Zitater (4)

Wou wunnt d’Leti iwwerhaapt?! // Stalker ginn et emmer. // Garçonen sinn wéi Asiaten: si gesinn all d’selwecht aus. // Dat hei ass dat éischte Podcastertreffen! // Soll ech bei et schelle goen? So, hues du ee Frënd? Nee? Tiptop, wat mëss de Silvester? // Dat ass ganz louche wann Leit owes spéit op Facebook op eemol eng Bezéiung hunn. // Hatt ass léiw – nee, du bass net mat mer averstanen, sich der een anert. // Ech loossen mer fir 2009 T-Shirten drécken: “Nee zum Jean-Claude: keen Alkoholiker als Premier” an “Biltgen du Arschlach: de 5611 ass net vergiess”. // Et gett Zäit, dass an der Chamber endlech ee mat der Fauscht op den Dësch schléit. // Bis Tréier lauter Däitscher am Zuch, alles roueg. Zu Tréier déi Däitsch eraus a lauter Lëtzebuerger eran. A scho geet de Bordell lass. // Hatt ass léiw… fein… Gett een hei eigentlech Drénkgeld? // ‘t ass gudd, dass mir net al ginn. // 24 Mini, w.e.g. // Jongen, zwee Meter? // Wat ass dat Waasser sou gudd! // Sozialdemokratesch? D’LSAP ass weder sozial nach demokratesch. // D’Meedcher sinn hei zwar net méi schéin wéi zu Lëtzebuerg… Mir sinn net wäit genuch ewech gefuer.

Published on

in

Comments

  1. Uah, wéivill dovunner sin vun mir? *net zielen wellt*

  2. Nemmen 2. Mee du wars awer bei méi dobäi. :)

  3. Leti

    “wou wunnt d’Leti iwwerhaapt?!” aha… an vu weem kennt deen? :D

  4. Vun mir, mengen ech ;-)

  5. Du mengs richteg. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *