Begaffs de nach Doudeger, oder kucks de scho Fussball?
Ass eigentlech nach kengem Idiot opgefall, wat Public Viewing iwwerhaapt heescht? Public Viewing ass d’öffentlecht Opbaren vun engem Doudegen. Wéi een zum Beispill beim Poopst Jean-Paul II. sengem Sarg konnt laanscht trëpplen, war dat ee Public Viewing. Mat Fussball oder iwwerhaapt enger Leinwand huet dee Begrëff guer näischt ze dinn – ausser offensichtlech fir déi, déi keen Englesch kënnen, wat wuel eng onheemlech grouss Mass u Leit ze si schéngt. Wa mer schon verarscht ginn, well mer Handy fir e Mobiltelefon soen (“handy” ass éischtens en Adjektiv a kee Nomen, an zweetens heescht et “praktesch”, “grëffbereed”, oder och nach “bequem”), stellt iech mol fir wéi onbeschreiwlech lächerlech mer mussen op englesch Mammesproochler wierken, wann mer d’Fussballkucken als eng Läicheschau bezeechnen.
Ech wees, ech reegen mech oft iwwer sou falsch Friemwierder op. Mee dat heiten ass definitiv dat extreemste Beispill, dat mer bis ewell begéint ass.