I really like those videos by Will.I.Am. And it makes me angry that that there are still people out there who prefer Clinton just because she’s a woman – she wants to go to war with Iran, she’s racist, she voted for the Iraq war then lied about it, she not only accepts but supports lobbyism, she steals parts of her speeches from John Edwards, …

(via)

Tags

14 responses to ““We are the ones we’ve been waiting for.””

  1. Als éischt emol: ech hoffen, dass de Barack Obama President gëtt, do sinn ech dénger Meenung. Mee mat déngem Kommentar do hunn ech en eeschte Problem.

    1. Ech wëll dech drun erënneren, dass du virun engem Joer nach fir d’Hillary wars an ënnert anerem séng Ligen iwwert säi Vote zum Irak geluewt hues. (Jo, ech hunn dat nogesicht, an et kann een et alles op déngem Site noliesen. Ech wollt dech net ugräifen, ouni recherchéiert ze hunn, ob ech mech richteg erënnere konnt.)

    2. Dass d’Hillary Clinton rassistesch ass, ass mir nei. Déi Ausso ass ménger Meenung no genee sou absurd, wéi déi, dass den Obama antisemitesch ass, déi ech vrun enger Woch iwwerall um Internet gelies hunn. Wat verulasst dech, dat ze soen?

    3. Den Obama huet och keng absolut wäiss West. Ech fannen e besser wéi d’Clinton, mee béid hu se hir Schwächten. Et sou duerzestellen, wéi wann d’Hillary eng net endend Lëscht u Makel hätt, ass a méngen Aen zimmlech schwaach.

    Du bass dach méi gescheit wéi dat. Firwat léis de dech op sou en déiwen Niveau rof?

  2. YES WE CAN! :) SI SE PUEDE!

    Also Chris,
    1. Huet d’Hillary Clinton schon rassistesch Bemierkung komme geloos. Dëst net nemmen während dëser ganzer Campaigne. Mee schon 1996 bei enger Rally fir den Bill. Do sollt hien zu New Orleans vun engem Afro-Amerikaneschen Bierger vun New Orleans ob d’Bühn geruff ginn. D’Hillary huet dorops hin gesoot: “I will never let a n***** [de Recht ganz de der denken] introduce my Bill.”

    2. D’Hillary Clinton huet virun e puer Wochen nach an engem Interview gesoot a seet dat schon déi ganz Campaigne iwwer: “Lobbyist represent the REAL America.”

    3. D’Hillary Clinton huet op der läschter CNN Debatt (déi iwwerengs op der Uni Texas waar) an sengem Schlusskommentär d’Ried vum Sen. John Edwards (déi hien op villen Debaten gesoot huet) einfach kopéiert. Dës wéider huet sie op eng Fro, déi exakt selwecht Äntwert ginn ewéi déi den Bill Clinton ginn huet am Joër 1992. (A wann ech déi nämlesch soen, mengen ech déi nämlescht Sätz mat der nämleschter Idee an deenen nämleschten Wieder.)

    4. D’Hillary Clinton huet am Summer d’läscht Joër, ewéi déi meecht Europäer sech nach guer net fir dëst Rennen ugekuckt haaten, am US-Senat dofir gestemmt fir ee méiglech Krich géint den Iran zeféieren!

    5. D’Hillary Clinton huet NAFTA gudd fonnt bis hat sech fir den Presidentschaftskanidat opsetzen geloos huet. Hat huet et esouguer als “Victoire” an sengem Buch bezeechnet. Kloër ass awer, dass NAFTA tausenden an tausenden vun Amerikaner d’Aarbescht bis ewell kascht huet. Op eng Fro op enger Debatt am November iwwert NAFTA, huet d’Hillary Clinton emol fir d’éischt missten laachen a soot deno, sie wisst emol net méi em waat dass et giff goen!

    6. D’Hillary Clinton well sech net fir hiere positive Vote vum Irak entschellegen!

    7. D’Hillary Clinton huet bis elo nach emmer net hiere Programm fir d’Stéieren erausginn. (Den Obama huet dat scho vrun Méint gemaach). D’Hillary Clinton soot hat giff den Léit dat erréicht matdeelen, wann hatt Presidentschaftskanidat wäer.

    8. D’Hillary Clinton huet zu Iowa dorops gekämpft, dass d’Studenten net géinten wiele goen! Seng Campaigne huet esouguer et fäerdeg bruecht, fir zu Nevada bei engem Caucus Dieren 30 Minutten éischter zouzemaachen!

    9. D’Hillary Clinton bréngt et net fäerdeg op eng Fro richteg zeäntweren. Dat huet hatt schon op enger Debat d’läscht Joër bewisse gehaat, ewou den Mann nach bis haut(!) op eng Äntwert waar ewou d’Hillary Clinton dann elo beim Thema “social security” steet.

    10. Hillary Clinton huet op enger Debatt gesoot gehaat, dass den “Duerchschnetts-Amerikaner” 97,000 $ pro Joër mecht! D’Realität ass awer dass nemmen 6% vun den Amerikaner esouvill verdengt. (waat den Obama op däer Debatte dem Clinton och direkt gesoot haat)

    11. D’Hillary Clinton huet zu Iowa dem Obama säin “Fired Up and Ready to Go” benotzt. Déi Geschicht “Fired Up and Ready To Go” ass awer eng déi komplett vum Obama kennt, well et eng Supporterin vun him waar, déi dëse flotte Sproch “erfonnt” huet.

    12. D’Hillary Clinton huet ebenfalls den Slogan “Yes, we can” benotzt vrun e puer Deeg. Hat huet awer 2 Fehler gemach. Eischtens huet hat “Yes, we will” gesoot (et ass “Yes, we can” oder “Si se puede” wéinst den Arbeschter, et kennt vun deenen!) an dunn huet hat zweetens nach d’Léit opgefuerdert matzemaachen. (Ech mengen am ganzen hun 2 Léit matgeruff)

    Eigentlech kéinnt ech elo nach wéider fueren, ewéi zum Beispill dass den Bill (dee jo fir d’Hillary Waalkampf mécht) gesoot huet, dass et eng Relamm vun enger 1 Minutt giff ginn, ewou den Obama giff soen, ewéi schlecht et Amerika an den 90er gaangen ass. Realität: Esou eng Reklamm ass nie gelaaf a leeft och am Moment net.
    An alleguerten déi Saachen kanns du Chris dann och nosichen, wanns de mer net gleews. ;)

    @ Thierry
    Den Obama huet awer nach emmer deen nämleschen Virsprong an den Delegates ewéi virun 24 Stonnen. D’Clinton konnt net grouss ophuelen, ewéi hat dat ugekennegt huet.
    “Our Time Has Come.” an emmer drun denken “Together ordinary people can do extraordinary things” (Zitater vum Obama) :)

  3. gilles

    An dann? Ech mengen alleguer dei saachen dei der elo hei obgezielt hut, sin eigentlech jo just Saachen wei sie sech präsenteiren, an hun naischt mat hierem eigentlechen Programm ze din? Okay wann d’Madame Clinton mengt dass den duerchschnetts amerikaner 97.000 d’ joer verdengt, zeugt net vun groussem politeschen interesse, geschweigs dann kompetenz.

    MEE: finalement ass et mei wichteg den Programm vun hinnen ze kucken, an doriwwer gett neirens diskuteiert… Ausserdem Lobbying kann och vun sozial engageierten organisatiounen gemaat gin, an sin mer mol eierlech, wann d’ clinton seet dass Lobbying et ass wei et funktioneiert, dann geseit hat just d’ realiteit…

  4. Tom, déng Lëschten, déi s de öfter mol bréngs si ganz impressionant. Dat meescht dovunner wees ech och, a wann ech wéilt kéint ech déng Lëscht och selwer weiderfueren mat verschiddene Saachen. Mee äusser dem éischte Punkt hu se wierklech näicht (awer och guer näicht) mat deem ze dinn, wat ech gesot hunn.

    Ech hunn net ofgestridden, dass d’Hillary Clinton Feeler mécht, ech hu souguer gesot, dass ech fir den Obama sinn: Wee wëlls de beandrocken? Ech sinn dach schon op dénger Säit!

  5. Grousse Feeler, gilles. Gläich reiwt den Tom der ënner d’Nues, dass SpOn keng Anung vun näicht huet.

  6. Serge

    wat mech un dem beitrag perseinlech am meeschten steiert ass dass en eng preferenz ugett op basis fun negativen werter fun engem aneren… dat ass fier mech kee grond, ech hett mer gewenscht wanns de schon en propaganda video links dass de fier den obama schwetz an net geint d hillary, ech well wessen fierwat ech soll FIER den obama sin net fierwat ech soll GEINT d’hillary sin

  7. Merci Serge, sou eenlech hätt ech et och formuléirt, wann ech dann dru geduecht hätt, et sou ze formuléiren.

  8. @ Gilles
    Programmer vun deenen eenzelen gin hei an Europa scho guer net gekuckt- leider. Et ginn awer Wee’er fir d’Programmer -esouwäit se dann feststinn (beim Hillary ass dat ewéi gesoot net komplett de Fall)- zekréien, resp. Deeler dovunner.

    @ Chris
    Ech wollt mat däer Lescht nemmen drop obmierksam maachen, dass d’Hillary Clinton een bis ewell knaschtegen, ondemokrateschen Waalkampf gefouert huet. An dass et a verschiddenen Beräicher wirklech net am Interêt vu sengem Land geschafft huet. ;)

    Zu SpOn soen ech elo guer näischt. :D

    @ Serge
    Du solls fir den Obama sinn,
    well hien ee Krich am Irak wäert beennegen, géint deen hien vun Ufank un gekämpft huet.
    well hien kloër Pläng huet fir CO2-Emissiounen zereduzéieren. (verschidde Saachen zu dem Thema huet hien schons zu Illionois duerchgeboxt- an daat virun dem “Inconvenient Truth”)
    well hien all Amerikaner, deen et well, Gesondheetsfürsorge bidd.
    well hien kee Krich géint den Iran well féieren.
    well hien mat ALLE ‘Géigener’ vun den Amerikaner well schätzen (ewéi den Kennedy et och gemaach huet, ouni deen wäere mer wahrscheinlech haut guer net méi hei)
    well hien well kämpfen, dass keng Natioun méi Atombommen huet.
    well hien all Student fir all Joër, waat hien op der Uni mecht, 4,000$ gett. (déi hien am Stiel vun “gemeinnützige Arbeit” erem mussen ‘ofschaffen’).
    etc.

    @ Thierry
    Den Obama wäert iwwrengs Texas wannen. Hien huet zwar den “Primary” ‘verluer’, mee d’Clinton hellt nemmen 2 Delegéierter doduerch op. Am “Caucus” wäert hien wannen a min. 7 Delegéierter méi ewéi d’Clinton kréien. Ennert dem Strech huet hien also Texas gewonnen! :)
    A fir dech opzemonteren, d’Clinton misst déi 12 läscht Stied emmer mat 62% op 38% wannen, fir ee Virsprong vun 5 Delegéierter am Endeffekt zehun. (Et giff dann op Superdelegates ukommen)

  9. Et leeft finalement ob daat selwecht iwwerall raus, vill verspreichen an dann d’ ernüchterung dass et net machbar/finanzeierbar ass.

    Komm mee wielen eng nei figur dei schein laachen kann, an d’suen haat sech dei richteg beroder ze leeschte…

    Oder ech wees nach eng besser… Mir man en Casting draus, America’s Next Top President… (wär wahrscheinlech witzeg wann et net traureg realiteit wär)

  10. Ech schléisse mech mengem Brudder an allem un. Et goung mer ni drëm een Post ze schreiwen firwat ee soll den Obama wielen, et goung mer drëm dass et Leit dobaussen ginn déi d’Clinton wielen eenzeg an eleng well et eng Fra ass, an dat ass dat schlechsten Argument wat ee jemols kéinnt hunn.

    @ Gilles
    Kuck der Amerika emol unn, lies dech duerch d’Lëscht vun de Leit déi den eenzelnen Kandidaten Suen spenden, den Obama ass deen eenzegen deen keen een eenzegen Cent vun Lobbyen gespend kritt (wanns de fir hien spends muss de ennerschreiwen, dass du eng Privatpersoun bass). Den Obama huet just duerch Privatpersounen déi meeschte Gelder an desem Waalkamopf zesummekritt (op demokrateschen oder republikanesche Kandidat).

    Ze behaapten, den Obama wier einfach nemmen ee weideren Kandidat deen lidd, an deen sech dann herno genausou opféiert wéi déi firëscht Presidenten entssprécht schlicht net der Wourecht. Hien war nach emmer deen deen ugeeckt huet (hien huet souguer ee Protestmarssch géint den Irakkrich organiséiert obwuel dat deemols guer net populär war). D’Vergangenheet beweist jiddferfalls, dass den Obama eben net nemmen eidel Verspriechungen mécht, mee sech drun hällt.

    Ech hunn mech d’lescht Joër missten fir een Examen vill mam Obama beschäftegen, et stécht vill Guddes an deem Mann. An dat kann ech vu kengem anere Kandidat behapten. Jo, ech war emol fir d’Clinton. Keen ass perfekt. Et deet mer och leed, dass ech fir et war (woubäi ech awer och deemols scho sot, dass den Obama mäin eigentleche Favorit wier).

    Den Obama ass iwwregens och deen eenzegen, deen sech CC an eng Ännerung vum Copyrightgesetz staark mécht. :)

  11. @ Gilles
    Déi Saachen, déi ech do genannt hun, sinn déi Saachen déi den “normalen” Bierger direkt versteet. Weider Punkten vun sengem Programm si méi komplizéiert a fir et genee ze verstoen, muss een sech schon mat der amerikanescher Politik genee beschäftegt hun an deenen läschten Joëren. Well ech awer dovunner ausginn, dass déi meescht Léit déi dëse Blog liesen, sech net fir déi amerikanesch Politik intereséieren, hun ech déi Saachen hei net geschriwwen. (am Plus ass dat hei jo keen Politische Blog)

    Ech schléisse mech mengem Bruder un. Zebehaapten den Obama wäer ee Ligener ass falsch. Ech verfollegen him seng Carriere elo schon zenter dem August 2004 (ewou hien op der DNC geschwaat haat), ech hun säi Buch gelies, hun alleguerten Debatten gesinn a verschidden Rallyen ebenfalls gekuckt, a mir fällt ganz kloër ob, dass dëse Mann scho Saachen gemaach huet (zB Demokraten an d’Republikaner zu Illinois op een Dech zekréien), waat vielen aaneren Politiker nach net gelongen ass – a wahrscheinlech och nie gelengen wäert.
    Seng Suen kommen nemmen vun Privatléit, ewéi den Thierry jo scho soot. De läschte Mount huet hien baal 60 Milliounen US-Dollar kritt(Clinton: 30 mio.), déi 60 Mio. Spenden zekréien, ass een néie Rekord an der Geschicht vun den USA. 90% vun deenen 60 Mio. waaren Iwwerwéisungen vun manner ewéi 100 Dollar! 50% dovunner waaren manner ewéi 25 Dollar! Eng Fra haat him alt 3,01 Dollar per Post gescheckt!
    Wann een elo behaapt, dass den Obama also Stemmen vun deenen “Dommen” giff kréien, well déi jo normalerweis net esouvill Suen hun, ass falsch. Wann een emol e Bléck op all d’Exit-Polls werft, fällt op, dass au contraire, den klasseschen Hillary-Wieler “weiss” an iwwer 60 Joër huet, en eng Fra ass, en stark glewesch ass (min. 1 mol pro Woch an d’Mass), e Latinos ass, AN en e méi een déifen IQ huet! Dat ass d’Wielerschafft vum Clinton!
    Den Obama huet et ebenfalls fäerdeg bruecht (waat d’ailleurs keen fir méiglech gehaalen huet) fir praktesch all déi Jonk zum Wielen zebréngen. Déi hun esouguer eng Extra-YouTube Säit fir hien gemaach: YouBama.com!

    Hannert dem Obama stinn d’Léit (jonker, aaler, schwarzer, weisser, Independants, Demokraten, Republikaner) a fuederen, dass sech endlech an Amerika eppes ännert. Hannert dem Clinton zum gréisten Deel d’Lobbyisten a Léit, déi wellen dass et esou an Amerika wéider geet, ewéi an deenen läschten 28 Joër (Bush-Clinton-Bush).
    Mee ewéi den Obama schons soot: “We know the battle ahead will be long. But always remember that, no matter what obstacles stand in our way, nothing can stand in the way of the power of millions of voices calling for change. “

  12. Serge

    et gi wuel fill gleeweg bomien an amerika ^^
    bon spass ob der seit et wier nawell flott wann ging bessen manner stereotypiseiert gin hei. mat absolutheet lo scho wellen ze wessen wei et ass wann den obama bis president ass haalen ech och fier quatsch, an iwerhapt si mer dach all fier den obama hei iergendwei ?
    dh diskussioun ass an sech sennlos gin well et goung jo eigentlech just em dei 360 grad kehrtwende bzw em aussoen iwert d’hillary ^^

  13. gëtt eng diskussioun doduerch sënnlos well se op eemol off- bzw. near-topic drift?

    et ass wuel wéi sou oft eng saach vun der perspektiv. ech sinn op dëser säit interessantes iwwer déi 2 kandidate gewuer ginn, informatiounen déi ech nach net wosst. doduerch huet sech meng präferenz fir den obama gestäerkt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *