Kuerzkritiken, oder sou

by

Lesbian Vampire Killers ass ganz witzeg, géing ech mer awer keng zweete Kéier wëllen ukucken. Op ech mer de Sequel, deen ganz staark ugedeit gëtt, an deen mir e Freideg kuerzerhand Gay Werewolf Slayers betitelt hunn, undinn, weess ech och net. Trotzdem: wien ronn 90 Minutten gudd wëll laachen, an net zevill obsédéiert ass mat Gavin and Stacey (där Leit fënnt een hei a Südwales praktesch keng, mee zu Lëtzebuerg kennt wahrscheinlech kee Schwäin déi Serie) – well ech hunn mer soen gelooss, dass een zevill muss dorunner denken wann een déi zwee Haaptakteuren gesäit – ass de Film z’emfeelen.

Even Flow ass no laanger Diskussioun e Freideg den Owend als dat beschte Pearl Jam Lidd iwwerhaapt déklaréiert ginn. Domatter muss een elo net averstanen sinn, sollt een awer.

Munchkin (mat den Expansion Packs!) ass dat genialste Kaartespill jemols. Vergiesst Poker.

Another Version of the Truth ass nach emmer eent vun de schéinste Lidder, déi et ginn. Wann et e Gott gëtt, heescht e wahrscheinlech Trent Reznor.

Tags

6 responses to “Kuerzkritiken, oder sou”

  1. OO ech brauch dat kaartespill, oh man so mer weg dass de fier oueschteren heem kenns an dass de daat dohannen ze kaafen kriss !!!!

  2. Ech ginn den Owend Lesbian Vampire Killers och kucken. Da bestätegt mech dat do jo, dass et keng rausgeworfe 4 Pond si wäerten.

  3. Munchkin klengt genial, spille mer daat och eng Kéier?
    Den Joël huet net iwert NIN gebloggt, well en graad dobai ass, sech duerch knapp 6 GB Musek vum SXSW ze kämpfen an nach keng Zait haat, fir sech déi néi NIN unzelauschtren. Mol kucken, wéi laang ech nach brauch …

  4. Thierry

    Jo, 4 Pond dierft de Film wert sinn mengen ech.

    Anscheinend kritt een Munchkin an engen vun den Arkaden zu Cardiff an engem klenge Geschäft ze kafen. Ech hoffen, dass ech Zäit kréien dohinner ze goen ier ech heem kommen.

    Jo, mir mussen dat effektiv spillen!

  5. wanns de suen hues breng mer eent mat plz :D + all expasions packs die senn maan aka portaler dungeons etc interesseiert mech alles ausser d filmsatiren star dengens an deen aneren do … :D kann och am fierraus bezuelen wanns de wells :D
    an well matspiellen wann der dat dann spillt gell !

  6. Thierry

    Ech war de Mëtteg an d’Geschäft (nodeems ech wéi en Idiot duerch déi falsch Arkad gelaf sinn, an dobäi krut ech vun engem Cardiffian gesot wou et angeblech ze fannen ass). An si haten et leider net méi. :(

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *