Spam
Published on
in
Comments
-
Wéi laang waars de amgaangen?
-
Jeses, wat Sachen… Ech Tunnelen meng sëlleg Adressen all duerch Gmail, deenen hiere Filter ass zimlech performant!
-
Sorry, mä ech kommen do net no. Wéi eng App ass dat (et schéngt jo net den Apple Mail ze sinn)?
-
E bessen iwer 2 Stonnen.
Ech well näischt mat Google ze dinn hun. Ech sin dach net bescheuert an iwwerloosen deenen souvill Daten iwwer mech. ;)
Dat ass am Eudora. 7080 Emailen sinn nach erofzelueden, an 382 Emailen huet e schon als Spam geläscht (deleted). Apple Mail hat ech mol eng Zäitchen, mee deen ass mer zimlech séier op de Geescht gaangen. Also benotzen ech elo Eudora bis Penelope mat enger stabiler Versioun kennt (ee Mix aus Eudora an Thunderbird).
-
Eudora kennen ech aus ferne Classic-Zäiten. Ënner Mac OS X hat ech mol eng Zäit den T-Bird benotzt, dee mir perséinlech eigentlech schonn zevill Méiglechkeete bidd. Dofir war de Mail herno awer mäin 1. Choix. Leider ass en net sou kompatibel mat verschidde Windows-Mail-Clients wéi den T-Bird (notamment wat d’Zeechesätz ubelaangt). Ech kucke mer da mol dee Penelope do un, huet jo mol schonn e flotten Numm :)
-
Ech och, dofir sin ech och fir den OS X erem beim Eudora geland. ;) Penelope ass leider nach am éischten Entwécklungsstadium, dofir hunn ech momentan nach den Eudora. Si rechnen domatter, dass am Hierscht eng éischt stabil Versioun fir End-User färdeg ass. Wanns de dech wells op d’Beta Versioun aloossen kriss de en awer schon hei bei Mozilla rofzelueden. :)
Thunderbird huet mech ni wierkelch iwwerzeegt, mee ech si souwisou kee grousse Fan vu Mozilla (Penelope gett integral vun de Leit entwéckelt déi firdrunner bei Qualcomm geschafft hun, dofir sin ech fir Penelope). Iergendwéi gefaale mer déi Programmer vu Mozilla net, et feelt mer emmer u Funktiounen un déi ech mech gewinnt hun an anere Programmer an déi ech net well opgin, an hier GUIs fannen ech net extra… -
Merci fir de Link, ech waarde mol nach. Sinn am Fong zefridde mam Apple Mail fir de Privatgebrauch.
Wat Mozilla-GUI ubelaangt, ginn ech der recht. Mäi Firefox leeft dofir och net mam Standard-Theme, mä mam GrApple ;)
Leave a Reply