Skip to content

When Vapour Hits Air

Et gëtt dech also nach, meng aalbekannten, muenchmol verhaassten, muenchmol geschaten Schloflosegkeet. Fir éierlech ze sinn, ech hat dech net groussarteg vermësst an de leschte Wochen, an wanns de net elo erem opgedaucht wiers hätt ech dech wuel an de nächsten Deeg iergendwann vergiess. Dat hues du wahrscheinlech gespuert an der geduecht, du misst dann emol séier erem eng Kéier eraluussen. Meng Freed hällt sech eigentlech a Grenzen. Weess de, ech hunn Méindes emmer de ganzen Dag Cours ouni Paus, bis Owes 17 Auer, an dat ass dach zimlech ustrengend. Esou gären wéis du mech och ze schéngen hues, ech hätt et ze schätzen gewosst, wanns de eréischt an der Vakanz eremkomm wiers.
Et ass och net vill lass am Moment. Du bass net wierklech eng gudd Ënnerhalung. Ech hunn mer QI erofgelueden, am BBC iPlayer – dee geet elo och um Mac, weess de. Apple weigert sech zwar hieren DRM ze lizenzéiren, mee gottseidank gëtt et Adobe AIR. Mee dat ass dir wahrscheinlech ganz egal. Wat ech soen wëll ass, et ass mir zimlech langweileg. Ech lauschteren Halloween, Alaska, an froen mech, ob ech des Nuecht nach iergendwann midd ginn.
Ech lueden Twitter emmer erem nei, mee och do leeft zanter enger Stonn näischt méi. Mengem amerikanesche Cousin säi Message prangt elo schon zanter 4 Auer als leschten uewen un der Säit. Ech verdreiwen mer e puer Minutten op Facebook, mee och do ass keen. Mäin MSN ass eidel – ma villäicht läit dat einfach drun, dass ech nëmmen mam Account online sinn, deen just zwou Persounen hunn.
Ech froen mech wéi dat wuel wier, wann ech en Zeppelin hätt wéi de Joël. Wéi dat wuel wier wann ech elo einfach kéinnt a Frankräich fléien, an Norwegen oder a Kanada. Wann ech net misst nach esouvill Wochen waarden, ier ech op Bern kann. Wann ech all déi Leit, déi ech esou gären hunn an esou vermëssen, emmer kéinnt gesinn wann ech wéillt.
Dat Liewen hei ass esou verdammt kuerz, firwat verschwenden mer esouvill Zäit mat Waarden?

2 thoughts on “When Vapour Hits Air”

  1. wat ass dat fier en selbstmatleed hei, mecht en sech extra en msn compte deen keng sau huet an kreischt dann d’wier keen online do …. dat nennen ech konsequent bis zum schluss

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *