K-PAX, de Film mam Kevin Spacey em een angeblech Ausserirdeschen aus dem Joër 2001, baséiert um éischte Buch aus der K-PAX Trilogie vum Gene Brewer. (Am zweete Buch gëtt iwwregens verroden, op den prot just eng mental Stéierung huet.)
Dexter, d’Fernsehserie mam Michael C. Hall em ee Märder deen als Forensiker fir d’Police schafft, baséiert op den Bicher vum Jeff Lindsay: Darkly Dreaming Dexter, Dearly Devoted Dexter, Dexter in the Dark, an dem kierzlech verëffentlechten Dexter By Design. Dat Läscht louch de Mëtteg am Waterstone’s op den Abzockdëscher 3for2 Dëscher, dohier sinn ech driwwer gestolpert. (Firwat déi 3for2 – genausou wéi d’Bestsellerlëschten an d’We Recommend Sektioun – Uschass sinn erklären ech an engem spéideren Post.)
Leave a Reply