oder: So jung kommen wir nie mehr zusammen!
REM am Crumble. It’s the end of the world as we know it. Hoobastank am Äiscafé. Onerträglech schnulzeg. And the reason is youuuuuu. Nelly Furtado an enger Technoversioun am Art Scène (nach méi schlecht wéi am Original). Yellow vu Coldplay am Liquid just firu Mëtternuecht (dat huet mer bëssen Angscht gemaach, mee ech gouf gottseidank awer net vun hannen iwwerfall). Queen an der Aula. We will, we will rock you! Während d’Party.lu Generatioun firun eis dem nierwt eis mol ee Glas Alkohol iwwer de Schouss geschott huet. An erem zeréck an den Art Scène. YMCA sangen. An um Enn e Kebab a Fritten iessen. Ouni Musék. A keng Sekonn Lécker Bal. Well bei all där schlechter Musék an de Caféen, dee Schrott hätt ech nach manner ausgehalen. Gäilen Ofschloss vum Joër / Start an dat neit Joër!
Leave a Reply