Piratepartei Lëtzebuerg

Et ginn elo och endlech Piraten hei am Land.

Published on

in

Comments

  1. Heinsdo geht et méi séier, wéi een mengt.

  2. Nach ë bëssen dürfteg, di Säit, mee nujo, a 5 Joer ka vill geschéien.

  3. Ech verstinn nach ëmmer die Obsessioun mat ‘Piraten’ net?

    Wat huet Politik mat Piraten ze dinn?

    Piraten sinn soit eppes kannereches oder eppes geféierleches.

    Wat ass Positives um Piratenimage? Fir Erwuessener, mengen ech lo.

  4. op d’gefor hin schon rem ze meckeren: ech hett mer weinstens en manifesto erwaard, ok et steet do dass dat alles kennt mee am moment steet op der seit eben glatt a guer neischt. insoufern: ok et gett eng nei partei gegrennt an dat wo schon sou zimlech alles un info dei et dozou gett. souguer fier den auteur ze fannen muss een sech duerch mindestens 3 links duerchklicken. inhalt plz

  5. Firwat gin eigentlech méng Kommentarer hei ëmmer verschléckt? Ech hat eppes geschriwwen, dat stoung och do, lo kommen ech zréck an ët ass net mi do. Dat ass mer schon eng Kéier passéiert.

  6. Grommel:
    Well déi Leit vun der Industrie an der Politik als Pirate gebrandmarkt ginn. Kaf der eng DVD, an dat éischt wats de gesäiss ass eng Warnung dats de méi schlëmm bestroft gëss wéi ee Kannerschänner wanns de et wohs der ee Backup vun där DVD ze maachen.
    Et ass een albekannten Prinzip: et benotzt een e Wuert dat géint ee geriicht ass, an gëtt em eng positiv Konnotatioun. Et ass wéi d’Hester am Hawthorne sengem Scarlet Letter, dat dem “A” eng komplett nei Bedeitung gëtt an et dann mat Stolz dréit.

    Serge:
    D’Manifest vun der PP gëtt et hei. A gëff deene Leit emol Zäit, si fänken jo eréischt un. Wann an e puer Méint nach emmer näischt do steet, dann meckeren ech mat. ;)

  7. Dir wëllt also just eng Partei fir Läit maachen, déi géint Copyright etc sinn??

  8. Jo. Och wann “géint Copyright” e bëssen zevill vereinfacht ass. Well soss keng Partei sech dorëmser këmmert (et steet jo mol a kengem Walprogramm, ausser an deem vun de *jonke* Gréngen, deen garantéiert ignoréiert gëtt wann et em Koalitiounsverhandlungen sollt goen).

    Wéi op der offizieller Säit steet. “The Pirate Party only has three issues on its agenda: Reform of copyright law, An abolished patent system, Respect for the right to privacy.”

    Déi Leit an der Politik hunn null, awer och wierklech guer keng Ahnung, wat leeft. Dofir gouf elo a Frankräich d’3 Strikes Gesetz gestëmmt, an dofir gëtt an Däitschland elo Zensur bedriwwen. Mir brauchen eng Partei, déi sech konkret mat deenen Saachen auserneen setzt an déi aner Parteien zwéngt sech domatter ze befaassen. Wann déi Partei sech doropper konzentréiert an sech dofir net em Immigratiounspolitik këmmert, ass mir dat nëmmen Recht. Vläit wiisst d’Partei jo doranner eran. Déi Gréng waren jo och emol eng Kéier eng Emweltpartei.

  9. während ech d’idee (zum deel an mat fiersicht) löblech fannen, froen ech mech jo zwar awer dat nemlecht wei och beim joel schon diskuteiert gett, wei kanns de eng partei erfollegreich opstellen wanns de keen rundumpaket hues mee, an hei muss een ganz eierlech sin, eng momentan obgebauschten randdiskussioun wells fierubrengen. wier et do net fill besser wann een sech geing gedanken machen wei een dei aktuell parteien dozou kritt fier hier astellung zum thema an hierem wahlprogramm matzedeelen an dat ass dann eben nach een weider critere wei een wielen geet ?

  10. Kléngt éischter wéi eppes fir eng ONG?

  11. Firwat muss dann eng Partei ë “Rundum-paket” hun? Wéi wir ët mol mat Politiker, di nët méngen mussen zu alles hire Pefferkär bäi zë léeen, mee just do de Bak opmaachen, wou së eng Ahnung vun der Matière hun? Ech fannen, dat kinnt d’Piratepartei mol als grousst Leitmotiv huelen, fir de Leit verständlech ze maachen, datt een séch vläit just ëm ë bestëmmtenen Beräich këmmert, mee do dann awer uërdentlech!

  12. ganz denger meenung, pa!

  13. denjclaude

    Ech mengen dat en Rundum-Paket net neideg ass.
    Beispiller gett et genuch, ehemoleg 5/6tel (aktuellen ADR) dei ugefangen hun mam Ziel 5/6 Penisounen ze kreien. Oder d’Bierginitativ dei just Deponie ob Haebicht wollt verhënneren an och prompt d’Gemengewahlen zou Mamer gewonnen hat.

    Allerdings muss et sech do wahrscheinlech em en Thema handelen dat den Grousdeel fun den Leit beschäftegt. Dat wier an der aktueller Lag (an wahrscheinlech och bei den nächste Chamberwahlen) d’Schoul oder d’Wirtschaft.

  14. dier sidd ierch schon bewosst dass der ierch mat äre beispiller grad selwer an d’bee scheisst ? si hu fleit sou ugefang mee si hun wei erwähnt dono en komplettpackage gemach. du kanns net do 80% fun der zeit rondrem setzen an keng meenung hun wanns de gewielt bass well dofier wielen ech dech net. an dofier well ech wessen weis de global denks well meiglecherweis geet mer all dat aanert wats du fier richteg hells guer net.
    an daat ass deen aner groussen problem deen ech gesin, eng partei wou d’leit alleguerten dra kommen just weint den drei sujeten fun der piratepartei .. watglift wat mengt der dann hun dei all dei nemlecht politisch ausriichtung oder motivatioun? ma wouhier dann, an sou eng partei wou ech net wees wat se herno maan wann se gewielt sin ma ech soen ierch ech wielen dei net ganz einfach egal ob mer hiert wahlthema gefällt oder net.

  15. > op d’gefor hin schon rem ze meckeren: ech hett mer weinstens en manifesto erwaard, ok et steet do dass dat alles kennt mee am > moment steet op der seit eben glatt a guer neischt. insoufern: ok et gett eng nei partei gegrennt an dat wo schon sou zimlech
    > alles un info dei et dozou gett. souguer fier den auteur ze fannen muss een sech duerch mindestens 3 links duerchklicken. inhalt > plz

    Mëtteg ;)

    Also, Jungs a Mädels, 2 Saachen ;) Nee, amfong 3:

    1. Mir fannen ët mega, dass elo schon esouvill Feedback do ass! Weider esou!
    2. Mir hunn de Site erréischt gëschter registréiert.. W.e.g., mir kënnen nët hexen!
    3. Ët ass ee Wiki. De Sujet interesséiert iech? Registréiert iech a sidd en Deel vun der Piratepartei! Waart nët drop, dass ëppes geschitt, rappt selwer eppes ëm!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *