University of
Ech mengen et gëtt Zäit, dass ech mech mengen sëllegen Kolleegen vun der Uni uschléissen, an och emol een Artikel schreiwen wat gerad esou leeft bezüglech dem Recht vu mengem Liewen. Fänken mer vir un: ech hunn eng falsch Décisioun getraff. Déi falsch Décisioun war, net op Oxford ze goen, fir Publizistik ze studéieren. Well ech zanter Wochen just eppes sécher weess: ech wëll Publizistik studéieren. An de sécherste Wee dohinner ass fir mech fir 2010 unzemellen. Dat léist mer ee Joer wou ech guer net weess, wat ech soll maachen. Déi Entscheedung net op Oxford ze goen huet sech zwar virun e puer Méint richteg ugefillt, well ech onbedengt wollt zu Cardiff bleiwen. Ech war nach emmer ee Mënsch, deen net gären fort geet, an nodeems ech an zwou Primärschoulen war an dräimol de Lycée gewiesselt hunn, hunn ech einfach d’Flemm domatter ni méi laang ewéi zwee Joer op der selwechter Plaz ze sinn. A meng Alternativ zu Oxford war… Translation Studies zu Cardiff.
Respektiv ass et am Moment och nach. Wéi dat awer esou op briteschen Unien ass, brauch een zwou Referenzen – an do fänkt d’Saach u spannend ze ginn. Zwar hunn ech zwee Proffen, déi mer soten si géingen mer esou eng schreiwen, mä gemaach hunn se dat bis ewell nach emmer net. Eng Deadline gëtt et fir de Master net, mä eng Woch firdrunner umellen ass dann awer natirlech ze spéit. Während ech also op déi Referenzen waarden, kucken ech mer zanter Wochen un, wat et esou un Alternativen géif. Do gëtt et natirlech d’Uni Lëtzebuerg, wou ech schon eemol war, an de Master an der Luxemburgsitik kléngt nawell och ganz intressant. Dann gëtt et zu Auckland a Neuseeland eng gudd Uni, wou een och kann Creative Writing studéieren. Dat ass awer als Net-Neuseelänner bal net ze bezuelen. Ech hunn mer alles ugekuckt: Wien (déi hunn nach Magister), Cambridge (nujee), an esouguer d’Uni Reykjavík. Esou lues ginn mer einfach d’Ideen aus. A mengem Lieblingsland Schweden ginn et bal keng humanwëssenschaftlech Coursen op Englesch, a keng déi mech intresséieren. Ech hunn mech duerch Säiten a Säiten u Prospekter gelies iwwert Work & Travel, mä fir esou eppes brauch ee natirlech och e bëssen Startkapital. Jo, ech hunn mech esou guer informéiert iwwert TEFL, drop bruecht vun engem Kolleeg deen elo een Joer a Südkorea genau dat maachen geet – mee dat sinn alles Länner, wou ech net wëll hinn. EF ass flott, konzentréiert sech awer blöderweis op Sproochen déi ech längst kann, an och wann ech domatter kéinnt ee Joer op Montréal oder San Francisco wier dat um Enn nemmen Beschäftegung a géing mech net weiderbréngen.