Skip to content

Inception

De Christopher Nolan schafft jo bekannterweis zanter kuerzem intensiv un sengem Scifi-Actionfilm, deen am Juli 2010 soll an de Kino kommen. Zwar gëtt de Plot ultrageheim gehalen, mee d’Schauspillerlëscht fëllt sech awer esoulues: nom Marion Cotillard, Ellen Page, Cillian Murphy an Leonardo DiCaprio stéisst elo nach ee grousst Talent zum Cast derbäi, den Joseph Gordon-Levitt, deem säi Film 500 Days of Summer dëse Juli uleeft. Mir ass et mëttlerweil ganz egal, em wat et an deem Film goen wert. Bei souvillen gudde Schauspiller ginn ech mer dee Film egal wéi ukucken.

2 thoughts on “Inception”

  1. De Michael Caine huet confirméiert, dass en och eng kleng Nieweroll iwwerhuele wäert. Falls dat dech dann nach méi kéint dofir begeeschteren.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *