Fir d’éischte Kéier zanter dem Web 2.0 weist dëse “neien” Medium säin ganzt politescht Potenzial. Op der Tehran Uni goufen Computeren vu Studenten kleng geschloen (Bild 34), Telefon, SMS an Satellitenkommunikatioun gouf geblockt. Mee d’Technologie huet et nuneemol un sech, dass een all Sperr kann emgoen. Den Stephen Fry héchstperséinlech veröffentlecht gëschter Owend d’Zougangsdaten fir ee Proxy, iwwer deen d’Iraner trotzdem kënnen op Twitter zougräifen. Esou kann d’ganz Welt aus der Prespektiv vun den Iraner live matverfollegen wat an der Demonstratioun geschidd.
Schéin a gudd, mee mir hei an Europa sinn jo awer total machtlos. Falsch. Esou ee Proxy kann jiddfereen opsetzen, deen e bëssen Ahnung vun der Matière huet. An wéi Twitter de Moien um 7 Auer soll fir 90 Minuten onerreechbar ginn well hieren ISP wollt um Netz schaffen, sinn d’Europäer an Amerikaner esou Stuerm gelaaf, bis NTT hier Arbëschten verluecht hunn, op 1.30 Auer iranescher Zäit muer de Moien. An fir et der iranescher Regierung esou richteg schwéier ze maachen d’Kommunikatioun z’iwwerwachen, kann een seng eegen Astellungen op Twitter esou änneren, dass een als Iraner ugewisen gëtt (Zäitzon an Plaz änneren). Ausserdeem gouf de Spieß emgedréit, andeems d’Websäit vum Ahmadinejad gëschter duerch eng DDoS Attack lahm geluecht gouf an nach emmer net ereechbar ass.
Natirlech stellt sech och eng aner Fro: huet eis westlech Gesellschaft net een komplett falscht Bild vun der Situatioun? Wouhier huelen mir d’Gewëssheet, dass de Mousavi d’Wahlen gewonnen huet? Jo, den Ahmadinejad ass an den urbanen Regiounen onbeléiwt. Dofir genéisst en um Land awer groussen Support. Oder éischter: huet e genoss. Well d’Revolutioun (esou lues ass et eng) huet sech längst aus Tehran eraus verbreet. Den Ahmadinejad mécht sech iwwerdeems ewech a Russland, an d’Wahlresultater ginn als “virleefeg” déklaréiert. De Wand dréit sech. Et ass nämlech mëttlerweil ganz einfach egal, wien wierklech d’Wahlen gewonnen huet. Hätt den Ahmadinejad wierklech näischt ze verbiergen, hätt en schon längst international Wahlbeobachter kënnen ruffen, déi d’Ziedelen frësch auszielen géifen. Wier en demokratesch gewielt, bräicht en net brutal op déi eegen Bevölkerung anzeschloen an op se ze schéissen – well e kéinnt jo ganz einfach beweisen, dass hien nunmol gewonnen huet. Wat hien awer elo erschafen huet ass eng Diktatur, an där Leit mutwëlleg vum Staat ermord ginn, d’Riede- an Pressefräiheet massivst ageschränkt ginn, an d’Demonstratiounsrecht de Leit radikal ofgesprach gëtt (d’Demonstratioun gëschter war jo bekanntlech vum Staat verbueden ginn). Och wann sech elo sollt erausstellen, dass hien d’Wahlen effektiv gewonnen huet: hien kann net méi President bleiwen, well de Mouvement esou ee Momentum ugeholl huet (an duerch d’Erschéissen an Ennerdrécken emmer méi ugestachelt gëtt), dass et net méi ze stoppen ass.
zu Den Haag verurteelt mam Friddensnobelpräiss ausgezeechent.
Ganz gudden Artikel, Bridderchen :) Endlech ass och emol ee méi kritesch mam Mousavi. ;)
Et ginn iwwrengs Politolgen déi schons dovunner ausginn dass den Ahmadinejad d’Wahlen gewonnen huet. Jhust eben vill méi knapps. Dat hätt awer da wuel sengem Image geschued, dass den Iran komplett hannert him a séngen Idee’en steet. De Problem ass och, an dat kennt hei an Europa och net esou eraus, dass d’Iraner éischter roosen mam Ahmadinejad sinn, well hien vrun 4 Joër versprach haat hier Wirtschaft erem an d’Luut zekréien, do huet hien awer komplett versoot an et geet de Léit nach méi schlecht wéi virdrun.
Zum Obama: Ech fannen et lächerlech wéi eng Positiounen d’Léit zenter senger Victoire vun him fuerdern. Bei all politeschem Event soll hien sech mellen a jiddereen ass iwwerascht wann hien dat net mecht. (Oh… firwaat huet den Obama sech net zu den Europawahlen geäusssert? Hmm… do goufen esouvill Rietsextremer eragewielt, do muss awer eng kommen…) Zumools firwaat soll den Obama dann elo och nach eppes zum Iran soen? D’Hillary Clinton, séng Ausseministesch, huet sech geäussert, den Joe Biden, säin Vize, huet sech geäussert an den Robert Gibbs, säin Press Secretary, huet e Statement vum wäissen Haus erausginn.
Eng Pressekonferenz vum Obama kennt wuel (mat e besschen Gescheck) momentan ganz liicht fir den Ahmadinejad spillen. An en plus, ass et jo komesch dass an den USA och nemmen Bush-Fanatiker nom Obama ruffen an da soen dass hien soll “méi haard” sinn fir d’Land a séng Frenn zebeschützen.
Ech hoffen jiddefalls dass déi “Obama, Obama” Riff bei allem wat ob der Welt geschidd do geschwenn ophaalen. Hien ass President vun den USA, net der Welt a wann 3 Léit aus sénger Regierung sech schons zu Wuert mellen, dann ass et gudd.
Den Don Dahlmann huet iwregens och en interessanten Text iwert den Mousavi bruecht: http://www.dondahlmann.de/?p=337
Mä dat meeschten dovunner hues du scho gesoot, an ech stëmmen der zou!
Dat heiten ass och interessant:
http://www.heise.de/newsticker/Geheimnisvolle-Statistik-Hinweise-auf-Wahlfaelschung-im-Iran–/meldung/140589