Ech froen mech elo zanter Deeg

by

… firwat d’Lene Marlin opeemol sou schlecht kléngt. Ech hunn et zwar net esou mat der meeschter Popmusék, mee moies lauschteren ech halt gären Radio 1 well d’Chris Moyles Show cool ass. (De Recht vum Dag, gleewt et oder net, leeft Radio 4. Wou gëschter leider déi leschte Folg I’ve Never Seen Star Wars koum. Mee anscheinend kënnt et demnächst als Fernsehshow op BBC Four, juhu!) Soit. Et leeft zanter enger Zäitchen ee Lidd, vun deem ech nemmen eng Zeil verhalen hunn, “Romeo save me.” A genau dat Lidd hunn ech fir eent vun der norwegescher Sängerin Lene Marlin gehalen. Bis ech dann elo endlech emol gegooglet an festgestallt hunn, dass dat vun der amerikanescher Sängerin Taylor Swift ass. Engersäits berouegt mech dat (well ech d’Lene Marlin relativ gären lauschteren), anerersäits mëssfällt mer dat, well et, wann d’Lene Marlin an e puer Wochen säi neien Album erausbréngt, garantéiert heescht hatt wier d’Kopie.

Tags

2 responses to “Ech froen mech elo zanter Deeg”

  1. Ehm, d’Lene Malin war dach scho bekannt, wéi ech na an der Primärschoul war. Wee soll do spéider soen hatt wier eng Koppi vun iergendengem? Ech gesinn do de Sënn net.

  2. dat nennt een en “cover” :P weis de secher selwer wees an et ginn duerchaus gutt coveren. do ass neischt verruchtes drun ausser dass et fill schlechter gin.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *