Wéi laang deen elo schon hei ronderem louch ouni dass ech mech iwwerwonnen krut en mer endlech unzekucken wees ech net, mee et ass vollbruecht. Wierklech héich waren meng Erwaardungen un de Film net, weder den Jim Carrey nach d’Kate Winslet zielen zu menge Favoriten an d’Synopsis huet mech och net wierklech emgeworf. Zwee Leit déi d’Erennerung uneen läschen loossen an sech trotzdeem erem aneneen verléiwen. Dat kléngt verdammt kitscheg. Dass et dat net ass, konnt ech mer schon denken wéi de Chris et virun e puer Méint als säi Lieblingsfilm déklaréiert huet (mäin Androck ass jiddefalls, dass de Chris Ahnung vu Filmer huet), also hunn ech mer de Film dann awer emol eragezunn.
Fänke mer mat deene Saachen un, déi mer gefall hun:
– De Film ass net chronologesch. E fänkt kuerz firum Schluss un, geet dann an d’Mëtt vun der Geschicht, weist dann duerch dem Joel seng Erennerungen den Ufank an spréngt dann erem op den Schluss zeréck. Mir gefaale Filmer déi dem Zuschauer net déi ganz Handlung virknaen, mee wou ee muss iwwerleen wou ee grad an der Geschicht drun ass.
– Den Jim Carrey huet säi Charakter glaawwürdeg eriwwerbruecht. Den Joel war mer vun der éischter Szen un sympathesch: de mysteriéisen, inspiréirende Charakter iwwer deen een well méi wessen.
– D’Erennerungen sinn herrlech opgebaut, an et ass traureg matzerliewen wéi den Joel verzweifelt probéiert iergendeng Erennerung un d’Bezéiung ze retten.
– Kamera, Schnëtt a Cinematographie sin exzellent.
– D’Dialoger si staark.
– D’Art a Weisen wéi duergestallt gett, dass eng Erennerung geläscht gett ass genial.
– Déi Szen am chinesesche Restaurant mam Voice-Over vum Joel ass absolut immens.
Dann déi Saachen déi mer manner gefall hun:
– D’Clementine nervt relativ séier, et ass direkt beleidegt an huet sou eng blöd ech-well-dat-also-kréien-ech-dat-soss-bass-du-een-Idiot-an-ech-haassen-dech Astellung (z.B. déi Szen wou hatt dem Joel seet et wéillt ee Kand).
– Ech hätt e Film iwwer dem Kirsten Dunst säi Charakter méi intressant fonnt. Oder zumindest hätt e kéinnte méi ausgebaut gin, well en déi eigentlech intressant Fro stellt: wat geschidd, wann just ee vun deenen zwee Verléiwten sech d’Erennerung läsche léisst? Wat geschidd, wann déi Persoun dat erausfennt? Jo, dat gett an engem kuerzen Nierwestrang kuerz ofgehandelt. Jo, et gett och gewisen wéi den Jim Carrey an d’Kate Winselt reagéiren wann se erausfannen, dass se schon eng Kéier zesummewaren. Mee de Schluss ass mer zevill rosa Sonnenbrille und heile Welt. Si maachen also bei der zweeter Kéier alles richteg, ouni sech drun z’erenneren wat se bei der éischter Kéier falsch gemaach hun? Sorry, mee dat ass mer dann awer e bessen zevill irreal. Ursprünglech war et geduecht, dass déi zwee sech während den End Credits emmer erem géingen d’Erennerung uneneen läsche loossen, hätt ech méi realistesch fonnt.
– D’Logik vum Film huet mech irritéiert: wann den Carrey matkritt, wat ronderem hien geschidd während seng Erennerunge geläscht gin, wisou enstin dann keng nei Vernetzungen an d’Bezéiung gett net geläscht? Well soen, wann hien matkritt dass iergendee Kärel Ennerwäsch vu senger Frendin klaut, wisou kann en sech dono net drun erenneren, sou eng Frendin gehat ze hun, well déi Erennerung un d’Ennerwäsch gett net geläscht (si war während dem Mapping nach net existent, gett also net als relevant Erennerung während dem Läschen erkannt a bleiwt bestoen). Ech wees, ech denken zevill no. Mee sou Saachen irritéiren mech.
– Wisou kann den Joel sech trotz allem nach drun erenneren, dass en deen Zuch soll huelen?
– Wouhier wees d’Clementine, dass hatt soll do sin?
– De Film e puer Joër an d’Zukunft ze versetzen wier gudd gewiecht, well sou keeft een et net wierklech of, dass engem seng Erennerungen kennen punktgenau geläscht gin.
De Chris haasst mech elo bestemmt, mee: et ass alles an allem ee gudde Film, awer a mengen Aan leider kee Meeschterwierk. Gesin hunn soll een en trotzdeem.
Les goûts et les couleurs ne se discutent pas. Ech hu prinzipiell näicht géint Leit, just well se net méng Meenungen deelen.
Zum Schluss: Et dierft der opgefall sinn, dass d’Schlussszen (Joel a Clementine am Schnéi) e Loop ass, ergo ass et net wierklech heile Welt, well et nach ëmmer undeit, dass se ëmmer an ëmmer rem un dee Punkt zréckkommen. Et léisst de Schluss just méi oppen am A vum Betruechter, wat ech vill besser fannen wéi den originale Schluss.
En plus ass de Schlussdialog net eng Szen déi soe soll, dass se et bei der zweeter Kéier richteg maache wäerten, mee vill méi weist se, dass se sech op d’Léift alosse wëllen, egal wat dobäi rauskënnt.
Zu déngem Problem mam Clementine: dass den Joel dir gefale géif ass kloer, en ähnelt dir jo a gewësser Weis (nodenklech, kreativ etc.). Mee dass d’Clementine der mëssfällt iwwerrascht mech. Hatt ass e Mënsch dee vun Emotiounen an äusseren Aflëss erdréckt gëtt an dofir extrem extrovertéiert agéiert, keng kloer Gedanke faasst, mee mat momentanen Intentiounen einfach sou ausbrëcht. Dofir ass hatt och mäi léifste Personnage, well et extrem zerbriechlech ass (d’Geschicht vu sénger Popp), mee iergendwéi wëll viru kommen, géint d’Monotonie kämpfen (verschidden Hoerfaarwen) a virun allem: liewen. Dofir ass et rücksichtslos an impulsiv. Hat ass e “fucked up girl” wéi et seet, an huet awer eppes Magesches u sech. Et wier kee Mënsch mat dem ech liewe wéilt, mee iergendwéi bewonneren ech hatt als Figur, wéinst séngem Elan, deen et behält, obwuel et um Buedem ass.
Zum Kirsten Dunst: éischtens sinn ech mol frou, dass du net sees, dass d’Kiki dech genervt huet, wéi vill Leit soen. Ech fannen et genial. Zweetens kann et gutt sinn, dass e Film iwwert dem Mary Svevo séng Geschicht interessant gewiescht wier, mee méng perséinlech Meenung ass, dass séng Geschicht duerch déi iwwerraschend Elementer, déi um Schluss zur Wendung féieren, genug developpéiert get.
Zu der Fro wouhir se wëssen, dass se sollen op Montauk goen: se wëssen et net, se wësse jo net, wat se do erwaart. D’Clementine fiert genee sou impulsiv dohin, wéi et den Dag virdrun impulsiv mam Patrick op den Hudson fiert. Hatt huet séng Unhaltspunkten, op déi et zréckkënnt. Beim Joel ass et méi komplizéiert: hee weess net firwat en et gemaach huet, seet e jo zum Ufank. Ech interpretéiren et sou, dass heen sech dee Moment nom Läschprozess extrem eidel fillt an dofir zu der läschter Plaz ugezu fillt, déi a sénger nach existenter Erënnerung existéiert: Montauk. En plus kreéiren se jo eng nei Erënnerung, en Abschied, wéi d’Clementine seet, deen zwar geläscht gëtt, mee firwat dat a sénger Erënnerung nohale kéint erklären ech der gläich.
Zu der Logik vum Film: Ech kann däi Problem novollzéien, och wann ech am Dram net op de Gedanke komm wier. Mee kuck et mol sou: den Joel schléift, séng Juegd em d’Erënnerung und Clementine ass also näicht anescht wéi en Dram. Du kenns et sécher och, dass de moies wakreg gëss, weess dass de eppes gedreemt hues, mee dech un näicht wierklech erënnere kanns. Dramsequenze ginn an deem Sënn net noutwendegerweis als Erënnerunge gespäichert. Wann eppes hänke bleift, da meeschtens just a klenge Fetzen. An deem Sënn wier et da méiglech, dass d’Iddi “Montauk” hänke bliwwen ass, an en dowéinst dohinner zréckgeet. Vu dass séng Opmierksamkeet sech net op déi Fetzen fokuséire kann (firwat sollt se och? alles wat bleift si vague Iwwerreschter) erënnert en sech also net u séng Frëndinn, mee kann impulsiv säin Ënnerbewosstsinn ëmsetzen, dat heescht op Montauk fueren.
Vläicht kanns de méng Iwwerleeungen jo deelen, an dann de Film nach besser fannen. Alles an allem muss een awer bedenken, dass et Sci-Fi ass. Net alles kann also logesch sinn, Feeler schläichen sech noutgedrongen iergendwou an.
Sou, lo ass et awer och genug des Gudden, an ech halen op mat Schreiwen. :)
Dat war och ganz harmlos gemengt. :)
Jo, rationell verstin ech däin Argument mam Schluss. Mee iergendwéi war ech awer onzefridden domatter… Ech fannen et huet eng gewesse Fatalitéit wann een sech op eppes aléisst wou een eigentlech dach scho wees, dass et schief wert goen.
Dass den Joel mer ähnelt verstin ech als Kompliment. Merci :) Ech mengen ech hun d’Clementine ganz bewosst ofgelehnt (onysmpathesch ass et mer eigentlech eréischt gin wéi ech mer all déi Szenen erausgepickt hun wou sou “zickeg” réagéiert). Vläit muss ech em nach eng zweet Chance gin fir deem Charakter wierklech Rechnung ze droen.
D’Mary huet mech schon eleng dowéinst net genervt well et d’Kirsten Dunst ass. :) Wahrscheinlech wier ee Film eleng iwwer säi Personnage ee Feelschlag gewiecht, vläit awer och net. Jo, et gett trotz dem relative klengen Handlungsstrang zimlech dévelopéiert, an trotzdeem fannen ech, dass ee nach hätt kéinnte méi draus maachen. Zum Beispill seng Bezéiung zum Stan (huet e sou geheescht? dem Mark Ruffalo säi Personnage) an seng Ofleenung zum Patrick. Wisou impressionéiert et de Stan gären mat Zitater déi et eigentlech fir den Dokter geléiert huet, wou et dach misst wessen dass dem Stan dat relativ egal ass? Hun ech dat ennerwee verpasst, oder gett guer net erklärt firwat et de Patrick net leiden kann? Soit, ech fannen et hätt méi Potenzial an deem Charakter gestach wéi ausgeschöpft gouf. :)
Hm… Okay ech gin zou dat ass eng verdammt gudd Erklärung.
Effektiv kann ech deng Iwwerleeungen novollzéien. Ech wert mer de Film sécher nach eng zweete Kéier ukucken, vläit muss ech mech e bessen drun winnen ier ech en kann appréciéiren.
Merci fir de Kommentar. :)
Kee Problem fir de Kommentar, ech wëll der jo hëllefen de Film méi z’appréciéiren. ;)
Zum Mary: et muech sinn, dass séng Bezéiung zum Stan méi developpéiert kéint ginn, mee domadder géif een de Fokus vum Film verréckelen a wëlle mer wierklech nach sou e Film mat iwwerschneidenden Handlungen? Dat ass jo meeschtens ganz impressionant, mee “Eternal Sunshine” ass sou scho konfus genuch. (Ech kennen eng ganz Rei Leit, déi en net verstan hunn!)
Vläicht wëll et séng Zitater um Stan jo testen, wee weess? Du mierks jo, dass et de Besoin huet intelligent ze wierken, ergo kéint ee soen, et wël sech net blaméiren virum Mierzwiak a wëll d’Resonanz vu séngen Zitater fir d’éischt préiwen.
A muss wierklech erklärt ginn firwat et de Paaaaatrick…baby net ausstoe kann? Wann een dee Kärel kuckt, läit et dach op der Hand, oder? :)
Ass et dann net schon herrlech, dass engem déi Personnagen nom Schluss vum Film nach sou am Geescht remschwirren, an een net vun hinne loosse kann?
Stemmt och alt erem. Hehe, ech hu konfus Filmer gären. :D
Gudd méiglech. De Paaaatrick ass vläit mierf, mee de Stan ass och net souvill méi normal. :)
Dach, ass et. Ech hoffen ech fannen demnächst Zäit e nach eng Kéier ze kucken.