DP géint Iwwerwaachung? Maacht d’Fënster op dann zidd de Witz.

Ech schwanken jo bekannterweis tëscht blo a gréng – net, well déi Parteien mech iwwerzeegen, mee well se halt a mengen Aan déi geréngsten Iwwel sinn. Mee wat ech méi iwwert d’DP liesen, wat ech emmer méi staark zu de Gréngen tendéieren. Well d’DP spackt nawell zimlech vill Schäiss a leschter Zäit. Mee de Wieler am grousse Stil uléien ass jo duerchaus normal. Ech verstinn esoulues all déi Leit, déi sech trotz Wahlpflicht weigeren hiert Kräiz maachen ze goen. ‘t ass dach ganz egal wat ee wielt, ‘t ass eng Partei méi falsch, korrupt an muechtgäil wéi déi aner.

Published on

in

Comments

  1. Ech gin der vollkomme Recht. Vun deene 4 groussen (schwaarz, roud, blo, gréng) ass eng sou auswiësselbar wi di aaner an di aaner Parteien sin ë Witz (besonnesch den/di ADR, kéng Ahnung, wat den Akronym am Moment bedeit).

    Ech méngen, ech huelen ë Wiërfel mat an d’Wahlkabinn oder ruffen eng Kéier haart: “So mol ee ‘Stop’!”

  2. “So mol ee ‘Stop’!” Dat ass den Hummer. Ech mengen, dat maachen ech. :D

  3. Haha, gutt Iddi mam Würfel. Allerdéngs nëmmen, well de Würfel just 6 Säiten huet, dee Moment ass all Zuel en Treffer fir d’Verännerung. ;)

  4. Et kann een och en D20 huelen an duerch 4 deelen. (Oder sou.)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *