Ech kafen mer een Diplom.

by

Muench Deeg fällt et mer wierklech schwéier, mäi Vertrauen an de Mënsch net komplett ze verléieren. Virun e puer Deeg krut ech per Facebook ee Message geschéckt, vun engem Typ, deen ech virun e puer Joer kennegeléiert hunn well mer eng Rei gemeinsam Kollegen haten. Ech hunn en zanterhir (dräi oder vläit och véier Joer) net méi gesinn. Ech gouf gefrot, wou ech elo dru sinn a wat ech studéieren. Dat huet mech iwwerrascht, mä ech hunn mer nach näischt dobäi geduecht. An sengem zweete Message huet sech dunn erausgestallt, dass et just dorëm goung mech ze froen, ob ech engem Kolleg vun him – mol net him selwer! – kéint een Essai iwwert Shakespeare schreiwen, well deen dat anscheinend net selwer kann. Tough luck, you twat! Natierlech géing ech och dofir bezuelt ginn, anscheinend. Ech sollt dann och direkt ee Präiss nennen, deen ech géing fir akzeptabel halen. Ech wor geneigt z’änwerten, ënnert 1 Millioun Euro bräicht e net ugekroch ze kommen, mä éierlech gesot war et mer ze blöd iwwerhaapt zeréck ze schreiwen. Sollt ech mech éiere geéiert fillen, dass ech gefrot ginn? Och wann ech Anglistik studéieren, ech hunn genuch selwer ze léiere fir anere Leit hir Shakespeare Essaien ze schreiwen. Soll ech mech veraarscht fillen? Amfong kënnt dat deem am noosten, wat ech mer tatsächlech denken.

Glécklecherweis kann een op Facebook jo Persoune blocken.

Tags

5 responses to “Ech kafen mer een Diplom.”

  1. Krass.

    Ech krut vun der OU (OpenUniversity) desläscht en Mail (deen un all hier Studenten geriicht woer!), dass sie matkritt hätten, dass e puer Läit giffen op Facebook etc probéieren fir Froen/Themen ze tauschen an Äntwerten drop ze kréien, etc an dass dat giff sanktionnéiert ginn. En plus hätten sie och Software, déi Plagiater giff erkennen …

  2. Also ech haat am November/Dezember wéi ech u mengem Shakespeare Essay hung am Gëck gesoot, ech giff dech froen e mir z’schréiwen. Ech hu mech awer dunn natiirlech sëlwer hannendrun gesaat. E Shakespeare Essay zeschréiwen ass net flott, mee sou een aaneren zefroen ass Blödheet a Faulheet an alles waat dozou gehéiert kombinéiert.

  3. Thierry

    Grommel:
    Dat schéngt dann also wuel déi neisten Taktik ze sinn, sech d’Unisliewen per Facebook méi einfach ze maachen. An ech Optimist war der Meenung, Facebook wier just fir ze prokrastinéiren.
    Dat mat der Software fir Plagiater ass allerdéngs schon Joeren esou. Ech kennen och Leit, déi schon doduercher erwëscht gi sinn…

    Tom:
    Okay, mee do war awer och kloer, dass du dat am Geck gesot haas. Hei sinn ech awer ganz serieux gefrot ginn. Ech hätt jo mat engem Essai iwwert de Shakespeare nach keen sou ee Problem, an et waren och nemmen 2000 Wierder.
    Ech géing nach Frechheet dobäi hänken. :)

  4. Jo, waat ech eigentlech jo wollt soen ass dass ech trotzdem nii op d’Idee komm wier fir dat am Eecht zefroen an dir oder soss irgendengem nach Suen dofir wëllen zeginn. Da muss een sech eben dohinner setzen, et schwëest een vir e puer Stonnen an dann ass et scho gedoen.
    An ech si jo och zefridden gewiercht mat mengem Essay a mäi Proff jo och. Ech wëes net ob dat de Fall gewiercht wäer, wanns du oder soss een mir e geschriwwe gehaat häss. ;P :D

    Ech haat jo “alles waat dozou gehéiert” nach geschriwwen. Ech wollt alt probéieren mech méi “politesch korrekt” auszedrëcken. ;)

  5. Also ech hätt 2 Euro pro Wuert gefroot., an egal waat geschriwwen. >:-)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *