Och dëst Joer erem zélébréiert d’UNESCO hieren World Book and Copyright Day, woufir ech fënnef Bicher virstellen wëll, déi mech ganz besonneg beandrockt hunn.
If Nobody Speaks of Remarkable Things vum Jon McGregor
E Buch, dat ech eng Kéier vu menger klenger Lieblingsterroristin un d’Härz geluecht krut, an dat genee esou schwéier ze beschreiwen wéi et schéin ass. Et gëtt keng grouss Geschicht erzielt – amfong geschidd ee groussen Deel vun der Zäit guer näischt, a genau dat mécht dëst Buch aus. De McGregor beschreiwt d’Alldagsliewen vu Personnagen op enger Strooss zu London, an all hierer wonnerbarer Banalitéit. Hien bréngt et färdeg, eng Gläichzäitegkeet ze beschreiwen, déi soss nach keen esou wonnerbar agefaangen huet. Net alles ass perfekt an dëser Welt – an engem zweeten Handlungsstrang beschreiwt en d’Geschicht vun enger Fra, déi eppes mat sech ronderem dréit, vun deem een eréischt um Enn erausfënnt, wat et ass. An och an der Strooss selwer ass net alles schéin – lues awer sécher beweegen sech déi eenzel Momentopnahmen op een Ereegnis zou, dat sech mat dem éischten Kapitel verbënnt, an een dat Buch esou bal net vergiessen léisst. E bëssen ewéi een Dram, deen een nach wochelaang am Kapp behällt.
The Sea vum John Banville
Bal genausou poetesch wéi dem McGregor seng Sprooch ass dem Banville seng an dësem mam Man Booker Prize ausgezeechnete Buch. E Mann geet no ville Joeren, nom Doud vu senger Fra, erem op déi Plage zeréck, wou en als Kand eng traumatesch Vakanz verbruecht huet. Duerch dräi Zäitlinnen – d’Kandheet, d’Momenter virum Doud vun senger Fra, an d’Géigewaart an där en op der Plage ass – spënnt de Banville ee Netz un Informatiounen, déi esou subtil sinn, dass een um Enn trotz allem nach erschreckt, wann een erkennt, wéi enk déi dräi Linnen effektiv mateneen verbonnen sinn, an firwat den Max sech an senger Trauer ausgerechent zu dëser Vakanz aus senger Kandheet esou ugezunn fillt.
Hirn ist aus vum Urban Priol
An ee ganz anere Genre gehéiert dëst Buch: bësseg, wéi een en vun sengen Optrëtter kennt, ass den Priol och an sengem Buch, an deem en iwwert d’Gesellschaft hierzidd. Do bleiwt keen a näischt verschount – sierf dat d’“Perle aus der Uckermark” (d’Angela Merkel) oder den Technologiewahnsinn (fulminant beschriwwen an enger Szen an där de Priol mat sengem Monsterhandy aus den 90er iwwert eng Foire leeft). Wien Fan vum Priol ass, deem wert och dëst Wierk garantéiert gefalen. Kuerzweileg, witzeg, an gudd beobacht.
Schmitz’ Katze vum Ralf Schmitz
De Ralf Schmitz, deen sech bis ewell virun allem mat mettelméissege Comedysendungen à la Die dreisten Drei um Sat1 ee Numm gemaach huet, schreiwt also elo och. An dat iwweraschend gudd. Dass et net allzevill serieux hiergeet, verréit zwar schon den Ënnertitel Hunde haben Herrchen, Katzen haben Personal, mee et ass dann awer trotzdem intelligenten Humor. De Schmitz beschreiwt alles: wéi en als Kand seng Kaz krut, wéi een seng Kaz trainéiert kritt (oder och net), wéi nervenopreiwend sou eng Kaz wierklech ass, wéi gären en seng Kaz huet, an virun allem wéi nervenopreiwend sou eng Kaz wierklech ass. Dat Ganzt ass esou gudd a lëschteg geschriwwen, dass et och fir net-Katzefrënn interessant ass (dat kënnt mer elo roueg gleewen, ech sinn allgemeng guer keen Déierefrënd).
Moundkälwer vum Claudine Muno
Mat surrealem Witz an lëtzebuergescher Scenerie – d’Leit, déi owes am Cactus d’Regaler ausraumen, sinn eng Selbsthëllefgrupp – beschreiwt d’Muno an sengem Roman vun 2007 d’Liewen vum Till, bei deem permanent eppes schief geet. Meeschtens sinn dat keng groussarteg Saachen, a wann, dann gi se wéi onwichteger behandelt (den Doudesfall, zum Beispill), a genau dat mécht dëst Buch aus: et erkennt een sech einfach am Personnage erem (wien ertappt sech net alt emol dobäi ze soueren wéi schlecht et engem grad geet), mee et fällt engem awer och net einfach, realt Matgefillt z’emfannen. Dorëmser geet et awer och net. Moundkälwer ass en kuerze Roman (oder éischter eng Novella), deen engem vill Freed beim Liesen mécht, an deen een esouguer an engem Ruck duerchliesen kann (an, sou amüsant wéi et ass, een dat och wahrscheinlech mécht).
Leave a Reply