Problem mat de Kommentarer

De Joël huet mech drop higewisen, dass hien keng Kommentarer méi kann hei posten. Dee selwechte Problem (an nach méi, ech konnt och net méi posten) hat ech och, sinn awer ufanks dovunner ausgaangen de Problem léich bei mir an ee vu menge Matbewunner géing Blödsinn mat eiser IP uriichten.

De Probleem louch awer un eppes ganz anescht: de Bad Behaviour Plugin. Et ass awer haut ee Fix erauskomm, deen ennert grad genanntem Link ze fannen ass. Also jiddferengem vun iech, deen dese Anti-Spam Plugin benotzt, sief geroden desen Update z’installéiren.

Haut rein in die Tasten. :)

Published on

in

Comments

  1. Hm da kann ee sech scho Froen stellen, wann dein Blog der schons ewell seet wans de béis wors… Ass jo schlemmer wéi de Kleeschen

  2. Hehe. Jo, well de Kleeschen mengen ech schafft nach mat klassesche Lëschten. Dat hei leeft alles op topmodernen MySQL Datenbanken, vill méi efficace. ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *