Ech déklaréieren haut emol einfach zum NIN Dag.
De Pre-Sale fir de Nine Inch Nails Concert an der Rockhal huet haut ugefaangen. Wien nach keen Ticket huet sollt sech bäimaachen, des Tour ass déi leschte Geleegenheet ee Nine Inch Nails Concert ze gesinn, ier den Trent Reznor de Projet op onbestëmmten Zäit op Äis leet.