Glückwunsch, Herr Schäuble

by

Deutschland ist ab heute, Freitag den 9. November, ein Überwachungsstaat. Auch Demonstrationen im ganzen Land und ein geschlossenes Votum der Opposition gegen das heftig umstrittene Gesetz konnte es nicht mehr verhindern: der Deutsche ist ab nun der Prototyp des gläsernen Menschen.

Ein kleiner Trost ist lediglich die Tatsache, dass durch eine Forderung der Grünen und der Liberalen das Votum auf einer detaillierten Namensliste festgehalten wurde. Wenigstens wird man so in den nächsten Tagen die Liste der Politiker veröffentlichen können, die die Privatsphäre endgültig abgeschafft haben.

Tags

24 responses to “Glückwunsch, Herr Schäuble”

  1. In naher Zukunft kann man wohl auch hier lesen: “Glückwunsch, Herr Frieden UND Herr Juncker” …

    Jaja, die Liberalen und die Grünen sind momentan jawohl die Einzigen, die die Freiheit des Menschen retten wollen, doch dies sehen verschiedene Leute (leider) einfach noch nicht. Manche merken’s eben erst, wenn’s zu spät ist. So ist dann wohl “der Mensch”. :/

  2. Hoffen mir, daat d’Letztebuerger daat ganzt esou laang vertrentelen, bis festlait, daat déi EU-Direktive zereckgezunn ged.

  3. Wien géing déi dann zeréckzéien? Do sëtzen dach zum gréissten Deel just déi Idioten, déi souguer ze blöd waren fir an hier respektiv national Regierungen.

  4. Also d’Iwwerwaachungskamera’en sinn jo schon um Wee! Déi kommen jo e.a. an den Park an op de Glacis (Senn?), fir dass Drogendealer aus dem Park verschwannen! Asou, haate mer virun e puer Joër net deen Problem, dass duerch méi regelmässeg Kontrollen vun eiser Police am Park Drogendealer wollten erop op de Lambertsbierg bei den Arts et Métiers, den Schumann an den Jonge Lycée goen an den Jonken et direkt virun der Diir verkaafen. Mee bon déi aktuell Regierung mecht souwisou NAISCHT fir d’Jugend oder besser gesoot näischt Guddes. Ech glewen, dass déi eenzel Direktiounen sech och schons wäerten frëen!

  5. 78% vun de Fransousen sinn anscheinend fir Iwwerwaachungskamera’en op geféierlechen Plaazen (oder Plaazen, wou et sëcher soll sinn). Kann ech verstoen. D’Problematik wärt sech dann natiirlech oft just verlageren …

    Ech perséinlech sinn och fir eng gewëss Iwwerwwachung vum öffentlechen Raum, wann sou Kriminalitéit verhënnert kann ginn, oder et hier opmanst méi schwéier gemaach gët. Dat heescht natiirlech net, dass lo jidereen soll doheem eng Kamera agebaut kréien.

    An ech sinn generell fir en méi haart Duerchgreifen vis-à-vis vun Kriminellen.

  6. Zousaatz: Wat allerdengs d’Speicheren vun Online-Daten ugeht, sou fannen ech, dass dat Gesetz do en effet ze wäit geht an just an präzisen Verdachtsfäll dierft an déi Richtung geschafft ginn.

  7. Soll ech eppes verroden Grommel? Ech liewen an enger Stad wou iwwerall Kameraen sinn. An mir hunn eng vun den héchsten Kriminalitéitsraten an Europa. Wat seet der dat? Iwwerwachungskameraen léise kee Probleem, si ginn engem just d’Illusioun sécher ze sinn, wann een dann domm genuch ass un sou eng falsch Sécherheet ze gleewen. Op Kriminalitéit domatter méi schwéier gemaach gett bezweiflen ech, déi déi welle kriminell sinn léen sech just méi schlau unn. En plus setzen hannert de Kameraen souwisou haaptsächlech Männer, déi noweislech primär eppes ganz anescht am Bléck hunn an eruzoomen: Fraen.

    Mam Späicheren vun den Onlinedaten kraatzt de emol net un der Oberfläch vun deem Gesetz. Et gett och ofgespäichert mat wiems de wéini wéi laang telefonéiert hues. Wanns de mam Handy telefonéiers gett zousätzlech ofgespäichert, wous de zu deem Zäitpunkt wars. Net schlemm? Dat huet wäitreechend Folgen, zum Beispill fir Pressefräiheet: wéi ee Journalist fennt dann nach eng Quell, wann déi ganz genee wees, dass zu all Moment kéinnt nogewisen ginn wien déi Quell ass. Wien rifft dann nach bei engem Psychiater un oder engem Affekot, oder traut sech soss ee vertraulecht Gespréich ze halen (oder zumindest ee Rendez-Vous fir eent ze froen), wann de Staat dat direkt iwwert een registréiert? Ass et esou flott, wann de Staat däin Bekanntekrees kennt – an wehe, do ass een drënner, deen schon eng Kéier opgefall ass, a wann en nemmen de Loyer emol ze spéit bezuelt hat.
    Et gett eng Paranoia geschaaf, déi souguer nach gerechtfertegt ass. An ausser dat bréngt dat Gesetz guer näischt. Well wéi een Terrorist wier scho bescheuert genuch, keng verschlësselt Verbindung ze benotzen, wann en een Attentat plangt. Däitschland kritt en neien Zäitalter vun der Hexenjuegd. Sou wéi d’Amerikaner ennert dem McCarthy…

    Do hunn Leit ee Gesetz ofgestemmt, well se méi Muecht wëllen, ouni déi geréngsten Ahnung ze hunn, wat se do tatsächlech gestemmt hunn. Déi Iwwerwaachung war nämlech och firdrunner schon méiglech! (fir op deng ‘präzis Verdachtsfäll’ anzegoen) Just, dunn huet eben missten ee Verdacht bestoen an et huet een e richterleche Beschlos gebraucht. Lo gett jiddfereen “preventiv” iwwerwaacht. Totaliwwerwaachung, Iwwerwaachungsstaat, Diktatur. Nenn et wéis de wells. Kriminalitéit verhennert et keng a verréngert se och emol net. Si hellt just dem rechtsschaafende Bierger erem e bessen méi vu senger Fräiheet.

  8. thierry:

    Wann een mat der Hëllef vun Kamera’en verschidden Plaazen entkriminaliséieren kann, dann fannen ech dat gudd. An dorunner ännert och de Fait, dass d’Kriminalitéit sech verlagert näischt. Besser wier et natiirlech, wann et keng Kriminalitéit giff ginn oder een eppes efficace dogéint kéint man, mee wat ennerhëlls de gär dogéint? Die Läit just heemelen oder léiw mat hinnen schwätzen brengt och näischt.

    >En plus setzen hannert de Kameraen souwisou haaptsächlech Männer, déi noweislech primär eppes ganz anescht am Bléck hunn an eruzoomen: Fraen.

    Jo, bon, dat ass natiirlech net im Sinne des Erfinders. Dat muss dann besser geregelt ginn. Mee wann der Moral sou wichteg ass, dann muss de och den Internet verbidden. Do geht et villen Männer och haaptsächlech nemmen em eppes.

    Ginn et bei deem Schäuble-Gesetz dann iwwerhaapt keng Limiten!? Do mussen dach Schutzmechanismen oder sou matagebaut sinn?

    Mee vun enger Diktatur ze schwätzen ass falsch a mengen Aan. Well sie der jo net virschräiwen, iwwert wats de schwätzen därfs an wat net. Du dierfs jo, souwäit ech weess, iwwert alles schwätzen ‘just’ dass et halt registréiert gët (wat, wou ech der Recht ginn, eng Sauerei ass). Wanns du lo awer mat denger Bomi telefonéiers pickt dat jo awer keen Mënsch an deng Fräiheet gët doduerch net ageschränkt.

    An et muss dach irgendwou an dem Gesetz festgehalen sinn, dass lo net de Josi mol einfach sou aus Langweil oder Virwetz kucken kann, wen alles dem Dokter XY ugeruff huet? Ass dat net fir an Noutfäll (den Dokter XY gouff embruecht oder huet Terroristen Chemikalien verschaaft) könne nozekucken oder ze retracéieren, ween alles dem Dokter XY ugeruff huet fir dorausser dann eng Erkenntnis können ze kréien?

  9. Soulaang een Kriminalitéit selwer net gesäit ass alles an der Rei? Ech sot ni, ech hätt eng Léisung fir Kriminalitéit z’ennerbannen. Ech soen just, dass d’Politiker esou maachen wéi wann si se kéinnten ennerbannen obwuel se ganz genau wessen, dass dat de Leit äiskaal an d’Gesicht gelunn ass. Ee Kriminellen films de net, dat sin déi éischt déi spatz hunn wéi ee Wénkel d’Kamera net erfaasst.

    Wou ass dann den Zesummenhang tëscht engem Typ deen sech um Internet ee Porno eroflued, an engem Sécherheetsbeamten, deen amplaz seng Arbëscht ze maachen Fraleit nokuckt? Et spillt dach keng Roll, wat een owes no Feierowend um Internet eroflued, mee op der Arbëscht soll een sech gefällegst zeréckhalen. Et gett jo och Mëttepaus, wann een dann esou noutgäil ass. Soit, op wat ech well eraus: et ass net onmoralesch Fraleit nozekucken, et ass onverantwortlech dat ze maachen amplaz seng Arbëscht ze maachen.

    Jo, als Privaten kenns de net un déi Daten drun. Dat ass awer och sou zimlech déi eenzeg Barrière. D’Police kann mat deenen Daten maachen wat se well, och ouni richterleche Beschloss. Dozou sot déi däitsch Regierung just, et misst een e bessen Vertrauen an de Staat an seng Organer hunn… (Wéi wier et emol emgedréit, dass de Staat senge Bierger vertraut?) Wat mengs de firwat dat Gesetz esou hefteg emstridden ass, wann et do vill Limiten géifen ginn wier nemmen hallef esouvill Oprou gewiecht. Wéi de Verfassungsschutz sech ageschalt huet, hunn se d’Gesetz just e bessen paraphraséiert.

    Ech fannen Diktatur trefft zu engem gewesse Grad duerchaus zou, hei ginn perséinlech Fräiheeten ageschränkt (d’Recht zur informationeller Selbstbestemmung gett domatter zum Beispill komplett ennermauert, an dat gehéiert dem Urteel vum Bundesverfassungsgericht zu de Grondrechter). An ee Staat dee Grondrechter ofschaaft ass eng Diktatur.

    De Probleem ass jo awer eben, dass kee Verdachtsmoment muss bestoen fir un déi Daten ze kommen! Et brauch kee richterleche Beschloss méi, wann een et fir noutwendeg hällt, kennt en un déi Daten drun.

    Der Deutsche Bundestag hat trotz der von vielen Seiten vorgebrachten erheblichen Zweifel an der Verfassungsmäßigkeit die generelle und verdachtslose Vorratsdatenspeicherung von Telekommunikationsdaten beschlossen. Zwar orientiert sich das Gesetz an der in der EG-Richtlinie vorgegebenen Mindestspeicherungsfrist. In verschiedener Hinsicht geht das Gesetz allerdings über die Vorgaben der Richtlinie hinaus, insbesondere hinsichtlich der Verwendung der Daten für weniger schwere Straftaten und ihre Übermittlung an die Nachrichtendienste und Ordnungsbehörden. Damit wird den Ordnungsbehörden und den Nachrichtendiensten ohne richterliche Prüfung ein Zugriff auf die Verkehrsdaten gestattet. Nicht zuletzt wird die Möglichkeit zur anonymen und unbeobachteten Internetnutzung künftig nicht mehr gewährleistet.

    (méi)

  10. Also ech well nemmen eng greng däitsch Politikerin zitéieren (aus der Maybret Illner Sendung am September 2007): “Wenn aus einem Rechtstaat wie Deutschland durch Terrorismus ein Überwachungsstaat wird, haben für mich die Terroristen ein Teil ihres Zieles erreicht!”

    an do muss een elo näischt méi dobäi schréiwen…

  11. thierry:

    >Soulaang een Kriminalitéit selwer net gesäit ass alles an der Rei?

    Firwat net? ;) Mir fueren jo bei villen aneren Themen och gudd mat der Vogel Strauss Politik oder pickt et irgendeen hei wirklech, dass irgendwou an Afrika Kanner d’Iessen mussen op en Dreckstipp sichen goen? Stéiert dat irgendeen fir den Owend an de Restaurant ze goen?

    >Ech soen just, dass d’Politiker esou maachen wéi wann si se kéinnten ennerbannen obwuel se ganz genau wessen, dass dat de Leit äiskaal an d’Gesicht gelunn ass. Ee Kriminellen films de net, dat sin déi éischt déi spatz hunn wéi ee Wénkel d’Kamera net erfaasst.

    Einfach gewärden loossen kann een se jo awer och net, oder?

    >Et spillt dach keng Roll, wat een owes no Feierowend um Internet eroflued, mee op der Arbëscht soll een sech gefällegst zeréckhalen.

    Absolut. Mee dann muss een halt kucken, dass op der Arbechtsplaaz Disziplin an Seriositéit herrscht. Muss op aneren Plaazen jo och sou sinn.

    >Soit, op wat ech well eraus: et ass net onmoralesch Fraleit nozekucken, et ass onverantwortlech dat ze maachen amplaz seng Arbëscht ze maachen.

    Dat hängt dann just u sengem Chef. An dass deen hannert der Kamera säin Job messbraucht bedéit net noutgedrongen, dass seng Aufgab usech onmoralesch oder falsch wier. En Messer kann een och huelen fir eng Schmier ze schmieren oder fir een emzebrengen.

    >D’Police kann mat deenen Daten maachen wat se well, och ouni richterleche Beschloss. Dozou sot déi däitsch Regierung just, et misst een e bessen Vertrauen an de Staat an seng Organer hunn …

    Fannen ech och. Mee natiirlech muss regelméisseg kontrolléiert ginn, op dat Vertrauen verdengt ass. Vertrauen ist gut, Kontrolle ist besser ;)

    >Wéi wier et emol emgedréit, dass de Staat senge Bierger vertraut?

    De Staat vertraut sengen Bierger, allerdengs net de Kriminellen. An well déi net mat engem groussen Schëld ‘Ech sinn e Kriminellen’ duerch d’Landschaft wackelen, muss een halt aner Methoden fannen fir géint se virzegoen. Dass et do kollateral Schied können ginn ass leider onausweichlech.

    >Ech fannen Diktatur trefft zu engem gewesse Grad duerchaus zou, hei ginn perséinlech Fräiheeten ageschränkt (d’Recht zur informationeller Selbstbestemmung gett domatter zum Beispill komplett ennermauert, an dat gehéiert dem Urteel vum Bundesverfassungsgericht zu de Grondrechter). An ee Staat dee Grondrechter ofschaaft ass eng Diktatur.

    Wat ass ‘informationell Selbstbestemmung’??

    An naja, wann en Staat x (an dat wärten der jo eng Rëtsch sinn) Grondrechter huet, an dovunner eent beschneid, dann ass dat nach keng Diktatur an mengen Aan. Mir sinn jo awer lo net op eemol Burma ginn oder Kuba?

    >De Probleem ass jo awer eben, dass kee Verdachtsmoment muss bestoen fir un déi Daten ze kommen!

    Wann ech dat richteg verstaan hunn, dann geht dat awer em ‘Daten für wenige schwere Straftaten’ an net einfach em all Donnéen, déi et sou ginn? Kann mech awer ieren, well ech kennen den Text jo net am Détail.

  12. tom:

    >“Wenn aus einem Rechtstaat wie Deutschland durch Terrorismus ein Überwachungsstaat wird, haben für mich die Terroristen ein Teil ihres Zieles erreicht!”

    Soulaang et keen islameschen Iwwerwaachungsstaat gët, kann dat Ganzt net am Sënn vun den Terroristen sinn ;)

  13. Grommel, du hues d’Aussoe falsch verstaanen. Et ass esou, dass d’Terroristen en Deel vun hierem Ziel domatter errecht hun, well d’Léit dann mengen dass se op deenen Plaatzen secher sinn. Dass Kamera’en näischt -awer wirklech guer näischt- brengen, wéisst den leider nach emmer aktuellen Fall an Groussbritannien. Esouguer mat Dousenden vun CCTV Kamera’en gelengt et der Police vun London net ze verhenneren, dass weider Jugendlecher embruecht ginn! Obwuel e puer Zentimeter weider eng CCTV Kamera hängt!! Et kann een d’Kriminalität nemmen erofsetzen (secherlech net op 0 setzen) wann een d’Policisten gudd ausbild an een se oft an regelmässeg op den “Terrain” scheckt (am ganze Land).
    A wann verschiddener sech virun e puer Deeg nach opgereegt hunn, dass mat enger Trennung vun Kierch a Staat och de Weekend giff ofgeschaaf ginn, muss een sech elo driwwer obregen, dass den Kontrollstaat hei am Land mat der Installatioun an Ugreff geholl gett. Vive den “V for Vendetta”! ( -> http://www.youtube.com/watch?v=chqi8m4CEEY )

    En Rechtsstaat dierf NII en Iwwerwaachungsstaat ginn! Well wann et geschidd hun och d’Terroristen en Deel vum Ziel errecht. Mir hun dann eis endlech -wann och nemmen e besschen, mee et wier en Ufank- wéinst deem waat sie maachen, eis verännert an mir sinn dann am gaangen lues a lues op hier Säit ze goen. Mir änneren eisen System, eist Liewen an dat ass eben een But vun den Terroristen. Zumols hei am Land ass d’Iwerwaachungskamera’en katastrophal fir den Bierger, deen souwisou bei den Medien net vill -eigentlech guer keng- Alternativ méi huet ewéi een vun der Regierung bezuelten Fernsehsender. Den Bierger gett just dat gewuer, waat net esou schlemm ass. Ween erennert sech dann zum Beispill drun oder wees iwwerhaapt, dass den Häerr Juncker an engem Briefing virun e puer Joër (2 wann ech mech elo net ieren) gesoot huet, dass et hei am Land e klengen awer zimlech geféierlech islamisteschen Terrorgroupe giff ginn?!?
    Deen och schons Attack geplangt huet an am Gaangen ass ze plangen?!?!?

    Mir änneren eis, fir eis secher ze fillen. Mee d’Gefill vun Angscht kann een och net “ofschaafen” a wann een behandelt gett ewéi een klengt Kand à la Et-ass-alles-an-der-Réi ass schlecht. Den David Cameron (President vun den briteschen Konservativen) soot am August dëst Joër “We have a broken society”. Hien huet Recht – leider-!

  14. Soulaang et de Läit gudd geht, ass et deenen Meeschten egal op irgendwou e puer Kamera’en opgehaangen ginn fir Secherheet ze garantéieren. Soulaang et de Läit hei gudd geht, wielen sie och weiderhin CSV. Die meescht Läit hunn Stabilitéit an Sécherheet gären.

    An wann zwousch Kamera’en opgehaangen ginn fir domadder Drogendealer etc vun verschiddenen ze verdréiwen, hunn ech keen Problem domadder. Natiirlech wier et besser sie kéinten do einfach dann massiv Flic’en patroulléieren loossen, mee dat wärt wuel um Geld scheiteren huelen ech un. An wier dat net och rem eng Zort vun Iwwerwaachungsstaat, deen iech nees net gefaalen géiff? Am beschten wier natiirlech eng Gesellschaft, wou Kriminalitéit iwwerhaapt net opkommen géiff. An dat net wéinst Répressioun, mee aus ‘gesonden Menschenverstand’ eraus. Mee dat ass eng komplett Utopie.

    Generell fannen ech souwiesou misst d’Justiz an gewëssen Fäll vill méi haart duerchgräifen. An eisem Land ginn et Spillregelen, ween sech net drun halen wëll/kann, haat eben Pech an muss d’Konsequenzen erdroen. Dat gëlt och fir den ‘Respekt’ vun abartegen Traditiounen an Glaawenssystemer. Do muss net all Schäiss toleréiert ginn, just well mir eng Demokratie sinn. Intoleranz an Kriminalitéit därfen net toleréiert ginn.

    Dat ass villäicht net emmer bis an de läschten Détail gerescht, mee, Breaking News, d’Liewen usech ass numol net gerecht. An mir können et souwiesou och nie ganz gerecht man. Wann dat engem net passt, dann kann en sech jo bei Gott, beim Universum, be der Natur oder weem och emmer beschwéieren …

    Generell gëlt fir eis Géigenden: Läit, déi sech näischt zu Scholden kommen geloss hunn, hunn och näischt ze färten.

  15. Mir fueren jo bei villen aneren Themen och gudd mat der Vogel Strauss Politik oder pickt et irgendeen hei wirklech, dass irgendwou an Afrika Kanner d’Iessen mussen op en Dreckstipp sichen goen? Stéiert dat irgendeen fir den Owend an de Restaurant ze goen?

    Also mech pickt et… Ech wees, dass hinnen net gehollef ass, wann ech dofir och net iessen. An ee Restaurant ginn ech awer eigentlech ni, ausser wann mol eng Kommunioun ugesot ass (an souguer dann, d’nächst Joër sinn ech fir d’Kommuniounen gottseidank guer net am Land). Ech hunn awer och d’Chance op enger offizieller Transfair Uni ze setzen, et ass also och zimlech einfach wéinstens duerch sou Produiten e klengen Deel zur Gerechtegkeet bäizedroen. An jo, ech war och schon e puer mol mat dobäi wann et drem gaangen ass fir ee Camion mat Liewensmettelen an Afrika ze schécken…
    An och an deem Fall hunn ech net vill Respekt fir Leit, déi sech all Woch an de Restaurant setzen ginn an sech en Dreck em de Recht vun der Welt këmmeren.

    Mee natiirlech muss regelméisseg kontrolléiert ginn, op dat Vertrauen verdengt ass. Vertrauen ist gut, Kontrolle ist besser ;)

    Et gett jo net regelméisseg iwwerwaacht, mee permanent. Ganz egal firwats du ee Protokoll kriss, et kann direkt ouni iergendeng Limit op all deng Kommunikatiounsdaten zougegraff ginn.

    De Staat vertraut sengen Bierger, allerdengs net de Kriminellen. An well déi net mat engem groussen Schëld ‘Ech sinn e Kriminellen’ duerch d’Landschaft wackelen, muss een halt aner Methoden fannen fir géint se virzegoen. Dass et do kollateral Schied können ginn ass leider onausweichlech.

    Du wees awer schon, dass et firdrunner och duerchaus méiglech réckwierkend un sou Kommunikatiounsdaten ze kommen, zumols beim Telefon? Déi hunn souwisou missten ofgespäichert ginn, fir Telefonsrechnungen. Zu Barcelona hunn se sou déi Verantwortlech fonnt. Deen eenzegen Ennerscheed ass elo, wann e Flic dir ee Protokoll schreiwt fir Falschparken, huet en duerch dat Gesetz d’Erlaabnis, ze kucken mat wiems du déi lescht Méint telefonéiert hues an wéi eng Säiten dass de esou am Internet uwiels. Dat ass kee kollateral Schued. Dat ass Totalzerstéirung.

    Wat ass ‘informationell Selbstbestemmung’?

    Wikipedia: Das informationelle Selbstbestimmungsrecht ist eine Ausprägung des allgemeinen Persönlichkeitsrechts und wurde vom Bundesverfassungsgericht im so genannten Volkszählungsurteil 1983 als Grundrecht anerkannt. Ausgangspunkt für das Bundesverfassungsgericht ist das Allgemeine Persönlichkeitsrecht, also Art. 2 Abs. 1 GG i.V.m. Art. 1 Abs. 1 GG (unter B II 1 a) des Urteils).
    Die freie Selbstbestimmung bei der Entfaltung der Persönlichkeit werde gefährdet durch die Bedingungen der modernen Datenverarbeitung. Wer nicht wisse oder beeinflussen könne, welche Informationen bezüglich seines Verhaltens gespeichert und vorrätig gehalten werden, werde aus Vorsicht sein Verhalten anpassen (s.a. Panoptismus). Dies beeinträchtige nicht nur die individuelle Handlungsfreiheit sondern auch das Gemeinwohl, da ein freiheitlich demokratisches Gemeinwesen der selbstbestimmten Mitwirkung seiner Bürger bedürfe. „Mit dem Recht auf informationelle Selbstbestimmung wären eine Gesellschaftsordnung und eine diese ermöglichende Rechtsordnung nicht vereinbar, in der Bürger nicht mehr wissen können, wer was wann und bei welcher Gelegenheit über sie weiß.“
    Das Recht auf informationelle Selbstbestimmung leitet sich nach Ansicht des EU-Parlamentes auch aus Artikel 8 Absatz 1 der Europäischen Menschenrechtskonvention ab:
    „Jedermann hat Anspruch auf Achtung seines Privat- und Familienlebens, seiner Wohnung und seines Briefverkehrs.“
    – EMRK Art. 8 (1)
    Aufbauend auf dieser Begründung hatte das EU-Parlament gegen die EU-Kommission Klage erhoben, weil die verbindliche Speicherung der Verkehrsdaten der EU-Bürger gegen diese Regelung verstoße.

    Wann ech dat richteg verstaan hunn, dann geht dat awer em ‘Daten für wenige schwere Straftaten’ an net einfach em all Donnéen, déi et sou ginn?

    Et gëllt fir all Strofdood (d’Gesetz grenzt néirens an fir wéi eng Strofdoten een dierf un déi Donnéen). Iwwerwachungsstaat eben.

    Die meescht Läit hunn Stabilitéit an Sécherheet gären.

    Déi meescht Leit hunn awer och Fräiheet gären. An Sécherheet (oder d’Illusioun dovunner) erlaabt keng Fräiheet.

    An wann zwousch Kamera’en opgehaangen ginn fir domadder Drogendealer etc vun verschiddenen ze verdréiwen, hunn ech keen Problem domadder.

    Du fills dech also besser, wanns de kanns duerch de Park treppelen, wells du dann keng Drogendealer méi gesäiss, an déi dann awer sech bei de Lycéen um Lampertsbierg ronderemdreiwen? Hei zu Cardiff gett et eng ganz einfach Regel: Et ginn Plazen, do gees de net hinn. Punkt. Firwat nach emmer al Bomien mengen si missten duerch de Park trëpplen ass mer ee Rätsel.

    Natiirlech wier et besser sie kéinten do einfach dann massiv Flic’en patroulléieren loossen, mee dat wärt wuel um Geld scheiteren huelen ech un.

    Dat scheitert virun allem och un der Intelligenz vun onse Flicen. Zanter dass ech mat eegenen Aan hunn missten materliewen, wéi ee Flic praktesch eng Panikattack krut well sollt ee Strummert aus engem Restaurant geheien, hunn ech guer kee Vertrauen méi an “mein Freund und Helfer.” (Net wéi wann ech der virdrunner vill gehat hätt). Mir brauchen eng besser ausgebilten Police (an erem obligatoreschen Militärdéngscht fir Polizisten!), dann kéinnt een der och patrouilléiren loossen. An, nee, wann ech d’Wiel hunn tëscht enger handvoll Polizisten déi z.B. iwer den Aldringen patrouilléiren (wat jo mettlerweil scho längst de Fall ass) oder enger Kamera, dann wielen ech d’Polizisten. Déi hunn nämlech zwee Virdeeler: si kennen agräifen wann eppes geschidd (wat hunn ech vun enger Kamera wann ee mer ee Messer an d’Panz stécht??) an si registréiren net alles op Video fir x Méint an gräifen a meng Privatsphär an.

    Läit, déi sech näischt zu Scholden kommen geloss hunn, hunn och näischt ze färten.

    Du hues mäi leschte Podcast net gelauschtert, oder? Ausserdeem: fréier oder spéider léisst jiddfereen sech eppes zu Scholden kommen (a wann et nemmen ee Protokoll wéinst Falschparken ass), a prompt kennt all Flic ganz legal un sämtlech Informatiounen iwwert engem säi Liewen.

    Ganz éierlech, ech géing gären an denger Welt liewen. Mee sou wohlwollend wéis de mengs, ass leider keng Regierung op dëser Welt. Si spillen mat eiser Angscht virun Kriminalitéit / Terrorismus, fir sech selwer lues a lues emmer méi Muecht ze ginn. An dat ass deen eenzegen Grond, firwat iwwerall Kameraen hänken an Telekommunikatioun iwwerwaacht an ofgespäichert gett.

  16. Esou komesch wéi et klengt, mee Thierry du hues meng Gedanken geschriwwen ouni dass ech dir se iwwerhaapt gesoot gehaat hätt. lol

    Grommel:
    “Läit, déi sech näischt zu Scholden kommen geloss hunn, hunn och näischt ze färten.”

    Do well ech nach zum Thierry senger “Äntwert” hinzufügen, dass bei engem Kontrollstaat JIDDEREEN (du, ech, däin Noper, mäin, deng Elteren, deng Famill, meng Famill, déi vun dengen Frenn etc. etc.) ass dann een Terrorist. (dat war iwwerengs nach een Zitat vun der Politikerin vun der mer den Numm net méi afaalen well). Well wou wells du d’Grenz setzen? Waat definéiers du als “normal”?? Dat kann een net définéieren! C’est un fait!

    En Beispill: Du telefonéiers mat engem Kolleg hei am Land. Direkt gett gekuckt mat weem deen schons an deenen läschte Méint telefonéiert huet. Soe mer deen hätt een Kolleg, deen an Italien studéiert. Hien scheckt deem eng SMS. Den Kolleg hällt sech oft mat engem aaneren italieneschen Staatsbierger op, deem säin Papp schafft fir eng Firma, déi Léit aus dem Pakistan oder Iran astellt. Pakistan -> Terroristencamps -> also bast DU en potentiellen Terrorist. Da gett gekuckt, wou basst de zum Beispill fir d’läscht higeflunn. Alles waats du am Fliiger ess oder drenks (genee esou ewéi däin Behuelen) gett notéiert. Du drenks keen Alkohol u Board an ess och keen Flesch => du bass ganz geféierlech!!!! Du bass en Moslem! A Moslem heescht jo scheinbar emmer Terrorist! An dat kann dann all Policist kucken goen…

    Des Weideren kanns de net soen, dass d’Ausbildung vun den Policisten ze déier giff ginn, mengs de net, dass d’Installatioun vun den Kamera’en PLUS Léit, déi hannerten den Bildschirmer setzen, ze forméieren an ze bezuelen ewuel -op mannst- genee esou déier ass!!

    An den System vum Kontrollstaat huet jo schons feelgeschloen. Stechwuert RAF! An momentan ass et eben am gaangen zu London feelzeschloen. Well Scotland Yard huet bis elo nach emmer KENG “richteg” Biller vun deenen Léit, déi Jugendlech embruecht hun! Also firwaat ob eppes setzen waat feelschléit ?!?!?

    An ewéi den V schons soot: “If you’re looking for the guilty…you only need to look into a mirror! I know why you did it. I know you were afraid, who wouldn’t be? War, terror, deseases…”
    Wann den Bierger sech net dogéint wiert, ginn ech eiser Societät nach maximal 10 Joër bis dass mer esou eppes kennen soen. Respektiv bis dass ech et ka soen, well ech well a wäert mech net enger kompletter Gehierwäsch ennerzéien, déi déi verschiddenen Politiker jo elo schons mam Bierger maachen!!!!

  17. thierry:

    >An ee Restaurant ginn ech awer eigentlech ni, ausser wann mol eng Kommunioun ugesot ass

    Dozou sief mol gesot, dass e Restaurant usech näischt verwerfleches ass. Et ass éischter d’Astellung zum Iessen.

    >An jo, ech war och schon e puer mol mat dobäi wann et drem gaangen ass fir ee Camion mat Liewensmettelen an Afrika ze schécken…An jo, ech war och schon e puer mol mat dobäi wann et drem gaangen ass fir ee Camion mat Liewensmettelen an Afrika ze schécken…

    All Respekt, mee die mannsten sinn sou Weltverbesserer. Ech spenden heiandsdo Suen, bis lo hunn ech mech net zu méi opgerappt kritt. Liewensmettel fir Afrika sinn och gudd, allerdengs sollt een besser kucken, dass net onkontrolléiert nach méi Menschen op enger Plaaz op der Welt nokommen, déi sech souwiesou schon net alleng ernähren kann. Mee dat wier eng separat Diskussioun usech wärt.

    >An och an deem Fall hunn ech net vill Respekt fir Leit, déi sech all Woch an de Restaurant setzen ginn an sech en Dreck em de Recht vun der Welt këmmeren.

    Do ginn ech der generell Recht.

    >Ganz egal firwats du ee Protokoll kriss, et kann direkt ouni iergendeng Limit op all deng Kommunikatiounsdaten zougegraff ginn.

    Ah sou? Ech duecht réischt bei engem präzisen Verdachtsfall oder fir en Crime opzeklären?

    >Deen eenzegen Ennerscheed ass elo, wann e Flic dir ee Protokoll schreiwt fir Falschparken, huet en duerch dat Gesetz d’Erlaabnis, ze kucken mat wiems du déi lescht Méint telefonéiert hues an wéi eng Säiten dass de esou am Internet uwiels. Dat ass kee kollateral Schued. Dat ass Totalzerstéirung.

    Wann dat do stëmmt, ass et natiirlech eng Riesensauerei. Duerch wat begrennen sie dat Recht, dass e Pächert oder Stroossenflic un déi Donnéen muss kommen??

    >Et gëllt fir all Strofdood (d’Gesetz grenzt néirens an fir wéi eng Strofdoten een dierf un déi Donnéen). Iwwerwachungsstaat eben.

    An wat ass hiert Argument fir esou en onselektiven an onprotégéierten Zougrëff?

    >Déi meescht Leit hunn awer och Fräiheet gären. An Sécherheet (oder d’Illusioun dovunner) erlaabt keng Fräiheet.

    Total Fräiheet huet souwiesou keen. E bessen manner Fräiheet (Definitiounssaach…) fir méi Sécherheet, ech mengen do wieren die meescht d’accord. Léiwer e puer Kontrollen méi, wéi en Attentat erméiglechen.

    >Du fills dech also besser, wanns de kanns duerch de Park treppelen, wells du dann keng Drogendealer méi gesäiss, an déi dann awer sech bei de Lycéen um Lampertsbierg ronderemdreiwen?

    Dann sollen se och do Kamera’en ophänken oder opmanst d’Flic’en regelméisseg laanscht schécken, wann de Problem bekannt ass.

    >Firwat nach emmer al Bomien mengen si missten duerch de Park trëpplen ass mer ee Rätsel.

    Well sie de Park schéin fannen? Well se keen Gaart hunn? Well se sech d’FRAIHEET net wellen huelen loossen fir duerch de Park ze goen?

    >An, nee, wann ech d’Wiel hunn tëscht enger handvoll Polizisten déi z.B. iwer den Aldringen patrouilléiren (wat jo mettlerweil scho längst de Fall ass) oder enger Kamera, dann wielen ech d’Polizisten.

    Ech hunn nie behaapt ech giff dat net sou gesinn. Just schengen jo a. net genuch Flic’en do ze sinn an b. eis Flic’en keng Lumièren ze sinn.

    >Du hues mäi leschte Podcast net gelauschtert, oder?

    Nee, sorry. Mäin Dag huet och nemmen 24 Stonnen ;)

    >Ausserdeem: fréier oder spéider léisst jiddfereen sech eppes zu Scholden kommen (a wann et nemmen ee Protokoll wéinst Falschparken ass), a prompt kennt all Flic ganz legal un sämtlech Informatiounen iwwert engem säi Liewen.

    Wéi gesot, wann dat do tel quel sou stëmmt, ass dat natiirlech e Skandal. Wou ech nach emmer gären wéist, wie sie dat rechtfertegen.

    >Ganz éierlech, ech géing gären an denger Welt liewen. Mee sou wohlwollend wéis de mengs, ass leider keng Regierung op dëser Welt. Si spillen mat eiser Angscht virun Kriminalitéit / Terrorismus, fir sech selwer lues a lues emmer méi Muecht ze ginn. An dat ass deen eenzegen Grond, firwat iwwerall Kameraen hänken an Telekommunikatioun iwwerwaacht an ofgespäichert gett.

    Et deet mer leed, mee dat do klengt mir zevill no Paranoia an Verschwörunstheorie. Och wann ech der an gewëssen Punkten Recht ginn. A wanns de par conter giffs soen, dass d’Politiker nemmen Marionetten vun der groussen Industrie sinn, déi eng Konsum-Diktatur wëllen opbauen, dann kéint ech villäicht domadder ok sinn ;) Awer die aktuell Politiker, hei oder an Däitschland, als Möchtegern-Diktatoren dohinner ze stellen ass an mengen Aan iwwerdriwwen.

  18. tom:

    >En Beispill: Du telefonéiers mat engem Kolleg hei am Land. Direkt gett gekuckt mat weem deen schons an deenen läschte Méint telefonéiert huet. Soe mer deen hätt een Kolleg, deen an Italien studéiert. Hien scheckt deem eng SMS. Den Kolleg hällt sech oft mat engem aaneren italieneschen Staatsbierger op, deem säin Papp schafft fir eng Firma, déi Léit aus dem Pakistan oder Iran astellt. Pakistan -> Terroristencamps -> also bast DU en potentiellen Terrorist. Da gett gekuckt, wou basst de zum Beispill fir d’läscht higeflunn. Alles waats du am Fliiger ess oder drenks (genee esou ewéi däin Behuelen) gett notéiert. Du drenks keen Alkohol u Board an ess och keen Flesch => du bass ganz geféierlech!!!! Du bass en Moslem! A Moslem heescht jo scheinbar emmer Terrorist! An dat kann dann all Policist kucken goen…

    Souwäit ech et verstaan hunn, geht et an Däitschland em d’Speicheren vun den Donnéen fir 6 Méint an net em eng aktiv, real-time Iwwerwaachung wéis du se do beschriwwen hues. Dat schengen mir awer 2 ganz verschidden Saachen ze sinn. Och wann et net e Riesensprong vun deem engen op dat anert ass, mee lossen mer lo mol iwwert dat schwätzen wat lo ass, an net wat nach alles irgendwéi eng Kéier kéint sinn.

    >Des Weideren kanns de net soen, dass d’Ausbildung vun den Policisten ze déier giff ginn, mengs de net, dass d’Installatioun vun den Kamera’en PLUS Léit, déi hannerten den Bildschirmer setzen, ze forméieren an ze bezuelen ewuel -op mannst- genee esou déier ass!!

    Keng Ahnung. Ech sinn jo fir méi Flic’en, wann déi d’Kamera’en iwwerflësseg man. Mee ech wetten 24 Stonnen Flic’en sinn méi déier wéi 24 Stonnen Kamera.

    >An den System vum Kontrollstaat huet jo schons feelgeschloen. Stechwuert RAF! An momentan ass et eben am gaangen zu London feelzeschloen. Well Scotland Yard huet bis elo nach emmer KENG “richteg” Biller vun deenen Léit, déi Jugendlech embruecht hun! Also firwaat ob eppes setzen waat feelschléit ?!?!?

    Sot je een eng Kamera giff all Problem léisen? Et ass awer och erwiesen, dass se en effet verschiddener léisst. An wann et just ass fir de Paak vun enger Plaaz op eng aner ze verdréiwen. Idealerweis misst d’Gesellschaft natiirlech kucken fir keen asozialt, kriminellt Paak entstoen ze loossen. Mee dat ass jo och net grad einfach.

    >Wann den Bierger sech net dogéint wiert, ginn ech eiser Societät nach maximal 10 Joër bis dass mer esou eppes kennen soen. Respektiv bis dass ech et ka soen, well ech well a wäert mech net enger kompletter Gehierwäsch ennerzéien, déi déi verschiddenen Politiker jo elo schons mam Bierger maachen!!!

    Ok: Dier repräsentéiert deen een Extrem, den Staat dann zum Deel deen aneren. Dann ‘kämpft’ een géint deen aneren. Ech hoffen wéi emmer dann op de gëllenen Mëttelwee als Resultat ;)

    Ass dat latzeg oder feig? Villäicht, mee ech sinn keng 20 méi an Revoluzzer. Ech kämpfen réischt, wann ech mech wirklech bedroht fillen. Ass et dann ze spéit? Villäicht. Mee dann muss een dann weider kucken.

  19. Ah jo, déi Kamera’en, déi mëch perséinlech mat am meeschten giffen stéieren wieren fix Radaren an Kamera’en op der Autobunn an aneren Stroossen, wou et ridicule ass fir EMMER mat engem Limit ze fueren ;)

    Sou, lo reegt iech gudd iwwert meng Biedermeieregkeet op :)

  20. dePapp

    zu Letzebuerg get et déi Telekommunikationsiwwerwachung – wou den Thierry an sengem 1. Post schreiwt – dach och…

    http://www.cnpd.lu/fr/dossiers/communication_electronique/index.html

  21. jaybee

    Vun haut un sin 40 Iwerwachungskameraen aktiv, vun denen den Här Frieden gemengt huet si gengen op kee Fall de Problem leisen, mee en awer op manst verlageren. Dofir wahrscheinlech,sollen se dann och demnaechst op 100 ausgeweit ginn. Dann hu mer de Problem erem verlagert an eng weider ursach fir nei Kameraen. Da si mer geschwenn am engleschen system ukomm.
    An dei fix Radaren a Kameraen op der Autobunn komme jo och.Weess elo net op se scho gestemmt sinn, mee vill geschwat doriwer hun se awer schon.

  22. Hunn dat hei grad am Zesummenhang mat deem däitschen Gesetz gelies: “Ermittlungsbehörden und Geheimdienste dürfen auf diese Daten dann zumeist erst mit richterlicher Erlaubnis zugreifen und daraus ein Nutzerprofil generieren.”

    1. Dat heescht jo dann wuel, dass net all Pächert oder Flic mol einfach sou kann kucken goen, ween wou telefonéiert an surft?
    2. Dat Wierdchen ‘zumeist’ misst mei genau erklärt ginn ;)

  23. […] dëse Sujet zum Deel ganz kontrovers a lëtzebuerger Blogs diskutéiert gëtt weist, dass et duerchaus derwäert ass, sech och […]

  24. Erstaunlech fannen ech och, dass dei mise en service vun de Kameraen an der Stad zaitglaich mat enger Aktiounswoch vum CREP zu Stroossbuerg oofgelaaf ass. De Collectif de réappropriation de l’Espace public weist hei op seng Activitéiten hin, a kruut och schon Medienecho.

    “Vers 17 heures les manifestants se sont rassemblés sous une dernière caméra pour former une chaîne en “bénissant” la vidéo-surveillance et la “sécurité bienfaitrice” avant de se cacher sous des parapluies pendant plusieurs minutes.”

    Zu Letzebuerg ass alt rem jidfereen d’accord. Mat 40 fänkt et dann un, an an 2 Joer gin et der a Frankraich schon 60.000.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *