Ech hunn mech grad beim Lauschteren vun Y34RZ3r0r3mix3d gefrot, op den Trent Reznor eigentlech net och twittert, wou dee Mann dach soss esou modern ass an et versteet déi nei Medien perfekt fir sech ze notzen. En twittert och effektiv. Doduercher sinn ech dann op ee Projet gestouss, vun deem ech iwwerascht sinn, dass den Joël deen nach net erwähnt huet: NIN|JA 2009. Donbäi handelt et sech em eng gratis Kompilatioun mat deelweis exklusive Lidder vu NIN, Jane’s Addiction, an Street Sweeper. Well dat nach net cool genuch ass, ginn déi dräi Bands dese Summer zesummen (!) op Tour duerch Nordamerika. Domatter sinn se zwar wäit ewech vun allem wat un Distanz fir ee Concert (a mengen Aan) machbar wier, mee wee weess, op se bei Succes net décidéieren och eng Europatour ze maachen.
Leave a Reply