E puer Deeg virun de Wahlen weess ech also endlech wat ech wielen wëll. Mee verschidden Leit wëllen dat einfach net bekäppen. Ech kréien permanent en Ouer gemaach, ech misst d’DP wielen. Vu Leit, déi wahrscheinlech den Wahlprogramm selwer emol net gelies hunn. Wéi ech schon op Facebook an Twitter geschriwwen hunn: ech wielen keng Partei déi nach méi Geld wëll an d’Arméi stierchen an d’NATO fir eng gudd Saach hällt. Iwwerhaapt ass et mir ee Rätsel, wéi d’DP mat all deenen Milliounen Ausgaben déi op se duerkommen wann se hieren Programm duerchzéien et wëllen färdeg bréngen, keng Steieren ze erhiewen (well dat behaapt den Obama Meisch jo permanent). Tatsaach ass: de Wahlprogramm vun der DP huet mech guer net ugesprach. Si trieden weder fir meng Werter nach meng Idealer an. Ech hënneren keen drun, blo ze wielen. Mee et ass anscheinend “demokratesch” seng Bekanntschaften esoulaang ze bearbëschten bis se hier Meenungsfräiheet esou änneren, dass se d’Meenung vun der DP ass.
Spieren ech Sträit an der Casa Heles? Gutt sou! So ëm et! Op mech läuschtert e jo net!
Good choice, verstinn dech. Geet mer ähnlech. ;)
Wann all déi Leit, déi nemmen eng Partei wielen fir engem anren e Plaiséier ze man dat geifen sin loosen, geife mer secher all eng Iwerraschung erliewen. Ech hat et dest Joer och schwéier, zumool wou ech ewell am Osten wielen…
Dat war awer elo emol net esou op mäi Brudder bezunn. Ech schéngen just vill Liberaler ze kennen. -.-
Ech wielen jo och am Osten. Déi Lëschten waren schon bei der leschter Kéier Knascht. Den Osten ass halt näischt wert an der politescher Landschaft.