Skip to content

Midnight Walk

Where the clouds shine and the sun rains,
where authors were born
and castles were burned,
I met a girl called Amy.

She was a long way from home
and lost in this world; amazed
and confused she held my arm
telling me about where she used to live.
It’s a place where I’ve never been
but always wanted to see,
or dream away.

Amy’s long gone and so am I,
or simply who I used to be.

14 thoughts on “Midnight Walk”

  1. Ech sin frou daat’s de erem schreiwen kanns. Also, net nemmen aus egoisteschen Grenn, mee ech freen mech och fir dech. :)
    An den Layout gesait gudd aus, schéin simplistesch. Mee ech geif eng aaner Schreft huelen oder se eng Grimmel méi grous maachen (ey, Web2.0 fuedert sain Tribut!) Ob ech daat mam Rambled Stuff sou gudd fannen, wees ech net. Kennt daat an den Feed?

  2. Bei enger Bildschirmopléisung vun 1024×768 sinn et 12 Punkten. Wéi grouss wells du? :) Mee et ass alles ems, kanns also d’Schrëft selwer sou grouss maachen am Browser wéis de wells. Wann ech se selwer méi grouss maachen, gesäit et grausam aus am Safari…

    Nee, natirlech net. Dat ass just fir dass ech weider kann sou Dommheeten wéi “Feststellung”, “to bite the bullet” etc. posten ouni de Feed domatter zouzesetzen. ;)

  3. grr, ech well daat awer am Feed. Dann muss ech lo yahoo-pipes ausprobéiren an aus dengem normalen an dengem twitter-feed en maachen. oder ech abonéiren einfach dain twitter-feed. Hued en bei twitter iwerhaat en feed. An wiesou benotzt de net pownce, daat ass vill méi cool (et hun manner leit et!) :-P

    Eh, ech wees net, wéi grous ech et well. Wann ech et méi grous maachen, gin d’Ofstänn och méi grous, an daat ass schiel. (Den Saatz ass och schiel, well en net genee daat eremged waat ech wollt soen, mee soit.) Mee bon, ech wärt mech drun gewinnen. Oder mer main eegenen CSS vir deng Sait schreiwen :-P 0.80 em fannen ech bessi besser, mee 0.85 gesait schon erem blöd aus. Eng Gradwanderung.

  4. Zum Gedicht fält mer lo näischt an, ech hu probéiert, et op mech wierken ze loossen, mä sëtzen den Owend ongewinnterweis ouni Musek hei, an esou kënnt net vill zesumme bei mir.

    Dofir eppes zum neien Theme: Ech fannen d’Schrëftart an de Layout vun dengem ‘Stuff’ propper a funktionell. Ouni Header gesäit sech dat Ganzt méi ‘nüchtern’ un, wéi op Pabeier gedréckten Text eben. Dogéint ass u sech näischt anzewenden, ech froe mech awer ob dee Moment e Bild oder en embedded Video an deem Layout net vläicht déplacéiert ausgesäit (op der Startsäit, wann een en eenzelne Post uklickt, do kritt een ë.Ë. jo souwisou méi ugewisen via more-tag).

    An d’Schrëftgréisst ass fir meng Vue bei enger Astellung vun Helvetica 16 am Safari och Limit, mä dofir huet ee jo ee Button an der barre d’outils. Wann den Trend awer deemnächst an déi Richtung vu méi klenge Schrëftgréisste goe sollt, da muss ech mol vläicht de Schrëftgréisst-Standard an de Préferences op 18 ropsetzen. ;)

  5. Hei ass de Feed. Well ech ze faul war ee WordPress Plugin fir Pownce ze sichen. :D

    Entweder meng Aan sinn aussergewéinlech gudd (an bei deem Brëll deen ech hunn sinn se dat bestemmt net), oder dir sidd all blann… Ech kréien dat heiten alles ouni Probleem gelies. Wéi liest dir dann Bicher? Do sinn d’Buchstaawen dach oft méi kleng??

  6. (Alt erem eng Keier ze schnell.) Eh, ech kreien et gudd gelies, mee ech sin der Meenung, daat eng bessi méi grous Schreft einfach méi “schéin” ausgesait. Mee Schreften an Web ass souwiesou esou eng Saach – ech wenscht, et geif eng gudd Leisung dozou gin, mee vlaischt kennt déi jo mat CSS3 oder 4, (Da meng alt!) dann keint ech meng Adobe Garamond oder wéi se heescht ansetzen…hach!

  7. Du werts deng Adobe Garamond ni kennen asetzen, well dat net un CSS läit, mee un de Lizenzen. Du dierfs just gratis Schrëften benotzen, an där ass Garamond keng.

  8. Ech sinn ee Minimalist. :D
    Juhu, wéinstens een. :)

    Hunn dat Lidd nach net kannt. D’Lyrics gesinn awer relativ gudd aus, an et geet effektiv e bessen an déi selwecht Richtung wéi dat wat ech am Gedicht wollt soen. Mol kucken, op ech dat iergendwou op MySpace / Deezer / YouTube / … fannen.

  9. Thierry, daat mat den Lizenzen as sou net ganz richteg. Mat denger Theorie dierft een jo dann op Grafiken etc. och nemmen gratis Schrëften huelen? :D
    Du däerfs déi Font duerchaus benotzen wanns de d’Lizenz dozou hues. Du muss just derfir suergen dass se net weiderverbreet gett / dass net all Mensch, deen op den Site kennt, sech d’Font-Datei op sain eegenen PC kann zéien an se dann benotzen. Do as momentan eben just na keng Léisung fond gin, wéi daat am beschten soll funktionnéieren ;)

  10. Ech hat dat och eigentlech just fir Texter um Web gemengt. An ech wollt och net an d’Detail goen. De Problem ass jo eben, dass den System muss kennen op déi Schrëft zougräifen, an dofir muss en sech déi eroflueden. Et sierf dann et benotzt ee Flash, wou ee se kann embedden. Mee wien benotzt Flash nach haut fir Websäiten, dat ass zu engem Videoplayer verkomm.

  11. “verkomm”? Ech sin frou, daat et quasi keng Websaiten méi ged, déi aus rengem Flash oder Flash-Elementer bestinn, daat huet nämlech baal nemmen Nodeeler.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *