Endlech, endlech hun ech en eng Kéier live gesin. Geniale Kënschtler.
(Jo, ech wees, Qualitéit ass net extra. Souvill gett mäi Fotoapparat awer nunmol net als Videokamera hier. :))
Endlech, endlech hun ech en eng Kéier live gesin. Geniale Kënschtler.
(Jo, ech wees, Qualitéit ass net extra. Souvill gett mäi Fotoapparat awer nunmol net als Videokamera hier. :))
Tags
Ah, ech sin sou domm! Ech hat natiirlech mäi Program doheem vergiess and dunn de Cafe net erem fonnt wou hien gespillt huet, hun en leider nach emmer op Live Concert’en verpasst. Hien ass wirklech genial, merci fir de Video!
Wow. Ech hun schon vill vun him heiren, an och schon mat senger Musek Jingeln gebastelt, mee en leider nach nie live gesin.
Se nennen en “der Cellist des Grauens”, an ech mengen daat ass awer absolut positiv gemengt.
Verreckt.
Ech hat scho mol d’Éier, d’Cello Loops live ze erliewen, an zwar war dat eng Kéier e 7. Februar an der Kulturfabrik zu Esch. Leider feelt op mengem Ticket d’Joereszuel (wéi och op enger Partie aner Entrées-Ticketen, ech froe mech heiansdo wéi eng Leit sou eppes drécke loossen…).
Ech wier en och gären d’lescht Joer an d’Abtei Neimünster kucke gaangen, mä doraus war leider näischt ginn.
Ech hunn och déi CD vun him, déi hie fir de Mouvement Ecologique opgeholl huet, wat sëcherlech kee schlechten Disque ass. Dem Mergenthaler seng Loops sinn awer live vu kenger Opnahm ze iwwertreffen, vun dohier kann ech dem Charel an dem Joël nëmme roden, op deen nächste Concert ze laueren. :)
Jo déi CD ass wirklech gudd, ech hun se och doheem leien a paaken se all gudde Mount eemol aus fir mech berieselen ze loossen… Hie spillt jo lo des Woch nach eng Keier am Neumünster, mee natiirlech sin ch och do nees net zu Letz
ech wo an der abtei kucken wou en gespillt haat, dat wor jo wou se bei eng rutsch diaen musek gemach hun ?
leider ass no enger zeit den zesummehang tescht musek an optik verluer gang mee d musek ass cool :)
Leave a Reply