No villen Wochen Diskussiounen an Gewurschtels, an ganz vill Prokrastinéieren ass et endlech esouwäit: The Big Thread ass online! The Big Thread ass eng Zesummenarbëscht tëscht en puer Studenten vun menger (mëttlerweil fréierer) Uni, aus den (elo) zweeten an drëtten Joeren, déi Coursen am Creative Writing beleen (respektiv, a mengem Fall, beluecht hunn). D’Haaptleit dohannert sinn der haaptsächlech vun deenen, déi och schon bei der leschter Éditioun vun der University of Glamorgan Creative Writing Anthology am Editorial Board souzen. Den Alter vun den Auteuren erstreckt sech iwwregens vun 18 bis 38 Joer, d’Inhalter vun de Kuerzgeschichten werten also zimlech breet gefächert sinn. Den – villäicht komëschen – Numm kënnt vun engem Running Joke tëscht den involvéierten Leit: zanter Januar schreiwen mir eis per Facebook Messagen, bei deem et déi éischte Kéier drëm goung erauszefannen op et eng Limit géing ginn wéivill Messagen Facebook pro Thread zouléisst (et sinn der 1000). Mëttlerweil sinn mer beim fënneften Thread ukomm (dat heescht mir hunn eis bis elo eng 4600 Messagen geschriwwen). D’Titelen vun deenen Threads sinn all Kéiers “The Big Thread” plus iergendeen Ënnertitel (beim Véierten war dat zum Beispill: “fuck off back to Europe, Thierry”). Fir de Moment gëtt et eréischt eng Kuerzgeschicht vum Chris an eng vum Paul do ze liesen, mee de Site wert sech awer séier fëllen – emmerhin sinn mer zu ning Leit. Gidd also roueg emol laanscht kucken.
En Blog, wou een dann alt erem frou ass, daat et RSS ged. Kennt dir ierch w.e.g. op en Schreft eenegen an d’Greißt e bessi ropschrauwen? Esou mescht daat nämlech keen Spaß fir ze liesen. An daat soll een jo awer, liesen.
Soss: gudd Saach, wéider esou!
Ech hunn deng Kritik mol weidergeleet. Iwwert d’Schrëft schéngen mer eis eenz. Iwwert d’Gréisst gëtt lo ofgestëmmt. :)
Leave a Reply
Manage Cookie Consent
To provide the best experiences, we use technologies like cookies to store and/or access device information. Consenting to these technologies will allow us to process data such as browsing behavior or unique IDs on this site. Not consenting or withdrawing consent, may adversely affect certain features and functions.
Functional
Always active
The technical storage or access is strictly necessary for the legitimate purpose of enabling the use of a specific service explicitly requested by the subscriber or user, or for the sole purpose of carrying out the transmission of a communication over an electronic communications network.
Preferences
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
Statistics
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.The technical storage or access that is used exclusively for anonymous statistical purposes. Without a subpoena, voluntary compliance on the part of your Internet Service Provider, or additional records from a third party, information stored or retrieved for this purpose alone cannot usually be used to identify you.
Marketing
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.
En Blog, wou een dann alt erem frou ass, daat et RSS ged. Kennt dir ierch w.e.g. op en Schreft eenegen an d’Greißt e bessi ropschrauwen? Esou mescht daat nämlech keen Spaß fir ze liesen. An daat soll een jo awer, liesen.
Soss: gudd Saach, wéider esou!
Ech hunn deng Kritik mol weidergeleet. Iwwert d’Schrëft schéngen mer eis eenz. Iwwert d’Gréisst gëtt lo ofgestëmmt. :)