De Pa huet sech schon domatter ameséiert, an de Chris och. Well ech grad keng besser ze din hun (Déjà-vu…), hun ech dat Ganzt dann och eemol probéiert. Bei verschidde Lidder war ech souguer iwwerascht, dass ech déi iwwerhaapt am iTunes hun. :D
Opening credits: Freak of the world vun Puddle of Mudd
Phänomenal! :D
Waking up: Ready Or Not vun The Submarines
Wat ee gäilt Lidd fir z’erwechen…
First day of school: Into Action vum Tim Armstrong
Passt… sou iergendwéi.
Falling in love: All Star vun Smashmouth
Hmpf… Hätt elo wierklech kéinnten een anert Lidd sin.
First love song: Kanon und Gigue in D-Dur vum Johann Pachelbel
Tschëfft. Ausgerechent Klassik. Dat ass scho bal zevill Klischee.
Breaking up: Why Say Anything Nice vun Barenaked Ladies
Haha.
Prom: No Promises vum James Marsters
lol dat versprécht jo eng intressant Prom ze gin…
Mental Breakdown: Bastard vun Kain
Genial.
Driving: Blue Moon vum Dean Martin
Jo, firwat net.
Flashback: In The Past vun Above & Beyond
Mega. Gett jo sou richteg epesch fir de Flashback.
Getting back together: Easier To Be vun Lifehouse
Passt nawell vill besser wéi dat beim Verléiwen.
Wedding: The Way You Look Tonight vum Frank Sinatra
Huet nawell ee gewesse Charme dat Lidd, an et passt souguer.
Birth of Child: Teddy Bear vum John Stamos, Bob Saget, Dave Collier
Dat ass gruseleg. Dat passt jo wéi d’Fauscht op d’Aan?!
Final Battle: Cells vun The Servant
Schued, hätt mer ee méi aggressivt Lidd gewenscht. Dee Kampf gett wuel net wierklech spektakulär.
Funeral song: I Left You vun Sophia
Kéinnt ech mer souguer wierklech bei enger Begriefnisszen virstellen.
End Credits: Andvari vun Sigur Rós
Top!
Leave a Reply