Mat vun der Partie sinn nierwt de Cribs, Unkle, Panik, Culcha Candela an der schwedescher Rockband Mando Dia, och déi nees relancéiert Band De Wöööw an d’Formatioun ronderem de Skandalrocker Pete Dorothy, Babytschämbels.
Woubäi, dem Obama säi Virnumm Bäräck auszeschwätzen, ass méi schlemm. Respekt Mariette Zenners. Dir hätt dach nemmen missten d’Nimm ofliesen. Souvill (On)wëssen brauch een also, fir um RTL dierfen d’Noochriichten ze presentéiren. Ma dann.
Sinn ech eigentlech deen eenzegen, deen déi Ofkierzung RAF mat enger terroristescher Vereenegung verbënnt a net ugemooss fennt fir ee Festival?
Woufier steet RAF dann am Festival-Kontext? Well bei RAF denken ech och éischter un d’Rote Armee Fraktion …
A wee mengs de? D’Märiäd Zännerz? ;)
Als gudde Britt misst de dach un Royal Air Force denken, Thierry ;-)
Ech mengen ech loossen den RAF dëst Joer sausen. An den Pete Doherty muss ech mer net undoen. Mee ech wetten, dee seet souwiesou rem of ;)
Ech muss allerdengs bei RAF och emmer un Terroristen denken. Mee den Zielpublikum wuel kaum ;)
federico: RAF = Rock-A-Field …
Asou, de Rock-A-Field. Op den Akronym RAF duerfir, wir ech zwar ni komm.
RAF kann awer och “Royal Air Force” sin, mee effektiv, ech muss och emmer un d’Terroristen denken.
Na ja, wéi ged den Summerside an Daitschland dann ofgekierzt? ;-)
De Line-up ass miiiiiiiiiiiiiiiies.
Wéinstens sinn d’Cribs do. Mee zwee Drogien als Headliner, baaaaah.
(Disclaimer: ech hunn The Verve gäer, an d’Libertines sinn immens, mee Babyshambles sinn einfa net um Niveau vun de Libertines an zënter de Pumpkins zweiflen ech u Reunions.)
Also den Line-up vum “Festival vun den Terroristen” :D ass wirklech mies :/
An zum Zäääänneeerrtz an dem Obama:
Schüler 1: “Oh, den Barak [Isräeleschen Politiker]. Dat gett baal nämlecht ausgeschwaat ewéi deen aus Amerika do…”
Schüler 2: “du mengs dee Schwarzen deen mengt e misst President ginn?”
Schüler 1: “Jo.”
Schüler 2: “Nee deem säi Virnumm gett Bäräck ausgeschwaat!!”
Respekt.
Wow. Rock-A-Field kennen ech, mais ech wier och nimols drop komm dass dat mat RAF ging ofgekierzt ginn, oder anescht gesot, ech wier ni op d’Idee komm et sou ofzekierzen.
Den Atelier kierzt et awer selwer sou of. ;) atelier.lu/raf
Jo ech kann mech erenneren, wéi ech di éicht kéier en Plakat vum éichten RAF gesin hun do as mer guernet réicht an den Kapp komm dass sie et flait selwer guernet sou mengen – an do hun ech mech déck opgeregt :p
Mé ech sin iwerzeegt dass dat hinnen allerspéitstens nom Drock vun denen Monsterplakater selwer muss opgefall sin. An wahrscheinlech as dat lo en onschlagbart Erkennungszeechen gin, wat eng Erklärung dofir wier dass s’et net geännert hun.
Mee bon op RAF lo wirklech eng Terroroganisatioun war oder net do kann een lang driwer diskuteiren. Sie selwer hun sech nie als Terroristen ugesinn mee an hieren Aan hun se Krich gefouert.
Mee vir deen Numm als en Festival ze huelen fannen ech onugepasst. Soumols der Organistatioun RAF vun deemols vis à vis.
@Yann: Se hun Bommenattentater duerch gefouert, Mënschen gekidnapped an der embruëcht. Sou eppes ging ech schon als Terroristen beschreiwen. Di mannsten Terroristen beschreiwen séch als solcher, se méngen ëmmer, si wiren “di Gudd”. A méngen Aan gëtt et do net vill ze diskutéiren.
Se hun awer nie am Liewen en Zivilist embruet. Se hun emmer nemmen mat den Politiker gekämpft wei et an engem Krich och eigentlech ass, respektiv natirlech mat der Armei.
Wat ee Quatsch Yann. De Manager vu Siemens, Karl Heinz Beckurts a säi Chauffeur, de Chef vun der däitscher Bank Alfred Herrhausen, goufen all per Bommenuschlag ermord, da wor nach d’Entféirung vum Schleyer (woubäi déi véier Leit déi dee Moment bei em waren all erschoss goufen) an doraus resultéirend Hijacken vum Landshutfliger bei deem de Kapitän erschoss gouf, … … … …
D’RAF waren Terroristen! An och wann se “nemmen” Politiker embruecht hätten, wieren se Terroristen gewiecht.
D’Wuert Terrorismus ass sou alldeeglech gin dass et net mi vill heeschen well. Ech wees mol nemmi op ech dem Wuert elo eng positiv oder eng negativ Konnototatioun soll gin.
Ass ierch eigentlech schon obgefall wei gudd all Definitiounen vun Terrorismus (och aus dei aus der U.S Verfassung) ob dei U.S Amerikanesch aussenpolitik zoutreffen?
Kann ech zwar zumindest lo bei der Definitoun vu Wikipedia déi ech uewen zitéiert hunn net novollzéien. Wéi dat amerikanescht Gesetz Terrorismus définéiert wees ech allerdéngs net.
(via)
Bei där Definitioun fällt mir lo spontan den 11. September 1973 an…