Skip to content

And Then I Dreamt of Yes

Fir all déi vun iech, déi Musék lauschteren während se mäi Blog liesen an déi authentesch Experienz wëllen: während ech dat heiten schreiwen, leeft And Then I Dreamt of Yes vun The Dandy Warhols. Hei ass ee YouTube Video, falls der dat Lidd net hutt – shame on you.

Sinn ech masoschistesch, dass ech mech grad doriwwer freen wéi ech mech fillen? Färdeg mat de Nerven, voller Hoffnung, voller Angscht. Ewéi wann all Zell a mengem Kierper géing eenzel explodéiren. Sekonnenweis ass et mer egal, wéi dat elo ausgeet. De gréisste Recht vun der Zäit wëll ech, dass et gudd ausgeet, gleewen awer net dorunner. An muenchmol, fir e Moment oder och zwee, stellen ech mer fir wéi mäi Liewen sech veränneren wert wann et gudd ausgeet. Ech wees net wat maachen fir d’Zäit emzekréien bis d’Erléisung kënnt. Ech wëll mech an d’Bett leen, Musék lauschteren an d’Welt vergiessen. Ech wëll Saachen klengschloen. Ech wëll rausrennen op d’Strooss, an de Reen an duerch déi ganz Welt bierelen wéi gären ech et hunn.
Ech weess, dass ech haut den Owend wahrscheinlech keng Enwert kréien. Dofir kucken ech awer net manner oft op den Handy (wat ee Blödsinn, ech géing jo matkréien wann ech eng SMS kréich!). Ech weess net wat ech maachen wann déi Erléisung keng ass. An dach, ech weess, dat Gefill elo grad ass méi liicht z’erdroen wéi wann ech mech dëser Situatioun ni ausgesat hätt. Et huet mer eemol d’Härz gebrach, villäicht deet et bei der zweete Kéier net méi grad esouvill wéi. A wann dach, wat soll et? Verléiwtsinn ass dach dat, wat d’Liewen eréischt liewenswert mécht.

3 thoughts on “And Then I Dreamt of Yes”

  1. :)
    Same here. (An daat ass komescherweis eng besonnesch Form vun Trouscht.)
    Och wann et sech fir den Moment net wierklech liewenswert unfillt. Ech well net an dem Stadium bleiwen.
    Mee gudd ze wessen, daat ech en erliewen kann.

  2. “Verléiwtsinn ass dach dat, wat d’Liewen eréischt liewenswert mécht.” Daat gefällt mer richteg gudd :) Haalen der d’Daumen!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *