eng wonnerschéin Vue op den Zürichsee huet. A wann der d’Geleegenheet kritt, schmaacht ee Luxemburgerli.

Published on

in

Comments

  1. Am Alpamare war ech 1992 a hun gudd Erënnerungen dorunner. Ech weess nach, datt ech do bal bei engem Tobogan dobaussen an enger Kéier eraus geflu war, hun ech direkt nach eng Kéier misste maachen. Ë flott Meedchen, dat méch mat engem Grapp Drauwen fiddert, haat ech awer net dobäi ;)

  2. Erausgeflunn war ech net, dofir ass eng Kéier een Bouw a mech gerannt well en wahrscheinlech geduecht hat en kéinnt och bei “roud” scho lass rutschen. Am Flottsten hunn ech de Thriller an Erënnerung, wou een zu véier duerch een komplett schwaarzen Tunnel donnert. :)

    Hehe. Déi Foto ass allerdéngs zu Locarno gemaach ginn beim Séi. :) Am Alpamare hätte mer just total iwwerdeiert Hamburger kritt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *