D’USA sin dat am 96. friddlechst Land op der Welt, domatter sin se nach sou just firum Iran gelandt (97), a net wierklech wäit firum Irak (121). D’Neandertaler bréngen dem Homo erectus gären d’Zivilisatioun. Majo dann. Irland (4) iwwerascht mech éierlech gesot, d’Schwäiz (14) hätt ech méi wäit fir erwaard.
Déi skandinavesch Länner sin all an der Top 10 a Lëtzebuerg daucht natirlech guer net an der Lëscht op (kee Wonner, hei gett alles ennert den Teppech gekiert, wou soll do ee Mënsch u serieux Daten fir eng Statistik kommen).
Gudd Musék, friddvoll Gesellschaft, intressant Sprooch, wéineg Sonn. Ech sin d’Valisse paaken. :)
wier awer flott dei kriterien fun der studie ze wessen. geseit jo bessen aus wei wanns de nemmen breichst ze kucken wou se sech rezent op d schness geschlo hun fier kennen dei statistik nozefollzeien. bzw zielen se militärausgaben och dozou, wou ech bspw awer ging soen deitschland mecht maat deenen suen awer relatif fill richtung friddlech missiounen sou dass ech dat als critere awer onberechtegt fannen.
24 verschidde Kriterien fannen ech zwar schon anstänneg. Si hu jo och zum Beispill gekuckt, wéi d’Relatiounen zu de Nopeschlänner sin, an do brauch ee wuel kee Genie ze sin fir ze mierken, dass d’USA do katastrofal ofschneiden. Great Wall of Mexico *cough* ;) Vun deene 730 Milliarden US Dollar déi Amerika an d’Militär stécht sin der net wierklech vill fir “Fridden”, vun dohier fannen ech de Kritère net grad onberechtegt. Do ass jo och nach de Kritère op se ee Krich féiren, vun dohier weit dat sech bei Däitschland wuel erem e bessen ob.
Hei:
Oder och nach hei:
hihi great wall of mexico .. :D
jo ok :)
T’kann een et och “Fence of Mexico” nennen. Perséinlech Preferenz. :) Ech mengen et ass souwisou béides. Eng Mauer mat pikkegem Droot…