To provide the best experiences, we use technologies like cookies to store and/or access device information. Consenting to these technologies will allow us to process data such as browsing behavior or unique IDs on this site. Not consenting or withdrawing consent, may adversely affect certain features and functions.
The technical storage or access is strictly necessary for the legitimate purpose of enabling the use of a specific service explicitly requested by the subscriber or user, or for the sole purpose of carrying out the transmission of a communication over an electronic communications network.
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.
The technical storage or access that is used exclusively for anonymous statistical purposes. Without a subpoena, voluntary compliance on the part of your Internet Service Provider, or additional records from a third party, information stored or retrieved for this purpose alone cannot usually be used to identify you.
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.
net op nexte summer ;-) op nexte chreschtdag ;-D
Hehe :)
Hehe, merci! :) Mee ech mengen den Video sprengt dain Layout?
merci! :)
d’iddi fir video mat engem diaporama ze combinéieren an dann nach dee richtege soundtrack dobäizesetzen gefält mer. ech wënschen dir e schéint a produktivt trimester a wales … a vergiess de lëtzebuerger (pod)kascht net ;)
@ Fireball:
dass de Video de Layout sprengt hunn ech lo och gemierkt, awer nëmmen ënner Windows
bei mier um mac sprengt en et zwa och … leit wuel eischter um browser … hei mozilla
ou, stëmmt effektiv. hat dat ganzt ufanks guer net mat kritt well ech meng feeds ëmmer am safari kucken an do gesäit dem thierry säi blog ëmmer perfekt aus.
Boah wat ech Firefox HAASSEN!
hues du net zoufällegerweis och de camino installéiert? géif mech interesséieren ob deen och e problem domat huet.
Mir kennt näischt vu Mozilla op mäin Harddisk. :) Ausser vläit Penelope, mee deen gett jo och net wierkech vu Mozilla entwéckelt, mee vun den ehemolege Leit vu Qualcomm.
De Serge huet de Camino awer mengen ech?
Hun de Camino um Powerbook ^^
merci sou geseit dat fill mei clean aus ;)
Paperlapapp. Firefox an Thunderbird sind ganz gudd Programmer. Benotzen déi suwuel enner Windows wéi Mac.
Huet den Safari Plug-ins, Tabs, etc? Well zumools déi man den Firefox onverzichtbar fir mech. Allerdengs ass mer opgefall dass den FF en effet en Problem huet fir verschiddenen embedded Flash direkt richteg duer ze stellen … mee domadder kann ech liewen.
An beim Mail huet mech och irgendeppes gestéiert resp. gefehlt. Villäicht wei en multiple Accounts handelt oder sou, wees et net méi …
Jo, de Safari huet Tabs (natirlech mat Hinanhierrécklen, Tabs aus verschiddene Fensteren an eng Fenster zesummesetzen, e puer Tabs mateneen bookmarken etc.). Jo, de Safari huet natirlech och Plugins. En huet souguer eng integréiert Funktioun déi sech “Right-Click Flash” nennt, mat där een all déi lästesch Flash Animatiounen stoppe kann, wat nawell relativ praktesch ass. An fir mech perséinlech wierklech am onverzichtbarsten – an dat huet de Firefox nunmol net an dofir wert ech en och ni benotzen – een integréierten Feedreader (Jo, en huet dat komescht Live Bookmarking, mee dat ass kee richtege Feedreader, an ech well weder meng Feeds iwwer iergendee webbaséierte Service lafe loossen deen dat dann och nach alles dierf iwwert mech ofspäicheren, weder well ech een extra Programm dofir opmaachen dee mer absolut onnéideg Ressourcen frësst a mech nemme nervös mécht well ech muss tëscht Programmer hinanhierwiesslen. Souguer den IE7 huet een integréierte Feedreader…). Ausserdeem lued de Safari entgéint all deene komesche Gerüchter d’Säiten um Mac méi séier wéi de Firefox. Bonus: de Safari huet en vill méi propere GUI wéi déi Firefox, an dat ganz ouni dass ech mer nach muss e Skin, oder wéi och emmer et bei FF heescht, installéiren. Kann sinn dass FF dat och huet, mee jiddferfalls fannen ech dat beim Safari och onverzichtbar: wanns de eppes an een Textfeld tipps an du mess den Tab / d’Fënster zou, kriss de firdéischt eng Warnmeldung. An du kanns een Textfeld, ganz normal wéi bei enger Fënster, vergréisseren wann et der ze kleng ass. An de Safari ennerstetzt CSS3, wat verdammt cool ass.
De Mail benotzen ech och net. Ech hunn den Eudora, een Iwwerbleibsel aus der OS9 Zäit, an der Erwaardung, dass déi final Versioun vu Penelope rauskennt (bei Mailprogrammer sinn ech net sou begeeschtert fir eng Beta z’installéiren). Den Eudora ennerstetzt multipel Accounts op alle Fall perfekt, an ech hunn vill Emailadressen. :)