Skip to content

Valentinsdag

Wéi ee Film geet sou ee Romantiker wéi ech sech haut an d’Videothéik ausléinen? War. Gäile Film.

6 thoughts on “Valentinsdag”

  1. Den Jason Statham an den Jet Li fir d’éischte Kéier zesummen op der Leinwand. Erfëllt zumindest mäi Standard vun engem geniale Film. An de Plot ass aussergewéinlech verwirrend fir en Actionfilm. :D

    Ech hunn mer awer och den “Across the Universe” an “Paris, je t’aime” (iwweraschenderweis haten se deen op franséisch O_o) ausgeléint. Mee déi kucken ech dann muer oder e Samsdeg. :)

  2. “Across the Universe”. Hach. Iergendwou muss ech en bei de Pianocktail Awards ënnerbréngen, mee ech wees na net wou.

  3. “Across the Universe” as esou genial, hu mer deen d’éinescht ragezunn an ech hun all Minutt vun deem Film reegelrecht genoss! Hu bei all Lidd matgesongen, as gutt dass ech deen net am Kino kucke war :D as tip top dass de der deen ausgléine wars ;) an den “Paris, je t’aime” muss ech mer och nach onbedengt ranzéien!

  4. Genug Musicals hunn ech jo gesinn fir e gudden ale Golden Globe ze bréngen an zwou Kategorien fir beschte Film rauszepuchen. ;) Mee hey, ech hale mech un d’Oscars plus Extras.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *