Awron
Ech hat mer dat alles sou schéi firgestallt, wéi ech dee Post hei géing schreiwen. Doriwwer wat ech an de leschte Joëren iwwert mech selwer geléiert hun. Firdéischte Kéier wierklech just fir mech bloggen, a mer keng Gedanken maachen, wat iergendeen dovun hält. Ech schreiwen elo zwar och nemmen fir mech selwer, mee ‘t ass awer iergendwéi anescht. Well d’Emstänn sech geännert hun. Erstens kommt alles anders, ne.
D’leschten Dennschdeg hun ech dat Meedchen gesin an dat ech verléiwt sin. Et ass mat engem Typ duerch d’Duerf getreppelt. Wat dee Moment alles a mengem Kapp ofgelaaf ass wees ech net méi, ‘t war awer näischt schéines dobäi. Firun e puer Deeg dunn jiddefalls sin ech moies erwescht an hat op beemol ee ganz anert Meedchen firun Aan. Dat huet mech déi lescht Deeg zimlech duercheneen gemach, well ech fir d’Frecken net verstaanen hun firwat. Mettlerweil mengen ech et ze wessen: ech hun dat Meedchen gären (als Frendin) a well mäi Verstand / Ennerbewosstsäin / Déngens dat anert net verschafft krut huet et probéiert et iergendwéi ze emgoen. De Freud huet sou eppes Verschiebung genannt, mengen ech.
Jiddefalls…
Ech hu mer an de leschte Wochen a Méint wou ech et net gesin hun (aus dem offensichtleche Grond, dass ech net am Land war) emmer erem ageriedt, ech géing nemmen un enger Erennerung hänken, ech wier nemmen an d’Gefill selwer verléiwt (stemmt och deelweis, nenn ee mer e bessert Gefill wéi déi berühmt-berüchtegt Pimpamplen am Bauch), oder eng beliebeg Variant dovunner. Verdammt awer och. Ech mengen d’lescht Woch huet sech mer nemmen de Moo emgedréit, do den Ennerscheed ze machen tescht verléiwt, geschockt, traureg asw ass net méiglech.
Haut, Donneschdeg, dann: ech hu Feierowend, kommen aus dem Büro eraus. Freen mech schon, dass mäi Papp net do steet op mech ze waarden fir mech mat heem ze huelen. Iergendwéi wousst ech, dass eppes an der Loft léich. Kaum sin ech honnert Meter gaangen, scho kennt mäi Papp do gefuer. Nondikass. Alt an den Auto geklommen. Zwou Minute méi spéit kommen mer an déi Strooss wou d’Meedchen wunnt. Mer fueren just an d’Strooss eran…
Ech hat mer firgeholl, wann et iergendwann eng Kéier sollt op de Bus treppelen während ech géing lanscht fueren, géing ech, ganz egal wien dee Moment um Steier séiz, déi Persoun zum Stoebleiwen zwengen, erausklammen, an op de Busarrêt laafen. Vollkommen egal wouhinner ech eigentlech ennerwee war. Lo, endlech, kennt déi Situatioun. An ech war ze iwwerascht fir iergendeppes ze soen. Pimpamplen. Do sin se. An, tschö, si sin elo nach emmer do während ech dat heiten tippen. Ech trauen mech emol net opzestoen, well ech souguer am Sëtze spieren, dass meng Been keng Kraaft hun.
Vill méi louche war awer, dass hatt an den Auto gekuckt huet, a mech fixéiert huet bis mer laanscht waren. Dat muss et sou offensichtlech gemach hun, dass mäi Papp et souguer gemierkt huet. Deen huet dunn souguer nach eng Kéier an de Spigel gekuckt an probéiert z’erkennen, wien dat war.
An op eemol. Déi Sekonn wou mer lanscht waren, huet sech alles geännert. Eng Woch laang hun ech mech ugestrengt net un et ze denken, mer anzerieden dass dat dach alles kee Wert hätt. Mee et ass wéi eng Drog. Ech setze souguer no méintelaangem Cold Turkey direkt erem bei der éischter Geleegenheet d’Spretz un.
Wou sin ech elo? Um Punkt wou ech mer soen: schäiss op deen Typ, schäiss op se alleguer. Verdammt nach emol dat Meedchen bedeit mer no Joëren nach emmer déi ganz Welt. Ech fannen et nach emmer wonnerschéin. Ech vergläichen nach emmer direkt all anert Meedchen mat him, an hatt gewennt all Kéiers. Ech hu mech elo wochelang gesträubt eppes z’ennerhuelen, well ech am Oktober erem fort sin, an hatt dann och. Mee eigentlech ass dat dach dee beschte Moment. Wann et net geet, kennen mer allenzwee an en anert Liewen verschwannen.
Ech gin also tatsächlech zu där Art Mensch, deen anere Leit d’Frendin auspaant. A wesst der wat: ech hu mol kee schlecht Gewessen.
(Awron ass wallisesch fir “elo”. Et gett “auronn” ausgeschwat.)