Skip to content

Dead by April

Gëschter koum endlech hieren éischten Album eraus. Domatter sinn se elo offiziell meng nei léiwsten Melodic Metal Band. En plus sinn se aus Schweden. A schwedesch Musék ass bekanntlech déi Bescht, an all Genre. Och wann dem Chris eng mezzo-soprano Opernsängerin aus der Kungliga Musikaliska Akademien um Eurovision net passt.

4 thoughts on “Dead by April”

  1. Keng Äntwert ass, entgéint deem, wat vill Leit soen, iergendwéi awer, leider, keng Äntwert.
    Ech fanne, wann s de géint mech stëppels, kanns de wéinstens och op mäi Kommentar reagéieren.

  2. Nondikass. Ech war net ageloggt wéi ech geänwert hat (well ech et vum Handy aus gemaach hat) an Akismet huet wuel gemengt dat wier Spam an et geläscht (ech desinstalléieren dee schrottege Pluigin nees, en huet och dem pa seng Kommentarer geläscht). War mer blöderweis net opgefall dass mäi Kommentar geläscht gouf, sorry.

    Also:

    Jo, wann och haaptsächlech d’Operndeeler. Ech sinn duerchaus averstanen, dass hier Stëmm beim méi poppegen Deel zimlech komësch kléngt. Ech fannen et schon aleng cool, dass d’Schweden sech iwwerhaapt trauen eng Opernsängerin op den Eurovision ze schécken. Mäi Favorit fir den Eurovision wier amfong d’Norwegerin Tone Damli Aaberge gewiercht (ech géing mech net wierklech als Fan bezeechnen, mee seng Musék ass awer ze lauschteren), mee dat huet et jo leider net gepackt.

  3. Okay, also wann s du et gutt fënns, dann ass dat deng Saach.
    Ech selwer gesinn natierlech, dass et als Opernsängerin e gewësst Talent huet, mä et ass ganz einfach menges näischt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *