Ech hu gëschter de Joël an de bloGeescht am realen Liewen dierften kennenléiren. Ech muss soen et ass nawell ganz intressant a sympatesch Bloggerkolleegen emol eng Kéier “an echt” ze erliewen.
De Joël war mettes schon beim Joël (Sidd der schon duercheneen? Ech nennen dee vun elo uns einfachshalber Fireball.) a mir an der Sendung an huet e bessen iwwert säi Blog a seng éischt Schrëtt an der Podcastszen erzielt. Deen Interview gett et wann der hei ennendrenner op de Play dréckt.
[audio:http://www.thesoundofseagulls.com/audio/interview_mam_joel.mp3]No engem Kaffi am Art Scène (endlech emol erem eng Kéier do…) an engem Iessen (den Giorgio’s heescht zwar zanter enger Zäitchen Onesto mee en ass nach emmer gudd) waren de Fireball, de Gloda, de bloGeescht an ech dann op de Pubquiz am Pyg, wouzu et jo een Opruff virun e puer Deeg gouf. Des Kéier gouf et souguer eng phänomenal 9. Plaz, woumatter mer gudd Mëttelfeld waren.
De Gloda an de bloGeescht beim Iwwerleen watfir ee Lidd do grad hannerzëch gespillt gett.
De bloGeescht an de Fireball.
Leave a Reply