Skip to content

Les jeunes mélancholiques

Op Propose vum Serge hin hun ech mer elo eng Domain fir déi jonk Melancholiker registréiert: lesjeunesmelancholiques.org. Net well ech dat elo direkt geplangt hat, mee well déi Domain elo op enger Websäit steet an et net méi laang daueren dierft, bis ee Bot se fennt an lesjeunesmelancholiquesallstars.com a sämtlech Variatiounen dovunner registréiren géif. Also léiwer mol séier eng original Säit registréieren. Kascht jo näischt nemme 14€.
Momentan ass nach net vill drop, kennt awer. D’Domain ass grad eréischt fräigeschalt, funktionéiert also eventuell nach net iwwerall (dauert bis zu 48 Stonnen ier d’DNS Serveren all geupdate sin).

37 thoughts on “Les jeunes mélancholiques”

  1. ech wollt grad daat nämlecht wéi de Chris schreiwen, well ech duecht ech kéint kee franzéisch méi well ech “mélancolique” emmer ouni h geschriwen hun.. hum :)
    mee soss as et nawell eng ganz schnëtteg idee

  2. AAAAAARGH! War effektiv der Meenung kritt een “h”. :S Kritt et och. Am engleschen, am däitschen, am latäin. Blöd Fransousen. Gottseidank huet se näischt kascht. Dann heescht et elo eben: “nemmen echt mat Tippfeeler”.

  3. nemmen echt mat tippfeeler ech hat gemengt dat wier schon bei naischtnotz :P ? mais ech verzeien der ech hett et och falsch gemach .. ausser am frz ass et jo an all sprooch mat ch :P

  4. Deen “t” bei naischtnotz war de Gilles. Dofir hat ech mech deemols och deeglaang opgereegt, dass d’Domain nach emmer net géing goen, bis hien sot ech hätt jo een “t” vergiess. Souwisou gleewt kee Mensch mer, dass naischtnotz eigentlech misst naischnotz sin (“quatsch, dat kennt dach vun Nichtsnutz”). Also keen Tippfeeler. Original Grammaire. ;D

  5. Lo och lesjeunesmelancoliques.org An ier een sech opreegt, do géing een Accent feelen: dat ass nach emmer kee Standard, just eng europäesch Aktioun, dofir kennt do och keen drop. ;)

  6. Serge: geff em keng 7. Geff em da 4,6.
    Thierry: Du kriss déi nächsten Keier 4 Euro an 60 Cent vun mir oder Gedrenks an dem Wert spendéiert.
    Accents stenken. Ausser den ^, den ass flott!

  7. Ech fannen dat net sou schlem, brengt e bessen letzebuergeschen Charme (get et soueppes?) mat an d’Spill. Vill Gleck mat dem Projet

  8. Ech fannen deen Numm an d’Domain gutt gewielt – soulaang dat amerikanescht “allstars” net nach iergendwou ugehaange gëtt.

    Ech si gespaant wat draus gëtt a wënschen iech vill Inspiratioun. :)

  9. d’wa meng idee lo wellt rem jiddereen fier mech bezuelen :P.

    @blogeescht ech ging mol unhuelen do brauchs de der weineg gedanken ze maan :P soss hu mer schon dei eischt kreativ dissonancen :D

  10. Wahnsinn, lo streiden meng Lieser schon fir mir dierfen Geld ze gin. Dat ass wuel den Zäitpunkt wou ech sollt ee PayPal Donate Button an d’Sidebar setzen. :D

    Wéi “emo”?! Wells de provozéiren? :P D’Emoen sin déi Louchien déi emmer schwaarz ugedoen sin a “géint déi déi ganz Welt ass”. Dat huet mat Melancholie net vill ze din, dat ass just blöd. ;) Vun eis huet jo och keen ee Probleem domatter, gudd drop ze sin. An ech woen emol ze behaapten, eis Texter wieren och méi usprochsvoll wéi dee Quatsch vun Emobands. ;)

  11. ^^ lo gett hei rem stereotypeiert, ech fannen duerchaus dass ech emo sin; dh jo net dass ech alles maan wat an definitioun fun emo ragequetscht gett, ech gesi mech awer als mei emo wei bspw punk.
    wee well sech mat mer duelleieren ?

  12. p.s. weini hun ech eigentlech fier d’lescht fier de server bezuelt ? *rätsel mach wierklech mol en paypal oder scheck mer deng kontosnummer mol nach eng keier

  13. Dann sin ech de Punk. :D Mee am Eescht, wanns du Emo wells sin, muss de awer nach ferm un dengem Make-Up schaffen, a laaf net emmer direkt bei de Coiffeur wann deng Hoër déi richteg Längt kréien. Do gehéiert Gel dran an dann gin se iwwert een Aan gezunn. Dann emmer de Kapp an de Buedem haalen an den T-Shirt vun denger Lieblings Emoband undoen, zerrappten Jeans an dann just nach permanent jéimeren, dass déi ganz Welt dech haasst. ;) Ajo, an haal op Metal ze lauschteren. An deng Anlag gehéiert just Fall Out Boy an sou Szenen, well déi si richteg cool. Emo ass wéi Fubu. Just schwaarz ugedoen an amplaz déi aner ze stressen, fillen si sech permanent gestresst. A “Fubu ist”, fir ee Prof ze zitéiren, “keine Kultur”.
    Langer Rege kurzer Sinn: Emo sin ass een eenzege Klischee. An sorry, du pass absolut net an dee Klischee. ;P

    Hm… Haas de lo am Februar / März bezuelt?

  14. entschellegt op wikipedia gett et och eng emo charakterbeschreiwung an dei passt relativ gutt, dass dat an der museksszeen sou roofkomm ass dofier kann ech net :P.
    lo am märz bestemmt mol net keint héchstens sin dass nach eppes iwreg wa fun der mohebo spend dei jo schlussendlech keng war ^^ hat gehofft du weisst et

  15. Bon, wanns de dech dann sou wells nennen. Als Auteur ass dat zwar net dat wats de wells, teen angst ass dee schlechste (well banal a voller Klischeen) Stil deen et gett. ;)

    Bof, och egal. Ech stierwen net un deenen puer Euro. ;) Bezweiflen zwar dass et lescht Joër eng Spend gouf, mir hu jo mol ni ugefaangen serieux driwwer ze schwätzen iwwerhaapt eng MHB ze maachen.

  16. o_O as dat schon 2 joer hier ?
    da wier et zwa mol besser mier ginge schwetzen well dei ass dann lo awer oofgelaaf.
    ech well mech och als auteur net sou nennen :P you miss the point. ass egal :) ass net wichteg

  17. Ech fannen et egalwéi scho lamentabel, wann een sech eng Bezeechnung muss operleen, fir säi Charakter ze beschreiwen. Emo, Fubu, etc. ass bullshit. Sief wéi s de bass, mee probéier net dech enger Grupp unzeschléissen, déi aus Mënsche besteet, mat deenen s de näicht um Hutt hues. Just well s de en emotionale Mënsch bass (huelen un dass de vun do op de Begrëff Emo kënns) bedeit dach net, dass de der selwer e Stereotyp opleen muss. Dofir verteidegen ech den Thierry lo mol, well en effektiv recht huet beim Begrëff ze stereotypéiren, well et numol näicht anescht ass.

    Iwwregens get et tëscht Emo a Fubu en Ënnerscheed. Emos ginn sech deen Numm selwer, Fubus kréin en, traditionell gesinn, vun anere Leit operluecht.

  18. wat ech wollt soen :

    ech fannen et bl??d wann sou begreffer “messbraucht” gin emo kennt jo fun emotional an ech fannen dat ass weder spezifesch fier hoer nach kleeder nach en musiksstil deen sech selwer sou nennt weis de jo richteg sees. ech passen mech och net iergendenger grupp un, ech beansprochen eng beschreiwung mat engem wuert wat menger meenung no passt, an wat eben leider gottes momentan perverteiert ass well et gekapert gin ass fier eppes ganz spezifesches ze beschreiwen.
    mee daat ass mier sou lang wei breed :)
    ech fannen et och net lamentabel wann een probeiert sein charakter ze beschreiwen, ech wees gär wou ech mat mier selwer drun sin; bon wann ech dann lo en wuert benotzen an mer et sou ausleen wei et mier an mei krom passt ass dat fleit effektif net öffentlechkeetstauglech :)

    dofier let it rest, ech weert net an mein cv schreiwen ech sin emo an ech weert och net mech iergendwelchen gesellschaftsbiller ennerwerfen

  19. Thierry: Kanns du mir usernumm/pw fir eis myspace-sait zoukommen lossen, ech hun loscht bessi ze layouten an hun och schon eng relativ gudd idee fir den hannergrond. gin allerdengs och keng wonnerwierker, dofir sin ech net gudd genuch am myspace-hacken ;)

    emo: Et ass nunmol en Numm fir eng Subkultur, déi sech freier mol duerch Musek (EMOtional hardcore bzw. speider “emocore”) an haut duerch Converse, komesch Frisuren, H&M-Kleeder mat Straifen, Punkten an Stärercher defineiert. Ech fannen daat deelweis visuell interessant, mee am Moment hellt et effektiv iwerhand fir eben daat nach (laang) ze sin.
    Den Grondproblem huet den Thierry an sengem Manifest ungeschwaat: die Leit konsuméiren hier “Trauregkeet”. An do lait mengen ech den Haaptennerscheed.
    An iwerhaat: Ettiketen sind was für Flaschen.

    Pff, wann den Serge Emo an den Thierry Punk ass, waat sin ech dann? En Autonomen? Oh nee…

  20. net öffentlechkeetstauglech

    Genau dat ass de Probleem. Dat ass wéi déi schéi Geschicht vun deem Mann deen säi Stull Dësch nennt, säin Dësch Spiggel, säi Spiggel Dier etc. Ee Wuert ergett emmer nemmen eréischt an engem (soziale) Kontext Sënn. Wanns du dech “emo” nenns, bedeit an eiser Gesellschaft automatesch all déi Saachen, déi ech firdrunner opgezielt hun. ‘t freet keen, wéis du dee Begrëff an dengem Kapp interpretéiers, well automatesch direkt eng ganz Rei (an desem Fall negativ) Assoziatiounen gemaach gin. A pass op: Dat englescht Wuert “emotional” heescht an desem Fall emol guer net dat selwescht wéi dat lëtzebuergescht “emotional” oder “gefillvoll”, mee – wéi een op gudd lëtzebuergesch seet – “piepeg”. An ech woen mol ze behaapten, dass de net piepeg bass. Vun dohier passt “emo” weder vun der Astellung, nach vu soss iergendeppes. ;)
    De Chris sot jo och net, wann ech kuerz dierf meng Interpretatioun ofgin, dass een de Charakter net soll définéiren, mee dass ee net soll op Stereotypen zeréckgräifen fir en ze beschreiwen. Dat ass lamentabel wann een Klischeen vun enger bestemmter Subkultur brauch fir ze wessen wien een ass, amplaz dass een sech selwer définéiert. ;)

  21. ^^ mier schecken der en agent provocateur lanscht joel :P

    tass gutt ech hun et verstaan ech sin eben net emo ech sin eben hrm :D dier wellt leiwer net wessen wat ech sin :D an lo well ech dei kontosnummer

  22. “De Chris sot jo och net, wann ech kuerz dierf meng Interpretatioun ofgin, dass een de Charakter net soll définéiren, mee dass ee net soll op Stereotypen zeréckgräifen fir en ze beschreiwen. Dat ass lamentabel wann een Klischeen vun enger bestemmter Subkultur brauch fir ze wessen wien een ass, amplaz dass een sech selwer définéiert. ;)”

    Bingo.

    An hues du 57 duerch 2 gedeelt fir op 23,50 ze kommen?

  23. alt gutt dass ech mei iwerwisen hun :P

    tass gutt ech hun et verstan sin haut net ganz op der heischt och mental begruewt dei emo geschicht iergendwou

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *