Fuck you, Apple!

Während ech mech nach emmer froen, wat un dem iPhone sou cool soll sinn (mäin £60 Handy huet och onlimitéiert Internet an dat fir just £5 de Mount, en konnt schon Skype laang firum iPhone, an e kann och all deen anere Schnickschnack à la MSN Messenger, YouTube a Google Maps), gëtt d’Kritik ronderem den App Store fir den iPhone steteg méi grouss. Apple mécht sech jo bekannterweis schon zanter Méint komplett lächerlech an stellt emmer nees hieren komplette Mangel un Intelligenz ënnert Beweis. Elo huet et dann och Nine Inch Nails erwënscht: d’Applikatioun nin: access funktionéiert per Internet – an am grousse wäiten Internet ginn et natirlech moralesch verwerflech Saachen (also derer, déi Apple géint de Stréch ginn, wann et hinnen grad dono ass Moralapostel ze spillen). An den Trent Reznor ass verständlecherweis verdammt ugepisst.

You can buy The Downward Fucking Spiral on iTunes, but you can’t allow an iPhone app that may have a song with a bad word somewhere in it. Geez, what if someone in the forum in our app says FUCK or CUNT? I suppose that also falls into indecent material. Hey Apple, I just got some SPAM about fucking hot asian teens THROUGH YOUR MAIL PROGRAM. I just saw two guys having explicit anal sex right there in Safari! On my iPhone!
Come on Apple, think your policies through and for fuck’s sake get your app approval scenario together.

Published on

in

Comments

  1. Grommel

    Den iphone/ipod touch ass aneren mobiles meilenweit viraus. Den apps system ass genial an den interface wei emmer bei apple topnotch. Hal op mat soueren ;)

  2. Ech soueren net. Ech verstinn den Hype éierlech net. Ech gesinn jo schon an, dass deen Apparat schéi blénkeg ass an den UI schéi faarweg. Mee wann ech sou duerch den App Store browsen an mer och déi Top 100 Apps ukucken, do ass näischt dobäi dat fir mech iergendeen Sënn mécht. ‘t fällt alles an d’Kategorie: ass vläit witzeg ze hunn, mee ech vermëssen dat amfong och net, a wierklech benotzen géing ech et och net wann ech et hätt. An dofir soll ech dann och nach £30 Abo de Mount bezuelen?

    Ech ginn jo gären eppes besseren beléiert. An du schéngs jo do méi ze wëssen: also, wat huet deen iPhone dat en esou exceptionnel mécht dass déi horrend Käschten gerechtfertegt sinn an ech onbedéngt muss een hunn? Mäin Handy kann z.B. MMS (kann den iPhone net), en huet just 2 Megapixel (mäin huet der 3,2), an ech kann en un mäi Computer hänken an iwwert 3G Netz surfen (op den iPhone dat kann weess ech net). Okay, en huet kee Multitouch Display, mee ech verschmieren mer wéinstens net de Bildschirm. An en huet och kee GPS, mee Google Maps geet mer völlegen duer.

    Fir Lëtzebuerg ass den iPhone wahrscheinlech all anerem Handy em Meilen viraus. Mee nodeems ech elo hei zanter 3 Joer gesinn wat an der mobiler Welt alles esou méiglech ass (villäicht läit dat och un der tatsächlecher Konkurrenz, an net um Sandkëschtesträit vun dräi Operateuren déi um Enn souwisou genau dat selwecht ubidden). Hei kriss de Handyen wou se mech bei LuxGSM, Vox an Tango just domm ugekuckt hunn wéi ech dono gefrot hunn.

  3. – den iPhone/iPod ass en exzellenten mobilen Internet-Browser (ech kann just iwwert WLAN urteelen): Inhalten ginn gutt duergestallt, et kann een liicht per Multitouch zoomen, et ass einfach fir Formulairen auszefëllen, et ginn speziell iPhone-formatéiert Säiten, etc
    – Multitouch ass genial a super praktesch!
    – den Mail-Handling ass och exzellent mat der agebautener Applikatioun (zb GMail per IMAP)
    – Musek, Video a Photo ginn souwiesou top ge’handelt’
    – wat Apps ugeet, mir gefalen dës besonnesch (also lo déi die wirklech Sënn mat an net just Gimmicks sinn): den eReader, den Stanza, de Wikipanion, de Google Earth, den NYTimes, d’TEDtalks, en plus ginn et nach Tonnen sophistikéiert Spiller an Gadgets

    wat fir en aneren Handy kann do mathalen? Ausser à la limite Android-Handien, déi awer bäi wäiten net sou ofgeronnt a geschlaff sinn?

    fir ze fotograféieren hunn ech eng Digicam, déi schleit all Handy-Cam, an MMS brauch ech net

  4. D’Licence Agreement fir ee vun den leschten iTunes Updates besset och dass de iTunes net dierfs benotzen fir Rakéiten oder chemesch Waffen ze bauen…

  5. federico

    Gloda: ech hun och den Screenshot vun de Lizenzbestëmmungen gesin. An dann? Ech verroden lo kee Geheimnis wann ech soen dat déi Klausel a sougudd wéi all Lizenzbestëmmung vun Software steet déi an den USA gema gëtt, wann et sëch net grad em e Bildschirmschoner handelt. Ech hun de Paragraph schon x mol an sëlleg verschiddenen Programmer gesin, heiansdo steet déi Klausel souguer an de Lizenzbestëmmungen fier US amerikanësch Internetsiten. Genausou wéi dee Paragraph deen seet dass de Programm nët a Länner benotzt dierf ginn géint déi d’USA en Handelsembargo verhängt hunn.

    Op alle Fall verstin ech den iPhone Hype och nët. Vill vun de fehlenden Softwarefeatures déi den Thierry ugeschwat huet, wéi zB MMS, sollen zwar am nächsten Update och fier den iPhone kommen, ‘t ass e flotte Gadget, mais trotzdem. Vierun allem vun de Käschten ass et einfach Wahnsinn. A wann d’Eenzelkomponenten vum iPhone och sou séier de Geescht opginn wéi déi a mengem MacBook, da soen ech léiwer nee merci …

    Ech hu grad gemierkt dass den Toun vun desem Post vläit e bëssen ze granzeg riwwer kënnt. Pardon, ‘t ass nët sou gemengt mais ech wëll en lo nët méi frëschschreiwen :)

  6. dass d’marketingpolitik fum iphone scheiss ass do si mer ons eenz, par contre wat huet dat mam apparat selwer ze din ? en ass wei di meescht sachen fun apple duerchdesignt duerchduercht an en mecht en qualitativ heischwerteegen androck., den webbrowser an d’w-lan funktioun sin wi erwähnt 1a (dei kennen ech well ech en ipod touch doheem leien hun) genausou wei den mailclient.
    den bildschierm ass grouss an d’software ass userfriendly.
    mei erwaarden ech och eigentlech net an verstin doweinst duerchaus den hype. wees lo net genee wat fier en handy dass du hues mais ech hun dei fier mech typesch designeegenheeten fum iphone bislo nach emmer nemmen an nobauten gesin. (an domat mengen ech duerchaus och d’forme an den touchscreen quitte-que dass een dat fleit net gär huet, souwi d’webbrowse apllicatioun den itunes an den incorporeierten youtube etc)
    wann alles obeneen oofgestemmt ass an fonktioneiert wei et soll ass dat fier mech duerchaus en hype weert.
    an si mer mol eierlech sou weis de an den top 100 keng apps fenns deis de kinnst brauchen kanns de mer awer och net verzielen du breichst bspw deng 3,2 mp handycam wou den fokus sou schlecht ass dass dei opleisung der 0,000 neischt brengt.
    et ass eng spillerei wei eng aner natierlech kann een do keng seriösiteits criteren uwenden. (an fierwat ass mms wichteg ? daat ass dach souwisou an 2 joer ganz ausgestuerwen wann jiddereen bis en handy mat mailclient drop huet an et mei belleg ass seng foto ze mailen)

    an op d’gefoer hin unzecken: ech fannen et duerchaus ubruecht dat lues a lues den wilden westen am internet zreckgestufft gett, sou besonnesch gudd an cool wei deen emmer duergestallt gett ass en nämlech net. dass daat net d’aufgab fun enger firma soll sin ass allerdengs och kloer, par contre sollen se an amerika mol den fanger aus dem arsch kreien an ophaalen fier alles frun d’geriicht ze zeien an onmeiglech beträg fier onmeiglech topegkeeten ze gewannen. stil apple ass mer 5 mio dollar schelleg well ech duerch onzenseiert nin musek dem satan verfall sin.

  7. Wéi gesot, ech hunn och all d’Google Applikatiounen op mengem Handy. GMail benotzen ech zwar relativ selten, mee ‘t ass awer drop. Webbrowser hunn ech och (okay, den Opera a net de Safari, mee sou gudd ass Safari och net wierklech). An ech hunn en eegene Feedreader. Ech hunn ee Photo, e Video an e Musékbrowser, an fir en Handy sinn déi all méi wéi gudd genuch.

    Vläit gesäit den iPhone méi schick aus – och wann mech ee verschmierte Bildschirm géing ferm irritéieren. An vläit ass et gudd duerchduercht. Mee et ass esou verdammt deier fir iwwerhaapt emol een ze kafen, an dann muss een nach en horrenden Abonement bezuelen. Do froen ech mech: firwat soll ech en iPhone kafen, wann eng Tonn aner Handyen ginn déi dat selwecht (deelweis souguer méi) kënnen, an déi mech just ee klenge Brochdeel vum Präis kaschten? Just, well Apple dropsteet, an den Jobs een op Buddha mécht?

    Wéi stuft Apple dann de Wilde Westen am Internet zeréck?! Ausser, dass se eng Applikatioun net wëllen am App Store, déi anscheinend ee Lidd enthällt dat soll ee schlëmmt Wuert hunn, maachen se näischt. An dat ass absolut hypokritesch Zensur. Well éischtens ass dat Lidd guer net an der Applikatioun, zweetens kritt een d’Lidd am iTunes ze kafen.

    De Wilde Westen ass genau dat wat den Internet soll sinn. Well eigentlech bedeit dat dach nemmen: et gëtt keng Kontroll. Wann se bis ufänken den Internet ze kontrolléieren (a gottseidank schéngt dat jo dank dem EU Vote vu gëschter emmerhin e bësse méi onrealistesch) kënnen mer direkt apaken.

  8. wei gesot fier mech ass et och eng saach fun software zesummenhang an qualiteit, ech sin net obedengt DEEN geek mee ech behaapten mol dass ech mech auskennen, an ech hat nach keen handy wou wierklech alles sou wor dass ech gesoot hun et ass 100% gelongen ausser eben um ipod touch deen a priori relativ no um iphone misst sinn ? falls ech mech ieren muss ech natierlech alles zreckhuelen. dobei ass et mer net sou wichteg dass di handyen alleguerten dat nemlecht machen kennen, mais fillmei WEI se et machen. an d’geschmiers hellt sech eigentlech a grenzen wells de dat relativ oft erwähnst, bzw du muss zougin dass wanns du dat argument einfach op der seit leiss well et dier net gefällt dass de schomol een deel fum hype einfach faallen leiss gell :D ? dass fleit net dei revolutionär nei bedienungsart dei se gären hetten dass et wier mee hei gellt alt och rem am verglach zu aneren sachen dei ech schon ausprobeiert hun ass et rem mei duerchduercht an et passt alles.

    den heigen preis ass nemmen gerechtferdegt falls an der produktiounslinn keen ausgebeut gett an daat gleewen ech einfach net insofern kann ech do nemmen zoustemmen den preis ass hierresseg. mais wi gesoot ännert fier mech neit drun dass d’hardware/software an sech cool an gelongen ass.

    zum wilden westen soufill: et huet eng ursaach fierwat den wilden westen relativ schnell ausgestuerwen ass deemols.
    mech geing et net steieren wann et keng kannerpornoen mei gingen ginn an wann een nemmi einfach sou keint programmer an filmer rooflueden. an wann net den internet ging zesummen briechen um 90% spammailtraffic … etc
    verstin net wat un keng kontroll soll sou schein sin, am richtegen liewen si mer och frou dass mer net well duerch den busch laafen an komesch kärlen bis an ons haus rakrauchen an ons falschen viagra verkaafen.

  9. Den iPod Touch ass fir dat wat en leescht net ze déier. Sou eppes fënns de soss néirens.

    Den iPhone ass en effet net ganz bëlleg, mee wanns de en fir 0 Euro mat 50 Euro/Mount Flatrate kriss dann ass dat nach ok.

    Wat Kontroll oder net-Kontroll vum Internet ugeet, dat ass en onendlecht, an komplext, Thema …

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *