Ab haut ass dat offiziell meng léiwsten Applikatioun fir de Mac. Ech sinn jo scho laang begeeschtert vun deem Programm, wéi ee groussen Deel vun der Mac Community, mee elo wou ech mer déi nei Betaversioun installéiert hunn sinn ech total ewech. Elo kann ech net nemmen meng AIM, Windows Live, Yahoo! IM, ICQ an GTalk Accounts doriwwer benotzen (mat fënsterloser Kontaktlëscht an mat Growl, dat eleng war jo schon cool), mee och meng Twitter Timeline am Aan behalen an mäi Status änneren, ech kann am IRC chatten (hunn ech nach net getest) an – an dat begeeschtert mech am meeschten, well de Webinterface suckt gehierlos – ech kann och de Facebook Chat benotzen. Elo feelt just nach d’Integratioun vu Skype (dat ass e bësse wäit gegraff, ech weess), an ech sinn vollends glécklech. Eenzeg de Bug, dass d’Accounts emmer nees op “online” gestallt ginn nervt e bëssen, mä t’ass jo nëmmen eng Beta.
Op mengem Desktop gesäit et dann elo esou aus – schéin ënnderdeelt an déi normal IMen, Facebook an Twitter:
Adium
Published on
in
Comments
-
Huet Adium och Webcam-Support? Daat wier en Killerfeature fir esou een Programm. De Recht (außer Fensterloser Kontaktlescht, mee ech huelen un, daat dat op verschiddenen OSen einfach net geht) kann Pidgin nämlech och. An daat mam Facebook-Chat schon bessi méi laang. Waat ech zwar eng interessant Saach fannen, mee nie benotzen.
Ahjo, a wiesou hues DU schon Concept-Art zum Film zu dengem Buch, waat nemmen zur Halschent geschriwen ass? ;) An: gudden Museksgoût!
-
Hues du de Cover-Stream installéiert fir den CD um Desktop unzeweisen?
-
Wanns de Twitter a Facebook am Pidgin wëlls, muss de der Plugins noinstalléieren. ;P Webcamsupport hunn se fir d’Versioun 2.0 ugekënnegt, an funktionéiert am Moment just an Alphaversiounen.
De Roman ass färdeg a kënnt am September eraus. An den JJ Abrams schreiwt grad um Dréibuch. :DNee, ech benotzen Coversutra. Ech kéinnt net méi ouni dee Programm liewen.
Leave a Reply