Ech wéinscht, ech hätt meng How I Met Your Mother DVDen net zu Lëtzebuerg leien gelooss. Ech géing grad esougären eng Folg kucken.
It’s legen… wait for it – and I hope you’re not lactose intolerant, because the second half of that word is… DARY!
Published on
in
Comments
-
D’Piratebay ass fir dech do!
-
Ech hunn dank der totaler Inkompetenz vun briteschen ISPen leider just Internet iwwert d’Handynetz, wat vill ze laang daueren géif an wou ech leider och eng 3 Gigabyte Downloadlimit hunn. -.-
-
Ech hu mer firun engem Mount di 4 Staffelen quasi an engem Stéck era gezunn. Di Serie ass wirklech genial a legen… pass op… där!
Ech hat lo mol gegoogelt, wéi së dat mam legen-wait for it-dary op däitsch iwwersaat hun. Anscheinend guer net. An der Iwwersetzung séet de Barney “Legendär! Legendär!” Dat geet jo lo awer iwwerhaapt net! Dat ass jo fuercht… waart op ët… bar!
-
Ech hat jo scho mol erwient, dass ech süchteg dono sinn, a sou war ech och virgëschter quasi verzweifelt, well d’Episode 21 vun der 4. Staffel réicht nächst Woch leeft…
Just eng Fro: si bei dir dem Barney seng Sprëch och an den normale Vocabulaire iwwergaang. Bei mir ass dat nämlech sou. Awesome!
-
Ech refuséieren Iwwersetzungen schon eleng aus Prinzip. An virun allem déi däitsch, déi sinn wierklech am miserabelsten.
Hehe, jo, muenchmol ertappen ech mech virun allem dobäi wéi ech, ier ech anhänken, nach wëll “suit up!” an den Handy jäizen. :D
-
Also mir gréissen eis säit engem halwe Joer mat Whaaaat uuuup?? An all Mënsch fënnt et normal.
-
:))))
Leave a Reply