Near You

by

Dat gesäit nawell ganz no engem intressante Film aus. Deen Trailer zumindest steet senge Virbiller aus der auslännescher Filmindustrie a näischt no. Ech hoffen et gett dee Film och iergendwann op DVD, am Kino wert ech jo wuel leider verpassen. Première ass de 19. Januar am Ariston.

Tags

7 responses to “Near You”

  1. Jo also den Trailer ass fir lëtzebuerger Verhältnisser jo genial! :) Mee wäert deen nemmen am Ariston laafen? Wäer schued, da gesinn ech en secher och net.

    Btw sollte mir net an der Crëschtvakanz den Elisabeth kucke goen, resp. och nach e Marathon maachen. Oh, déi Vakanz war ze séier erem fort an déi nächst Vakanzen wäerten net besser ginn. Mee bon, ab Enn Juni ass jo dann grouss Vakanz! YAY! :))

  2. Erennert mech bessen un de letzebuerger Zombie Film. Just, dass die hei sech bessen mie serieux huelen?

  3. Den Zombiefilm war Trash. Hei schéngen se mer awer vill Arbescht an d’Produktioun / Post-Produktioun gestach ze hunn. Iwwerhaapt gesäit dat am Géigesaatz zum Zombiefilm Trailer aus, wéi wann een sech dee Film kéinnt ukucken.

  4. Alsssooo … ech hun och als alleréischt un den Zombiefilm missen denken. Dozou muss ech soen, dass – souwäit ech dat an Erënnrung hun – den Zombiefilm Trailer technesch gesin och ganz korrekt war, genau wéi den heiten.

    MAIS ech fannen elo net dass den heiten Trailer sonnerlech vill mëscht, fier d’Leit s’incitéiren de Film och gucken ze goen. Horror / Thriller si meng Lieblingsgenren, an ech gucken normalerweis wierklech bal alles wat domat ze dinn huet, sierf et lo absoluten B-Movie Trash oder héichklasseg Top-Produktiounen, mee dat hei huet mech net wierklech emgerappt. Et gin e puer 0815-Jugendlecher gewisen, an een dovunner wëll also eng fett Gebuertsdagsparty feiren an deems en seng Kolleegen zum Zelten alued. Ech mengen hey, wéi oft hu mer dat scho gesin?! Dat ass den absoluten Oberklischee vun engem Teeniehorrorfilm, wéi et en bis dato schon eng Millioun Mol gëtt. Bis elo war do nach net mol eng hallef Drëps Originalitéit dran. Domat wëll ech elo net soen, dass de Film tatsächlech net méi opweises huet, mee den Trailer hätt eben inhaltlech missen *vill* besser sinn, fier bei deem Standartthema nach reellt Interesse ze wecken.

    Ech wäert en awer bestëmmt trotzdem gucke goen, well ech mech awer ëmmer rem freeën wann och mol nees eng lëtzebuerger Produktioun rauskënnt (mee w.e.g. haalt mer de Club des Chômeurs & co vum Hals), an ëmmerhin huelen d’Produzenten jo och net fier sech an Usproch eng Meeschterleeschtung vollbruecht ze hun, jiddreen fängt mol kleng un. ‘t ass eben scho luewenswäert, dat iwwerhaapt weiderprobéiert gëtt, hei Filmer ze produzéiren an ze veröffentlech, well dat ass net eng vun deenen liichtesten Aufgaben. D’Televisiouns- a Filmlandschaft ass hei am Land jo sou intressant wéi en Tupperware-Owend.

  5. Ui, fede, mat denger leschter Ausso kann ech awer net iweranstemmen. Et ged erstaunlech vill Independant-Filmer an och immens vill Produktiounen, déi héi gedreint gin. Daat en dovunner net vill matkritt, leit wahrscheinlech virun allem un der Fördergeldpolitik an och dorunner, daat d’letz. Kinoen an Tv-Gesellschaften wahrscheinlech net immens interesséiert sin un esou Produktiounen, déi net esou vill Souen brengen wéi en Blockbuster. (Woubai bei eis op der Tele jo mol iwerhaat keng Filmer laafen – an do keint en sech och froen, wiesou dann net?)

  6. Hey, den Zombiefilm woer villäicht Trash, awer eischtklassegen Trash! Den Film huet sech definitiv net serieux geholl, mat de Klichéen gespillt an puer exzellent letzebuergesch Insider-Gags agebaut (Wou hues du dat dann geléiert? – Ma um IST!). Fir mech also en wirklech würdegen Vertrieder vun Genre.

    Hat en suguer desläscht an England e puer Läit gewiesen (sinn englesch Ennertitel op der DVD) an déi hunn sech och gerullt.

    Ech sinn firwetzeg op deen hei Film, mee sou impressionannt fannen ech et bis lo och net …

  7. Schléissen mech dem Grommel un.

    Joël: ech hun net gesot, et geif keng / net vill lëtz. Produktiounen ginn, mee ech bleiwen dobäi, dat meescht ass sou intressant wéi en Tupperware Owend.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *