Playlist

by

Laang gouf et keng méi, keen huet se vermesst, a nach manner Leit hunn no enger neier verlaangt, mee well ech et intressant fannen zeréckzekucken wéi eng Lidder ech firun e puer Méint sou regelméisseg gelauschtert hunn gett et elo erem eng. Sou egozentresch wéi ech eben sinn.

Alizée – Mademoiselle Juliette
Band from TV – Minnie the Moocher
Vitamin String Quartet – Sober
The Killers – Shadowplay
Imogen Heap – Speeding Cars
Powderinger – Lost and Running
Remy Zero – Anger
ex vivian – 1
Charlotte Gainsbourg – Night-Time Intermission
Nina Kinert – Hymn For You to Sing
Nada Surf – See These Bones
Delta Goodrem – Brave Face
Radiohead – Videotape
Coconut Records feat. Zooey Deschanel – Ask Her To Dance
meiko – Reasons To Love You
Stars – The Night Starts Here
Lorraine – I Feel It
Santana feat. Chad Kroeger – Into The Night
Sigur Rós – Samskeyti
Lars Winnerbäck feat. Miss Li – Om du lämnade mig nu
John Powell – Assets And Targets

Tags

6 responses to “Playlist”

  1. Wéi féiers du dann doriwwer Buch wann ech froen däerf: iTunes oder iergendee social web service?

  2. Vu sou Social Networking à la last.fm halen ech net vill. Do war ech emol eng Zäitchen, mee firwat soll ech iergendenger Firma een total détailléierte Abléck ginn an déi Musék déi ech lauschteren?

    Hunn am iTunes eng Rei Smart Playlists, déi nom folgende Schema opgebaut sinn:

    Match all of the following rules:
    Last played is after 1/8/2007
    Last played is before 31/8/2007
    Limit to 25 items selected by most often played

    Doriwwer eraus fannen ech déi Lëschten hei am Blog awer och praktesch fir ze gesinn wéi eng Lidder ech gudd genuch fonnt hunn fir der Welt dobaussen z’emfeelen. Dofir gett et lo rem eng Lëscht. :)

  3. Merci fir den Tipp mat de Smart Playlists. Hunn déi Funktioun nach ni fir sou eppes benotzt. Alt rëm eppes bäigeléiert. :)

  4. Fir dass en der d’Lidder och uweist déi’s de iwwer ee Mount erausgespillt hues, muss de den Datum vun der éischter Playlist iwwregens bäibehalen. Soss ignoréiert en d’Lidd wats de zum Beispill den 20.8. firdéischt gelauschtert hues, awer eréischt den 2.9. fir d’lescht. Also:

    August:
    Last played is after 1/8/2007
    Last played is before 31/8/2007

    September:
    Last played is after 1/8/2007
    Last played is before 31/9/2007

    Oktober:
    Last played is after 1/8/2007
    Last played is before 31/10/2007

    Et sinn keng Charts per se, et ass emmer nemmen eng ongeféier Iwwersiicht iwwer déi Lidder déi am respektive Mount am meeschte gelaaf sinn. Wanns de am August ee Lidd 300 mol lafe léiss, ass dat am September wahrscheinlech och nach wäit fir. Fir meng zwecker geet et duer, ech kréien eng Ahnung wat ech an wéi engem Zäitraum ongeféier gelauschtert hunn. Fir richteg Charts geet eng Smart Playlist leider net duer. :( Do feelt eng Funktion à la “Played within month ‘November’”.

  5. Serge

    alizée ??????
    uhm dei smart playlist ass net domm muss ech och mol probeieren :)
    bzw dach dach ass schon intressant wat en aneren sou lauschtert

  6. Jo. An ech schummen mech emol net dofir. :P

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *