Beim Grommel gett et eng Diskussioun zum Impuls vu gëschter Owend tëscht der Madame Frank an der Madame Err. Folgenden Text ass déi ausgebaute Versioun vum Kommentar, deen ech do hannerlooss hunn. Ech hunn mer geduecht, et wier et wert, mäi Pefferkär an engem eegenen Post festzehalen, virun allem well ech net sou ganz mat de meeschten Positiounen beim Grommel an der Diskussioun averstaanen sinn.
Eigentlech ass et nemmen erem ee weideren Impuls Débat fir an d’Kategorie “et huet eis net weiderbruecht, mee ‘t ass gudd dass mer mol driwwer geschwat hunn”. Et kennt mer esou vir, wéi wann d’Diskussioun emmer genau géing dee Moment ofgebrach ginn wou e bessen Schwong dra kennt.
Zu den zwee Spriecherinnen: d’Madame Frank (géint d’Euthanasie) huet argumentativ vläit verluer wéi de Grommel notéiert, mee dofir war mir perséinlech d’Madame Err awer extrem onsympathesch. Hier Kierperhaltung war därmoossen iwwerhieflech, dass ech mech bal guer net konnt op hier Argumenter konzentréieren. (Interessanterweis werft de Grommel allerdéngs der Madame Frank Arroganz fir.)
Als ehemolegen Chrëscht (ganz laang hier) an agnosteschen Theist deen sech lues awer sécher um Wee zum Antitheist befënnt, sinn ech zwar schon gréisstendeels mat der Madame Err averstanen, kann awer och der Madame Frank hiere Standpunkt gudd novollzéien. Déi Fro nom Choix ass guer net esou einfach, wéi d’Madame Err dat duerstellt. D’Madame Frank ass als iwwerzeegte Chrëscht vun hierem chrëschtleche Wert iwwerzeegt, dass ee Mënsch weder säin eegent, nach engem aneren säin Liewen beenden dierf. Déi Fro op d’Net-Chrëschten domatter averstanen sinn stellt sech eigentlech guer net. Dee Moment wou si als Chrëscht engem aneren dee Choix géing iwwerloossen, géing si hiere Wert jo a gewesser Hinsicht opginn. Si géing engem Drëtten d’Lizenz an de Grapp drécken, ee Liewen ze beenden. Domatter hätt si hier Werter, d’Liewen ze éiren a kee Liewen ze beenden, verroden.
Ech verstinn wuel, dass et Leit ginn déi hierem Liewen wellen an sou enger schwéierer Zäit een Enn maachen (an ech kennen där Fäll duerchaus). Allerdéngs weist eben genee dat Beispill vun deem Tétraplégic, dass déi aktiv Stierwehellef guer net esou evident ass. Do gouf enger Persoun beim Stierwen gehollef, déi net am Stierwen louch. De Jong war “just” tétraplégic. Do froen ech mech: wou zéien mer d’Grenz? An dat ass eppes, wat d’Madame Frank och ugeschwat huet: Palliativmedezin ass gudd a muss sinn, mee ass et wierklech ze verantworten aktiv anzegräifen? Hat deen d’Dokter d’Recht, enger Persoun d’Liewen ze huelen, déi anerwerts zwar een extrem ageschrängtent Liewen gefouert hätt, mee trotz allem weidergeliewt hätt? D’Madame Err gesäit dat Beispill als een Argument fir d’Euthanasie, an si huet Partei fir den Dokter ergraff. D’Madame Err ass Co-Auteur vum Gesetzestext. Do muss ech soen, mat sou enger extreem liberaler Astellung wéini een dierf aktiv Stierwehellef bedreiwen mécht dat Gesetz mir Angscht.
Eng ganz aner Fro, an dat ass een Argument vun der Madame Frank dat ech absolut novollzéien kann, ass, wéi een et kann engem Dokter operleen, een aneren Mënsch an den Doud ze féiren. Kréien mer eng Zwee-Klassegesellschaft vun Dokteren? Eng speziell Abteilung, wou Dokteren schaffen déi et psychesch verkraften, engem anere Mensch säi Liewen aktiv ze beenden (wat eppes anescht ass, wéi ee Patient ze verléiren!).
Wouropper ech well eraus ass, datt déi ganz Problematik wäitaus méi komplizéiert ass, wéi dat vläit an der Diskussioun erauskoum (wat virun allem wuel un deene lächerlech kuerzen 20 Minutten dierft leien). An einfach nemmen ze soen, “ech well ee Choix,” ass net déi richteg Léisung. Dee Choix muss ganz stark ageengt ginn. Et ass ethesch — chrëschtlech Werter mol op der Säit gelooss, och ech als Net-Chrëscht hunn éierlech gesot Bedenken (An an enger Demokratie dierf een dat gottseidank. Just d’Madame Frank huet esou grouss Bedenken, dass si d’Gesetz well verhenneren, an dat ass am Endeffekt och hiert Recht, egal wéi een et dréit.) — emmerhin ee ganzt heikelt Thema.
Arrogant an hypokritesch ass der Madame Frank hier Positioun awer op kee Fall. Si steet fir hier Iwwerzeegung. An wann een ee Schrëtt nohannen geet an dat Ganzt e bessen objektiv analyséiert, fällt op, dass ee guer keng sou eng konditiounslos Akzeptanz vun dem Gesetz sollt hunn, wéi d’Madame Err dat zum Beispill huet.
Leave a Reply