No méintelaangem Kniwwelen (dir erennert iech un déi puer kuerz Ausschnetter aus engem “Magnum Opus”?) a rem läschen hun ech elo endlech een halbwegs originelle Plot (well soen ech fannen kee Roman deen genau dat schon erzielt) fir mäi Buch a sennvoll Nimm fir meng Personnagen (gleewt et oder net, mee ass guer net sou evident der ze fannen déi Sënn maachen).
De virleefegen Titel ass dann elo och net méi Magnum Opus, mee Medhira. Dat ass iwwregens Sanskrit an heescht souvill wéi “Verstoen vum kosmeschen Uerder”. An der Geschicht ass dat den Numm vun enger (wichteger) Plaz. Nee, keng Panik, ech kann elo net och nach Sanskrit. Medhira ass zwar och sou eng komësch Firma huet mer Google verroden, mee dat intresséiert mech am Moment séier wéineg.
Fir sou déi Haaptaflëss scho mol kuerz ze nennen: Ragnarøk meets Zarathustra meets Chrëschtentum meets Werner Heisenberg meets H.G. Wells meets John Stuart Mill meets Ernst Bloch meets Jewgenij Iwanowitsch Samjatin meets… Sou ganz hun ech selwer nach net alles op der Rei wou ech d’Ideen all hierhun.
Schreiwen doen ech dat ganzt momentan komescherweis op däitsch. Zumindest de Prolog ass emol op däitsch. Firwat wees ech net, ech hat mol eng Kéier mat Englesch ugefaangen, mee iergendwann sin ech op däitsch emgestiegen. Wat iergendwéi scho nerveg ass well ech elo deelweis muss no Wierder am däitsche sichen déi et do guer net gin – “beautific” klengt einfach besser wéi “erschreckend schön”. Vläit well ech awer och just einfach, dass déi Leit déi ech kennen et alleguerten verstin wann ech et dann eemol sollt veröffentlechen.
Nee, ech wees net op ech dat och jemols als Buch färdeg kréien, ob ech dat jemols veröffentlechen, ob ech iwwerhaapt genuch Material hu fir ee Buch ze fëllen. Mäin Draam ass awer ee Buch ze schreiwen, an falls dat sollt klappen well ech zumindest festhaalen, dass ech haut fir d’éischte Kéier a mengem Liewen ee Plot färdeg entwéckelt hun deen zumindest genuch Potenzial huet fir sech eventuell zu engem ganze Roman z’entwécklen. Sou gesin ass deen hei Post wuel haaptsächlech fir mech selwer. Dir dierft iech awer trotzdeem mat mer freen. :)
Leave a Reply