Den Här Frieden définéiert den Sproochentest fir kennen Lëtzebuerger ze ginn, an démonstréiert op androcksvoll Art a Weis, dass hien deen Test selwer wuel kaum géing packen.
Dat aktiivt Lëtzebuergesch dat muss manner héigen Niveau sinn. Do hätt ech gären, datt ee kann eng einfach Sätz formuléiren, eh, zum Beispill iwwer säi Beruff, iwwer séng Famill, e Sujet deen engem also no läit, do muss een also e manner héigen Niveau hunn wéi bei dem Lëtzebuergesch dat ee muss verstoen.
[Quell: RTL Journal vum 12.2.2008]
Dat ass aus preskriptiver Siicht guer net mol falsch, well et Leit ginn, déi am Pluriel “eng” virun d’Wuert setzen, wann en Adjektiv dobäi kënnt. Dass et bescheuert kléngt steet äusser Fro.
PS: Saz schreiwt ee sou. ;) (Ech wees ech sinn net feelerfräi, mee wann ech ee fannen, kann ech der et jo soen. Alles nëmmen e Frëndschaftsdëngscht a keng Arroganz, versteet sech.)
Muss en eigentlech och en Test an eisen aaneren Amtssproochen maachen?
Oh tiens, anscheinend hunn ech mech giert. Hu Saatz lo mol am Spellchecker aginn an e léisst et duerchgoen. Sorry. :S
Och ech kennen de Spellchecker. ;)
Pff, vergiess heckefranséisch an preisesch. Déi Sproochen kennen déi mescht Bewerber jo wahrscheinlech souwisou (zumindest eng vun deenen zwou). :)
Hei hei, do wäerten sech eis “Lëtzebuerger Patrioten” sech bestëmmt driwwer freeën.
Ass dat doten “angewandte Linguistik” à la Frieden? – Et gëtt also verlaangt, dass déi Net-Lëtzebuerger, déi Lëtzebuerger wëlle ginn, “aktiv” Lëtzebuergesch op engem “manner héigen Niveau” beherrsche sollen. Mä méi muss et net sinn: Dat Lëtzebuergescht, dat ee “MUSS verstoen” (wat mengt hien eigentlech domat, dach net éieren z.B. d’Erklärung firwat e Justizminister e Police-Direkter versetze muss?), dat kann de Lëtzebuerger virbehale bleiwen.
Wann der schonn iwwert d’Wuert: Saz diskutéiert da muss ech soen, dass de Spellchecker onrecht huet. Den tz steet nëmmen a kuerz ausgeschwate Silben: Fatz, Batz, Datz, Wutz, bitzen asw. Awer: Saz, Plaz, Kaz,
Méng Ried. D’christiane ass cool. Ween och ëmmer et ass. ;)