… ass portugiesesch an och d’Miss Portugal Lëtzebuerg.
Dat soll lo net rassistesch sinn, mee ech fannen dat iergendwéi traureg. Hunn mer keng schéi lëtzebuergesch Meedecher?
… ass portugiesesch an och d’Miss Portugal Lëtzebuerg.
Dat soll lo net rassistesch sinn, mee ech fannen dat iergendwéi traureg. Hunn mer keng schéi lëtzebuergesch Meedecher?
Tags
wee wielt soueppes? a wou kann een t’sau kucken? a firwat bass u rassist?
Keng Ahnung. Ech wees net, ech hat grad den RTL am Hannergrond lafen (Gott sierf menger Séil gnädeg) well mäi Verstand eng Paus gebraucht huet an do soten se dat. Well ech gären eng Lëtzebuergerin als Miss Benelux Lëtzebuerg (wat en Titel…!) hätt, dat do ass iergendwéi louche.
Maaaaaaaandy!
Ech hat gefrot ob mer “keng schéi lëtzebuergesch Meedecher” hunn. ;)
Wat ass eng Miss Benelux Letzebuerg??
WTF happened to Miss Letzebuerg? Oder ass dat eigentlech eng Wäinkinnigin? Die jo och emmer EXTREM flott sinn!!! ;)
ps. D’Mandy ass dach schéin. Wann et de Mond net op deet, an duebeler Hinsicht.
Et goufen iergendwéi elo Waalen fir d’Miss Benelux, an do goufen et dann och nach sou Ennergruppen fir all Land, eng Miss Benelux Lëtzebuerg, Miss Benelux Belsch, Miss Benelux Niederlanden (dat den RTL “iwweraschenderweis” als Holland bezeechent huet). Fro mech net wat de Sënn dovunner ass…
Hey nix géint Wäinkinneginnen. Där kennen ech eng. :P Woubäi allgemeng hm jo… eigentlech hues de Recht. :)
Wahrscheinlech ginn et Leit déi et schéi fannen. Et ass jiddefalls guer net mäin Typ. :)
“Wahrscheinlech ginn et Leit déi et schéi fannen. Et ass jiddefalls guer net mäin Typ. :)”
Esou ass et wahrscheinlech och mat der Miss Benelux Lëtzebuerg. An iwerhaat mat allen Missen. Mir ass daat eigentlech egal, bzw. ech haalen et am allgemengen just em weider Werbung fir Magersucht.
Ech géing souguer bal drop wetten. Ech mengen ech hunn nach ni eng schéi “Miss” gesinn… Wéi wier et mat enger “Miss Blog”? Et muss jo net selwer bloggen, just halt Blogger an der Jury. Hm… Ach herrje. :D
Ech kemmeren mech och net em Misswalen. Wéi gesot dat do war lo halt einfach domm gaangen. An et geet mer jo och net em d’Misswalen un sech, mee em déi komësch Situatioun eng Miss Portugal als Miss Lëtzebuerg ze hunn.
Ech kann déi Missen sou wéi de Fireball am Fong och ganz gutt missen. Jo, et misst een emol … ;)
rofl
Thierry, d’Niederlanden dierfen och zënter enger Zäitchen och offiziell als “Holland” bezeechent gin. Déi haaten do sou e Gesetz gestëmmt, ech mengen, dat war 2005.
Schengt wéi wann jidereen dierft eng Miss Wahl organiséieren?
Miss Letzebuerg
Miss Benelux Letzebuerg
Miss Portugal Letzebuerg
etc. Einfach nemmen lächerlech.
ech kennen dMiss Portugal Letzebuerg.
An d’Rieslingkinnigin ass méi flott wei d’wainkinnigin. wat soll dat?
Ech sin fir eng Miss-Blogosphär-Luxembourg-Wahl.
Folgend Kandidaten proposeiren ech:
Mech.
Als Gewenner proposeiren ech:
Mech.
Maaaaaaaaaaaaaaandy!
‘t ass gudd Chris. Hei ass däi Maaaaaaaaaandy. :)
Leave a Reply