Nodeems d’Radio Gurus (also de Joël, d’A., an ech) leschte Méindeg eng fantastesch leschte Plaz beim Pubquiz am Tube kruten, an d’A. de nächste Méindeg leider net kann dobäi sin, ee klengen Opruff: huet ee Loscht, de Joël a mech e Méindeg op dee nächste Pubquiz ennerstetzen ze kommen? Iergendwann eng Kéier mussen mer jo ee klenge Bloggertreffen zustaane kréien, an hei wier eng flott Méiglechkeet och nach vill Spaass dobäi ze hun, resp. souguer eppes bäizeléiren (hätt dir gewosst, wat deen eenzegen amerikanesche Staat mat enger Silb ass, wéi dat zweet Buch aus der Bibel heescht, oder wéi den Auto aus Dukes of Hazard heescht?).
Wien net wees, wat ee Pubquiz ass: et mellt een sech als Team ennert iergendengem Numm un. Et bezillt een e puer Euro (leschte Kéier waren et 4€). Et gett een eng Joker Kategorie un (all Fro déi een herno an där Kategorie richteg beenwert, gett duebel Punkten). Éischt Ronn: Froen an e puer Kategorien, z.B. Geo, Naturwëssenschaft, Film, Literatur. D’Enwerten schreiwt een op ee Blaat a gett dat dann of. Paus, richteg Enwerten, Zwëschestand wou déi eenzel Teams stin. Zweet Ronn. Nei Froen, aner Kategorien. Wien um Enn gewennt kritt d’Geld dat am Ufank gesammelt gouf. Wien verléiert, “dierf” ekelhaft Shots drénken.
Wien kennt mat?
Leave a Reply