Babyshambles

Kennt der se? Nee, ech och net. Bis elo hunn ech de Numm vun där Band emmer nemmen héiren oder gelies, wann den Pete Doherty erem Sträit mat senger magersüchteger Frendin (Ex-Frendin… whatever) hat, oder sech erem eng Sprëtz zevill gesat hat (wat natirlech nemmen kann bedeiten, dass déi Band sou onheemlech gudd Musék mécht, dass een dat scho guer net méi brauch z’erwähnen). Beim Thorben hunn ech elo misste feststellen, dass et esou eng Band tatsächlech gett, an si kommen souguer op Lëtzebuerg an den Atelier (ech sinn mer nach net sécher, op dat no “Air” elo eng Steigerung ass oder net). 33€ kascht dee Spaass. Souvill Geld kann dach kee Mensch op deser Welt zevill hunn.

Mee beim Kichelchersmonster ass d’Stëmmung jo och net allze optimistesch, dass den Pete Doherty bis de Januar iwwerhaapt nach liewt. Géing mech jiddefalls och net wonneren.

Mäi Numm ass Thierry, dat waren d’Prominews fir 2007, an domatter zeréck bei déi méi wichteg Affairen op de Kierchbierg.

Published on

in

Comments

  1. Haha, genial. Wann ech eierlech sinn, hun ech nach keen Lidd vun den Babyshambles heiren, an sinn och reicht bei den EMA’s (dei ech mer zum deel aus Langweil ugekuckt haat) gewuer ginn, dass daat dem Pete Doherty seng Band wier. Naja, heen ass bekannt fier seng Crack-Aktiounen, an mei och net. Dei 33 Euro spueren ech mer awer secher.

  2. Ech kennen se :D Hier Musek as net däer schlechster eng fannen ech perséinlech zwar. Gin se trotzdem net kucken ;)

  3. Ech hunn mer elo mol op MySpace e Lidd vun hinnen ugelauschtert. Kléngt fir mech net anescht wéi dausend aner Bands déi d’Muséksindustrie an d’Welt späizt. Hier Texter allerdéngs sinn selten dämlech. Kuck! Ech kann reimen!

    And what a nice day for a murder
    You call yourself a killer but the only thing that you’re killing is your time
    There’s nothing absurder
    A bird is just a burden
    To your heart your soul your body spirit and mind

    Bleiwen ech léiwer bei menger skandinavescher Musék…

  4. Ech hun hier CD! An ech sin stolz drop, se kaaft ze hun, iert den Pete dann lo den Heldendoud stirwt. Mee den ass einfach eng Dekade ze speit op Drogen komm, an den 90er hätt en deck ofgeraumt ;-)
    An ech iwerleen effektiv, mir eng Akkrediatioun unzefroen. Oder en Interview? Angscht a Schrecken mam Pete wier secher immens interessant! (En huet anscheiend eng Keiher bei engem Bild-Schreiberling am Auto Crack gefemmt)

    Et muss endlech en de Sproch “an domadder zereck an d’Rue de la Boucherie” anfeiren. :-P

  5. Dat gett keen Heldendoud. Wann dee stierwt schwätzt an zwou Woche kee Mensch méi vun em.

    Dann hätt ech awer net kennen op Erotikbiller verlinken an dat ganzt Ganzt nach méi an d’Lächerlecht zéien. ;)

  6. Dann eben net. Daat waar och sou een Kaaf, vun dem en net wees, ob en en gudd oder schlecht soll fannen. Ech hun d’CD net digitaliséiert, waat jo schon mol irgendeppes heescht. Aanersaits hun ech verschidden Lidder net schlecht fonnt (?)

    Stemmt. (Wéi, daat sin Erotikbiller? wouwouwou?) :)

  7. Hehe. Jo kann sinn. Ech hunn just dat eent gelauschtert dunn hat ech d’Flemm. :)

    Wanns de op “méi wichteg Affairen” klicks kenns de op d’RTL Säit vu Models Uncovered, déi lëtzebuergesch Enwert op FHM. ;)

  8. Ech waar demols nach jonk. :-P

    Okay, lo wees ech och endlech, wiesou RTL.lu anscheinend den letz. Site Nummer 1 ass. ;-)

  9. Also ech fannen d’Babyshambles gutt.

    Mee d’Libertines waren na besser.

  10. Leti

    Ech stëmmen dem Chris zou.
    AN ech gin se kucken.
    AN ech hun hier CD.
    Kaaf.

  11. Ass net schlemm. Du bass jo nach kleng, ech verzeihen der dat. :P

  12. Deen duerchgeknallten Droooogi kritt keen Cent vun mir.

  13. Leti

    Ech sin total duerchgeknallt an sin awer keen drogi… as daat net schlemm?! ;)

    an jo thierry.. waat wier e babyshambles gig ouni en terrorleti hum? :))

  14. Jo, ass et.

    E besse méi normal.

    :P

  15. Leti:

    Ech hunn jo och keen Problem mat Duerchgeknallt (a gewessen Limiten ;)) mee Droooogi ass net sou cool an dat wat deen Ochs opféiert schon guer net.

  16. Leti, soll ech dech mat op den Interview huelen wann ech en kreien (ech iwerleen mir eeschthaft, en unzefroen. Ech kann nemmen fir A&S léiren!)?

  17. Films de deen Interview? Dat muss ech gesinn. :D

  18. Leti

    grommel:
    drogi as op allefall net cool, do gin ech der och rescht :)

    fireball:
    mengs de daat wier eng gutt idee? :P (jo soss hess de jo kaum gefrot…) mee ech wees net op déi su op interview aus sin :)

    thierry:
    lol

  19. Natirlech mengen ech, daat daat eng gudd Idee ass. Ok, ech wees daat ech et wahrscheinlech bereien wärt, wann ech dem Pete dobai nokucken, wéi en Crack femmt, mee bon, daat ass erem en Punkt fir op meng “Ech hun schon alles gesin!”-Lescht. ;-)

    Thierry: wann, dann mat engem Handy vum Comissaire Balzer.

  20. Haha ech liesen grad… Dee packt et nimols bis de Januar nach um Liewen ze sinn… Maach der net zevill Hoffnungen op deen Interview. :)

  21. Oh méi… ech well awer en Interview mat dem Mellen. An ech well en just iwert Drogen froen, guer naischt iwer Musek.

  22. Iwregens hun ech main Review eremfonnt (ech hun, aus engem aaneren Grond, no “Drogen” gesicht…:
    http://www.joeladami.net/2005/12/28/musical-voyage/

  23. Leti

    Freck deen aarmen Iesel léiert et einfach net, mee en deet mer leed. Wéi schlecht muss ët em engem stoen wann een sech selwer esou op den Tipp geheit… hmz

  24. Leti – ech wetten elo geint dech. Du gees HIEN net kucken.
    Wann hien kennt an obmannst 45 Sekonnen ob der Bühn steht gett et e Patt fir dech oder e Kinoticket.
    Par conter: Wann hien am Flieger hänken bleift oder – mei wahrscheinlech – bis dohinner doud ass, dierf ech an de Kino.
    Deal?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *